[1] D’Pharisäer a munch Léiermeeschtere vum Gesetz, déi vu Jerusalem komm waren, hu sech bei him versammelt.
[2] Wéi si gesinn hunn, datt en etlech vu senge Jénger Brout mat onhellegen (dat heescht ongewäschen) Hänn giess hunn, hu si et hinne virgeworf.
[3] (D’Pharisäer an alleguer d’Judden iessen nämlech net, éier si hir Hänn op eng bestëmmte Manéier gewäsch hunn, well si d’Traditioun vun den Eelsten anhalen.
[4] Wa si vun der Maartplaz kommen, iesse si net, éier si mam ganze Kierper ënnert d’Waasser duerchgaange sinn, fir sech ze rengegen. Si hunn och nach vill aner Traditiounen iwwerholl, déi si och anhalen, esou wéi d’Rengegung vu Becheren, Kréi, Geschir aus Koffer a Polsteren.)
[5] Doropshi froten d’Pharisäer an d’Léiermeeschtere vum Gesetz hien: „Firwat halen deng Jénger sech net un d’Traditioune vun den Eelsten, mee iesse Brout mat ongewäschen Hänn?“
[6] De Jesus huet hinne geäntwert: „De Yesaia huet richteg iwwert iech Heuchler prophezeit, esou wéi et geschriwwe steet: ‚Dëst Vollek éiert mech mat senge Lëpsen, mee säin Häerz ass wäit vu mir ewech.
[7] Ëmsoss biede si mech un a si enseignéieren als Léier Geboter vu Mënschen.‘ (Yesaia 29,13)
[8] Dir mëssuecht d’Gebot vu Gott an haalt iech un den Traditioune vun de Mënsche fest, wéi der Rengegung vu Kréi a Becheren, esou wéi och u vill aner ähnlech Saachen, déi dir maacht.“
[9] Weider sot hien zu hinnen: „Wat eng Leeschtung! Dir hutt d’Geboter vu Gott verworf, fir är eegen Traditioune kënnen anzehalen.
[10] De Moses seet nämlech: ‚Éier däi Papp an deng Mamm‘, (2. Moses 20,12; 5. Moses 5,16) an: ‚Wie säi Papp oder seng Mamm verflucht, muss ganz gewëss stierwen.‘ (2. Moses 21,17; 3. Moses 20,9)
[11] Dir sot awer: ‚Wann e Mann zu sengem Papp oder zu senger Mamm seet: „Dat, wat s du vu mir zegutt häss, ass Korban (en Affer fir Gott)“‘,
[12] dann erméiglechs du him et net méi, eppes fir säi Papp oder seng Mamm ze maachen.
[13] Esou annuléiert dir d’Wuert vu Gott duerch är Traditioun, déi dir iwwerliwwert hutt. An dir maacht nach vill Ähnleches.“
[14] De Jesus huet déi vill Leit all bei sech geruff a sot zu hinnen: „Lauschtert mir all no a verstitt dat hei:
[15] Et gëtt näischt, wat vu baussen an de Mënsch erakënnt, wat hien onreng maache kann, mee dat, wat aus him erauskënnt, mécht hien onreng.
[16] Wien Oueren huet, fir ze lauschteren, soll nolauschteren!“
[17] Nodeems de Jesus vun der Onmass Leit fort an an en Haus eragaange war, hu seng Jénger hien iwwert dat Gläichnes ausgefrot.
[18] „Hutt dir dat wierklech net bekäppt?“, frot hie si. „Verstitt dir dann net, datt alles, wat vu baussen an e Mënsch erageet, hien net onreng maache kann?
[19] Et geet jo net a säin Häerz eran, mee a säi Bauch a gëtt duerno op natierlechem Wee ausgescheet. Esou gëtt all Iesse gerengegt.
[20] Dat, wat aus engem Mënsch erauskënnt, mécht hien onreng,
[21] well vu bannen eraus, aus dem Häerz vum Mënsch, komme béis Gedanken, fir d’Bestietnes ze briechen, andeems ee friemgeet, onerlaabte Sex ze hunn, ze ermorden,
[22] ze klauen, rangsteg, béis an hannerlëschteg ze sinn, ausschwäifend ze liewen, knéckeg ze sinn, ze lästeren, iwwerhieflech an onverstänneg ze sinn.
[23] All dës béis Gedanke komme vu bannen eraus a maachen de Mënsch onreng.“
[24] De Jesus goung vun do fort an d’Géigend vun Tyr an Zidon. Do goung hien an en Haus eran a wollt net, datt een dovunner wéisst, mee hie konnt net verstoppt ginn.
[25] Eng Fra, déi eng Duechter mat engem onrenge Geescht hat, hat vun him héieren. Si koum bei hien an ass him virun d’Féiss gefall.
[26] D’Fra war keng Jüddin, mee gebierteg aus Syrophoenizien. Si huet hie gebieden, fir den Dämon aus hirer Duechter ze dreiwen.
[27] Mee de Jesus sot zu hir: „Looss fir d’éischt d’Kanner sat ginn, well et ass net gutt, de Kanner hiert Brout ewechzehuelen an et bei d’Mippercher ze geheien.“
[28] „Jo, Här, mee esouguer d’Mippercher ënnert dem Dësch iessen de Kanner hir Grimmelen“, huet si geäntwert.
[29] Du sot hien zu hir: „Well s du dat sos, kanns du heemgoen; den Dämon huet deng Duechter verlooss.“
[30] Wéi d’Fra heemkoum, huet si gesinn, datt den Dämon fort war an datt hir Duechter am Bett louch.
[31] De Jesus huet nees d’Géigend vun Tyr an Zidon verlooss a goung duerch d’Géigend vun der Dekapolis bis bei de Séi vu Galilea.
[32] Du gouf en Dafen, dee bal net schwätze konnt, bei hie bruecht a si hunn hien ugebiedelt, fir seng Hand op hien ze leeën.
[33] De Jesus huet den Dafen op d’Säit geholl, ewech vun de Leit, an huet seng Fangeren an dem Dafe seng Ouere gestach. Hien huet gespaut an dunn dem Dafe seng Zong beréiert.
[34] Dunn huet hien an den Himmel eropgekuckt, huet déif geotemt a sot zu him: „Effata!“ (wat esou vill heescht, wéi „Géi op!“).
[35] Eenzock ware seng Oueren op, seng Zong war fräi an hie konnt kloer schwätzen.
[36] Dunn huet de Jesus si opgefuerdert, kengem eppes dovunner ze soen. Mee wat hien et méi vun hinne gefuerdert huet, wat si et méi wäit a breet verkënnegt hunn.
[37] Si ware ganz verwonnert a soten: „Hien huet alles gutt gemaach. Hie mécht, datt déi Daf héieren an déi Stomm schwätze kënnen.“