[1] Et war zwee Deeg virum Passa an dem Fest vum Matzebrout. D’iewescht Priister an d’Léiermeeschtere vum Gesetz hu probéiert, de Jesus hannerlëschteg festzehuelen an ëmzebréngen.
[2] Si soten awer: „Net während dem Fest, net datt et zu enger Oprou ënnert dem Vollek kënnt.“
[3] Zu där Zäit war de Jesus zu Betanien beim Schimon, deen Aussaz gehat hat, doheem. Wéi hien zu Dësch louch, koum eng Fra mat enger Alabasterfläsch, déi mat ganz wäertvollem a purem Nardenessenz gefëllt war, bei hien. Si huet d’Fläsch gebrach an huet den Ueleg iwwert säi Kapp geschott.
[4] Munch vun hinne waren awer ausser sech a soten: „Firwat huet dës Essenz esou misse verbëtzt ginn?
[5] Et hätt een e fir méi wéi dräihonnert Denare verkafe kënnen an d’Suen un déi Aarm gespent ginn.“ Si hu si vernannt.
[6] „Loosst si gewäerden!“, sot de Jesus. „Firwat kränkt dir si? Si huet eng gutt Dot fir mech gemaach.
[7] Déi Aarm hutt dir ëmmer ëm iech an dir kënnt hinne jidder Zäit Guddes doen. Mech awer hutt dir net ëmmer bei iech.
[8] Si huet dat gemaach, wat hier méiglech war. Si huet mäi Kierper am Viraus fir d’Begriefnes gesalleft.
[9] Ech soen iech d’Wourecht! Iwwerall, wou op dëser Welt dës gutt Noriicht verkënnegt gëtt, gëtt och vun deem verzielt, wat dës Fra gemaach huet, als Erënnerung u si.“
[10] De Judas Ischkariot, ee vun den Zwielef, goung du bei d’iewescht Priister, fir de Jesus u si ze verroden.
[11] Wéi si dat héieren hunn, hu si sech gefreet an hunn him Sue versprach. Duerno huet hien no enger giedlecher Geleeënheet gesicht, fir hie kënnen ze verroden.
[12] Fir den éischten Dag vum Fest vum Matzebrout, wann d’Passalamm geaffert gëtt, hu seng Jénger hie gefrot: „Wou wëlls du, datt mir higinn, fir alles ze preparéieren, fir datt s du d’Passamoolzecht iesse kanns?“
[13] Dunn huet hien zwee vu senge Jénger virausgeschéckt a sot zu hinnen: „Gitt an d’Stad. Do kënnt iech e Mann, deen e Waasserkrou dréit, entgéint. Gitt him no.
[14] Do, wou hien erageet, sot zum Haushär: ‚De Léiermeeschter freet: „Wou ass de Raum, wou ech d’Passamoolzecht mat menge Jénger iesse kann?“‘
[15] Hie weist iech uewenop e grousse Sall, deen ageriicht ass a prett steet. Bereet do alles fir eis vir.“
[16] Du gounge seng Jénger vun do fort a koumen an d’Stad eran. Si hunn alles esou virfonnt, wéi hien hinnen et gesot hat, an hunn d’Passamoolzecht virbereet.
[17] Wéi et Owend war, koum hie mat den Zwielef no.
[18] Wéi si zu Dësch louchen a giess hunn, sot de Jesus zu hinnen: „Ech soen iech d’Wourecht: Ee vun iech, dee mat mir ësst, verréit mech.“
[19] Du goufe si traureg an hunn hien een nom anere gefrot: „Dach net ech?“ „Dach net ech?“, huet en anere gefrot.
[20] Hien huet hinne geäntwert: „Et ass ee vun iech Zwielef: deen, deen zesumme mat mir an d’Schossel zappt.
[21] De Jong vum Mënsch geet fort, geneesou wéi et iwwert hie geschriwwe steet, mee wéi schrecklech ass et fir dee Mënsch, duerch deen de Jong vum Mënsch verrode gëtt! Et wier besser fir hie gewiescht, wann hien ni gebuer gi wier.“
[22] Wéi si giess hunn, huet de Jesus Brout geholl, e Segen ausgeschwat an et gebrach. Hien huet hinnen et ginn a sot: „Huelt! Iesst! Dat hei ass mäi Läif.“
[23] Hien huet de Kellech geholl an nodeems hie Merci gesot hat, huet hien hinnen e ginn a si hunn all doraus gedronk.
[24] „Dat hei ass mäi Blutt, dat vum neie Bond, dat fir vill Leit ausgeschott gëtt“, sot hien zu hinnen.
[25] „Ech soen iech d’Wourecht! Ech drénken net méi vun de Friichte vum Riefstack bis deen Dag, op deem ech se nei am Kinnekräich vu Gott drénken.“
[26] Nodeems si Psalme gesongen haten, gounge si op den Olivebierg.
[27] Du sot de Jesus zu hinnen: „Dës Nuecht verloosst dir mech all. Et steet nämlech geschriwwen: ‚Ech schloen de Schéifer an d’Schof gi verspreet.‘ (Sacharia 13,7)
[28] Mee no menger Operstéiung ginn ech iech a Galilea viraus.“
[29] „Och wa jiddereen dech verléisst, maachen ech dat net!“, sot de Péitrus zu him.
[30] „Ech soen dir d’Wourecht!“, huet de Jesus geäntwert. „Haut, nach dës Nuecht, éier den Hunn zweemol kréit, verleegens du mech dräimol!“
[31] Mee de Péitrus huet sech drop behaapt: „A wann ech och mat dir stierwe misst, verleegnen ech dech net.“ An datselwecht hunn och all déi aner gesot.
[32] Du koume si op eng Plaz, déi Getsemani genannt gouf, an hie sot zu senge Jénger: „Setzt iech heihinner, bis ech gebiet hunn.“
[33] Hien huet de Péitrus, de Jacques an de Jean mat sech geholl a gouf zudéifst matgeholl a bedréckt
[34] a sot zu hinnen: „Meng Séil ass bis op den Doud mat Trauer iwwerwältegt. Bleift hei a waacht!“
[35] Hie goung e bësse méi wäit ewech, huet sech op de Buedem geworf a gebiet, datt, wann et méiglech wier, dës Stonn un him erlaanscht kéint goen.
[36] „Abba, Papp! Fir dech ass alles méiglech. Huel dëse Kellech vu mir ewech. Mee net dat, wat ech wëll, mee dat, wat s du wëlls.“
[37] Hie koum zeréck an huet si am Schlof virfonnt. Zum Péitrus sot hien: „Schimon, du schléifs jo! Konnts du net emol eng Stonn waachen?
[38] Waacht a biet, fir datt dir net a Versuchung gerot! De Geescht ass wëlleg, mee de Kierper ass schwaach.“
[39] Hie goung nees fort an huet mat deenen nämmlechte Wierder gebiet.
[40] Wéi hien hanneschtkoum, huet hie si nees am Schlof virfonnt, well si hir Aen net konnten ophalen. Si woussten net, wat si him äntwere sollten.
[41] Hie koum du fir d’drëtte Kéier a sot zu hinnen: „Schlooft a rascht herno! Et geet elo duer! D’Zäit ass komm. Passt op! Elo gëtt de Jong vum Mënsch an d’Hänn vun de Sënner ausgeliwwert.
[42] Stitt op a loosst eis goen! Kuckt, mäi Verréider ass nobäi!“
[43] Nach an deem Abléck, an deem de Jesus geschwat huet, koum de Judas, ee vun den Zwielef, bei hien. Et waren eng Abberzuel Leit bei him, déi Schwäerter a Knëppelen dobäi haten an déi vun den ieweschte Priister, de Léiermeeschtere vum Gesetz an den Eelste geschéckt goufen.
[44] Säi Verréider hat mat hinnen en Zeechen ofgemaach: „Deen, deem ech eng Bees ginn, ass deen, deen dir ergräife sollt. Féiert hie bewaacht of.“
[45] Knapps war de Judas ukomm, goung hien direkt op de Jesus duer a sot zu him: „Rabbi, Rabbi!“, an huet him eng Bees ginn.
[46] Si hunn Hand un hie geluecht an hie festgeholl.
[47] Ee vun deenen, déi dobäi stoungen, huet säi Schwäert erausgezunn, huet den Dénger vum Haaptpriister ugegraff an him d’Ouer erofgehaen.
[48] De Jesus sot zu hinnen: „Sidd dir géint mech ausgezunn, wéi wann ech e Brigang wier, fir mech mat Schwäerter a Knëppele festzehuelen?
[49] Ech war all Dag bei iech am Tempel, fir d’Leit ze léieren an dir hutt mech net festgeholl. Dat war awer, fir datt d’Schrëften an Erfëllung ginn.“
[50] Doropshin hu si hien all verlooss a si geflücht.
[51] E jonke Mann goung him no. Hien hat just e Kleed aus Léngent un a soss war hie plakeg. Wéi déi jonk Männer hien ergraff hunn,
[52] huet hien d’Léngekleed zeréckgelooss an ass plakeg fortgelaf.
[53] Si hunn de Jesus bei den Haaptpriister geféiert. Alleguer d’iewescht Priister, déi Eelst an d’Léiermeeschtere vum Gesetz ware bei him versammelt.
[54] De Péitrus goung him vu wäitem no bis an den Haff vum Haaptpriister. Hien huet sech bei d’Tempelwiechter gesat a sech beim Feier gewiermt.
[55] D’iewescht Priister an de ganze Sanhedrin hunn no Zeienaussoe géint de Jesus gesicht, fir him d’Doudesstrof kënnen unzehänken. Si hunn awer keng fonnt.
[56] Et hunn der zwar vill falsch géint hien ausgesot, mee hir Aussoen hunn net iwwertenee gestëmmt.
[57] Munch Leit sinn opgestanen an hu falsch géint hien ausgesot:
[58] „Mir hunn hie héiere soen: ‚Ech zerstéieren dësen Tempel, dee vu Mënschenhand gebaut gouf, a bannent dräi Deeg riichten ech en aneren op, deen net vu Mënschenhand gemaach gouf.‘“
[59] Mee och doranner hunn hir Aussoen net iwwertenee gestëmmt.
[60] Dunn ass den Haaptpriister opgestanen, ass an hir Mëtt getrueden an huet de Jesus verhéiert: „Hues du näischt dozou ze soen? Wat ass mat deem, wat dës Männer géint dech bezeien?“
[61] Mee hien ass roueg bliwwen an huet net geäntwert. Den Haaptpriister huet hie weider verhéiert: „Bass du de Messias, de Jong vum Héichgelueften?“
[62] „Ech sinn et“, sot de Jesus. „Enges Daags gesitt dir de Jong vum Mënsch zur Rietser vun der Muecht sëtzen a mat de Wolleke vum Himmel kommen.“
[63] Doropshin huet den Haaptpriister seng Tunique zerrappt a sot: „Firwat brauche mir do nach Zeien?
[64] Dir hutt seng Gotteslästerung héieren! Wat mengt dir?“ Dunn hu si hien all zur Doudesstrof veruerteelt.
[65] Verschidde Leit hunn ugefaangen, op hien ze späizen, hu säi Gesiicht verdeckt an hien zerschloen. Si soten: „Dajee, prophezei!“ D’Tempelwiechter hunn him eng gehaen.
[66] An der Tëschenzäit war de Péitrus ënnen am Haff an eng vun de Meed vum Haaptpriister koum dohin.
[67] Wéi hatt de Péitrus gesinn huet, deen am Gaang war, sech ze wiermen, huet hatt hien ugekuckt a gesot: „Du waars dach och beim Jesus vun Nazaret ënnerwee.“
[68] Mee hien huet et geleegent: „Ech weess net a verstinn och net, vu wat s du schwätz!“ Du goung hien an de Virhaff an en Hunn huet gekréit.
[69] D’Mod huet hien nees gesinn an huet ugefaangen zu deenen, déi och do stoungen, ze soen: „Dat hei ass ee vun hinnen!“
[70] Mee hien huet et nees geleegent. E bëssche méi spéit soten déi, déi beim Péitrus stoungen: „Kloer bass du ee vun deenen, well du bass e Galileeër. Du hues deeselwechten Accent.“
[71] Mee hien huet ugefaangen, sech ze verfluchen an huet geschwuer: „Ech kennen dee Mann net, vun deem dir schwätzt!“
[72] Dunn huet den Hunn eng zweete Kéier gekréit. De Péitrus huet sech un dat erënnert, wat de Jesus zu him gesot hat: „Éier den Hunn zweemol kréit, verleegens du mech dräimol.“ Wéi hie sech dorunner erënnert huet, huet hie gekrasch.