Skip to content
Opens in a new window

[1] De Jesus huet nees ugefaangen, a Gläichnesser mat hinnen ze schwätzen: „E Mann huet e Wéngert ugeluecht an huet en Zonk ronderëm gezunn. Hien huet och e Lach fir d’Muelbidde gegruewen an en Tuerm gebaut. Dunn huet hien de Wéngert u Wënzer verpacht a goung an d’Ausland.

[2] Wéi et d’Zäit vun der Lies war, huet hien en Dénger bei d’Wënzer geschéckt, fir en Deel vun de Friichte vum Wéngert vun de Wënzer ze kréien.

[3] Mee si hunn hie geholl, hie gebeetscht an hie mat eidelen Hänn fortgeschéckt.

[4] De Mann huet hinnen dunn en aneren Dénger geschéckt. Op deen hu si mat Steng gehäit, hien um Kapp blesséiert an hunn hien an der Schan fortgeschéckt.

[5] Doropshin huet hien hinnen nach en anere geschéckt an och deen hu si ëmbruecht. An esou goung et mat villen aneren: déi eng hu si gebeetscht an anerer hu si ëmbruecht.

[6] Schlussendlech hat hie just nach säin eenzege Jong, deen hie gär hat. Hien huet hie fir d’lescht bei si geschéckt, well hien zu sech sot: ‚Mäi Jong respektéiere si bestëmmt.‘

[7] Mee d’Wënzer soten ënnerteneen: ‚Deen do ass den Ierwen. Kommt, mir bréngen hien ëm, da gehéiert d’Ierfschaft eis.‘

[8] Si hunn hien ergraff, ëmbruecht an aus dem Wéngert gehäit.

[9] Wat soll de Besëtzer vum Wéngert elo maachen? Hie kënnt, bréngt d’Wënzer ëm a gëtt de Wéngert aneren.

[10] Hutt dir dann net dës Schrëft gelies: ‚De Steen, deen d’Steemetzer verworf hunn, ass zum Eckstee ginn.

[11] Dat huet den Här gemaach an et ass wonnerbar an eisen Aen‘?“ (Psalmen 118,22-23)

[12] Doropshin hätte si de Jesus gär verhaft, mee si haten Angscht virun de Leit, well si verstanen hunn, datt d’Gläichnes op si gemënzt war. Si hunn hien du verlooss a gounge fort.

[13] Duerno hu si munch Pharisäer an Unhänger vum Herodes bei de Jesus geschéckt, fir hie mat sengen eegene Wierder ze fänken.

[14] Si koume bei hien a soten: „Léiermeeschter, mir wëssen, datt s du d’Wourecht sees. Dem Mënsch seng Meenung beaflosst dech net, well s du onparteiesch bass, mee du léiers de Wee vu Gott der Wourecht no. Ass et erlaabt, fir dem Caesar Steieren ze bezuelen, oder net?

[15] Solle mir bezuelen oder solle mir net bezuelen?“ Mee de Jesus huet hir Schäinhellegkeet duerchkuckt a sot zu hinnen: „Firwat stellt dir mech op d’Prouf? Bréngt mir en Denar, fir datt ech e ka gesinn.“

[16] Dunn hu si him ee bruecht. „Wiem säi Bild a wéi eng Schrëft ass hei drop?“, huet hie si gefrot. „Dem Caesar seng“, hu si him geäntwert.

[17] De Jesus huet hinne geäntwert: „Gitt dem Caesar, wat dem Caesar gehéiert, a Gott, wat Gott gehéiert.“ Si waren iwwert hie verwonnert.

[18] Du koumen Zaddukiter, déi behaapten, datt et keng Operstéiung géif ginn, bei hien a froten hien:

[19] „Léiermeeschter, de Moses huet eis virgeschriwwen, datt wann de Brudder vun engem Mann stierft an eng Fra hannerléisst a keng Kanner, da soll de Brudder vum Verstuerwenen deem seng Fra bestueden a Kanner fir säi Brudder kréien. (5. Moses 25,5)

[20] Et goufe siwe Bridder. Den éischten huet eng Fra bestuet an huet no sengem Doud keng Nokommen hannerlooss.

[21] Den zweeten huet sech mat hir bestuet an och hien ass ouni Nokomme gestuerwen. An esou och den drëtten.

[22] Déi siwe Bridder hu si bestuet an hu keng Nokommen hannerlooss. Fir d’Lescht vun en alleguer ass och d’Fra gestuerwen.

[23] Elo stellt sech d’Fro: Wiem seng Fra ass si da bei der Operstéiung, wa si vun den Doudegen operstinn? Déi Siwen hate si jo als Fra.“

[24] De Jesus huet hinne geäntwert: „Läit äre Feeler net doran, datt dir weder d’Schrëft nach d’Muecht vu Gott kennt?

[25] Wa si vun den Doudegen operstinn, bestuede si sech net a ginn och net bestuet, mee si si wéi d’Engelen am Himmel.

[26] Wat elo d’Operstéiung vun den Doudegen ugeet, hutt dir net am Buch vum Moses gelies, am Text vun der Därenheck, wéi Gott zu him sot: ‚Ech sinn de Gott vum Abraham, de Gott vum Isaak an de Gott vum Jakob‘? (2. Moses 3,6)

[27] Hien ass net de Gott vun den Doudegen, mee de Gott vun de Liewegen. Dir iert iech also ganz gewalteg!“

[28] E Léiermeeschter vum Gesetz hat si héieren zesummen diskutéieren an hat erkannt, datt de Jesus hinne gutt geäntwert hat. Dofir goung hien dohin a frot de Jesus: „Wat ass dat wichtegst vun all de Geboter?“

[29] De Jesus huet him geäntwert: „Dat wichtegst vun all de Geboter ass dat hei: ‚Lauschter, Israel, den Här, eise Gott, den Här ass Eent.

[30] Hief den Här, däi Gott, gär mat dengem ganzen Häerz, mat denger ganzer Séil, mat dengem ganze Verstand a mat denger ganzer Kraaft.‘ (5. Moses 6,4-5) Dat ass dat wichtegst Gebot.

[31] Dat zweet, wat geneesou wichteg ass, ass dat hei: ‚Hief däin Nächste gär wéi dech selwer.‘ (3. Moses 19,18) Et gëtt keen anert Gebot, wat méi wichteg ass wéi déi hei.“

[32] Du sot de Léiermeeschter vum Gesetz zu him: „Ganz gutt, Léiermeeschter! Du hues d’Wourecht gesot, well et gëtt nëmmen ee Gott an ausser him gëtt et keen anere Gott. (5. Moses 4,35)

[33] An hie mat ganzem Häerz, mat ganzem Verstand, mat ganzer Séil a mat ganzer Kraaft gär ze hunn, a säin Nächste gär ze hu wéi sech selwer, dat ass vill méi wichteg wéi all Brandaffer an all aner Affer.“

[34] Wéi de Jesus gesinn huet, datt hie verstänneg geäntwert hat, sot hien zu him: „Du bass net wäit vum Kinnekräich vu Gott ewech.“ Doropshin huet kee sech méi getraut, fir him eng Fro ze stellen.

[35] Wéi de Jesus am Tempel enseignéiert huet, frot hien: „Wéi ass et méiglech, datt d’Léiermeeschtere vum Gesetz soen, datt de Messias de Jong vum David ass?

[36] Den David selwer seet nämlech, erfëllt vum hellege Geescht: ‚Den Här sot zu mengem Här: „Setz dech zu menger Rietser, bis ech aus denge Feinden eng Foussbänk fir dech maachen.“‘ (Psalmen 110,1)

[37] Wann den David selwer hien ‚Här‘ nennt, wéi kann hien da säi Jong sinn?“ D’Vollek huet him gär nogelauschtert.

[38] Weider sot hien zu hinnen a senger Léier: „Gitt op d’Léiermeeschtere vum Gesetz uecht! Si gi gär a laange Kleeder doruechter a gi gär op de Maartplaze gegréisst.

[39] Si hunn déi bescht Plazen an de Synagogen an och d’Éiereplazen op de Fester gär.

[40] Si beducksen d’Witfraen ëm hir Haiser a maachen zum Schäi laang Gebieder. Si kréie méi e strengt Uerteel.“

[41] De Jesus souz vis-à-vis vum Afferstack an huet gesinn, wéi d’Leit hir Mënz an den Afferstack gehäit hunn. E sëllech Räicher hu vill dragehäit.

[42] Du koum eng aarm Witfra an huet zwou kleng Mënzen, déi ee Quadrans wäert sinn, dragehäit.

[43] Dunn huet de Jesus seng Jénger bei sech geruff a sot zu hinnen: „Ech soen iech d’Wourecht! Dës aarm Witfra huet méi an den Afferstack gehäit, wéi all déi aner, déi eppes dragehäit hunn.

[44] Si hunn alleguer nëmme vun hirem Iwwerfloss dragehäit, mee si huet an hirer Aarmut alles dragehäit, wat si hat: hire ganze Liewensënnerhalt.“

De Marc — Chapters