[1] Duerno goung de Jesus vun do fort a goung hannescht a seng Heemecht. Seng Jénger gounge mat him.
[2] Um Sabbat huet hien ugefaangen, an der Synagog ze léieren. Vill, déi hien héieren hunn, ware verwonnert a soten: „Wouhier weess dëse Mann dat alles? Wat fir eng Wäisheet krut hien, datt esou mächteg Doten duerch seng Hänn geschéien?
[3] Ass hien net den Zammermann, dem Maria säi Jong an de Brudder vum Jacques, vum Yosséi, vum Judas a vum Schimon? A wunne seng Schwësteren net hei ënnert eis?“ Si hunn Ustouss un him geholl.
[4] De Jesus sot zu hinnen: „E Prophéit gëtt néierens esou veruecht, wéi a senger Heemecht, a senger Famill an a sengem Stot.“
[5] Hie konnt guer keng Wonner do wierken, ausser seng Hänn op etlech Kranker leeën a si heelen.
[6] Hie war iwwert hiren Onglawe verwonnert. Hie goung duerch d’Dierfer an der Noperschaft an huet d’Leit geléiert.
[7] Dunn huet hien déi Zwielef bei sech geruff an huet ugefaangen, si zu zwee an zwee erauszeschécken, andeems hien hinnen Autoritéit iwwert déi onreng Geeschter ginn huet.
[8] Hien huet si opgefuerdert, fir näischt mat op d’Rees ze huelen, ausser e Staf (keng Posch, kee Brout, keng Koffermënzen am Rimm).
[9] Si sollte Sandalen droen, mee keng zweet Tunique unhunn.
[10] „Wann dir an en Haus gitt“, sot hien zu hinnen, „bleift do, bis dir nees d’Uertschaft verloosst.
[11] Do, wou si iech net wëllkomm heeschen an iech net nolauschteren, wann dir vun do fortgitt, da rëselt de Stëbs ënnert äre Féiss of als Ausso géint si. Ech soen iech d’Wourecht: Fir Sodom a Gomorra ass et um Dag vum Geriicht besser auszehale wéi fir déi Stad!“
[12] D’Jénger hu sech dunn op de Wee gemaach an hu gepriedegt, datt d’Leit ëmkéiere sollten.
[13] Si hunn och vill Dämonen ausgedriwwen, hu vill Kranker mat Ueleg gesalleft a si geheelt.
[14] De Kinnek Herodes hat och vum Jesus héieren, well säin Numm bekannt gi war. Du sot hien: „De Jean den Deefer ass vun den Doudegen operstanen an dowéinst wierken dës Muechten duerch hien.“
[15] Anerer soten awer: „’t ass den Elia.“ Nach anerer soten: „’t ass de Prophéit oder wéi ee vun de Prophéiten.“
[16] Mee wéi den Herodes dovunner héieren hat, sot hien: „’t ass de Jean, deen ech käppe gelooss hunn an dee vun den Doudegen operstanen ass!“
[17] Den Herodes hat nämlech an der Zäit Leit dohi geschéckt, fir de Jean festzehuelen an hien an de Prisong ze geheien. Dat hat hie wéinst dem Herodias, der Fra vu sengem Brudder Philippe gemaach, déi hie bestuet hat.
[18] De Jean hat nämlech zum Herodes gesot gehat: „Et ass dir net erlaabt dengem Brudder seng Fra ze hunn.“
[19] D’Herodias hat him dat nogedroen an hat wollten hien ëmbrénge loossen. Dat war him net gelongen,
[20] well den Herodes Angscht virum Jean hat an hie geschützt hat. Hie war sech bewosst, datt de Jean e gerechten an hellege Mann war, an hat hien dowéinst geschützt. Ëmmer wann den Herodes him nogelauschtert hat, hat hien a villem op de Jean gelauschtert. Den Herodes hat him och gär nogelauschtert.
[21] Enges Daags, wéi den Herodes op sengem Gebuertsdag e Fest fir säin Adel, d’Kommandante vun der Arméi an d’Herrscher vu Galilea ginn hat, war awer déi passend Geleeënheet komm.
[22] Wéi dem Herodias seng Duechter erakomm war a gedanzt hat, hat hatt dem Herodes a senge Gäscht gefall. Doropshin hat de Kinnek zum Meedche gesot: „So mer, wat och ëmmer s du dir wënschs an dat ginn ech dir.“
[23] Hien hat esouguer geschwuer: „Wat och ëmmer s du vu mir wënschs, ginn ech dir. Ech ginn dir bis d’Halschent vu mengem Kinnekräich.“
[24] Wéi hatt dunn erausgaange war, hat hatt seng Mamm gefrot: „Wat soll ech mer wënschen?“ Seng Mamm hat gesot: „De Kapp vum Jean dem Deefer.“
[25] Eenzock war hatt bei de Kinnek gelaf an hat hie gefrot: „Ech wënsche mir, datt s du mir op der Plaz de Kapp vum Jean dem Deefer op engem Plateau gëss.“
[26] Dat hat de Kinnek ganz traureg gemaach, mee well hien et geschwuer gehat hat a wéinst senge Gäscht, hat hien him dat net wëllen ofschloen.
[27] Nach deeselwechten Abléck hat de Kinnek e Schaarfriichter fortgeschéckt mam Uerder, fir him dem Jean säi Kapp ze bréngen. Dee war dunn higaangen an hat de Jean am Prisong gekäppt,
[28] hat säi Kapp op engem Plateau erabruecht an hat en dem Meedche ginn. D’Meedchen hat e senger Mamm iwwerreecht.
[29] Wéi seng Jénger dovunner héieren haten, ware si komm an hate seng Läich ewechgeholl a se an e Graf geluecht.
[30] Duerno hunn d’Apostele sech beim Jesus versammelt an hunn him alles, wat si gemaach an de Leit geléiert haten, verzielt.
[31] „Kommt just dir eleng op eng verloosse Plaz, wou dir iech eng Zäitchen erhuele kënnt“, sot hien zu hinnen. (Et waren der nämlech vill komm a gaangen, esou datt si mol net Zäit haten, fir z’iessen.)
[32] Si sinn dunn eleng mat engem Naachen op eng verloosse Plaz gefuer.
[33] Mee vill Leit hu si fortfuere gesinn an et hunn der vill hien erkannt a si sinn aus all de Stied zu Fouss dohinner gelaf. Si si virun hinnen ukomm an hu sech bei him versammelt.
[34] Wéi de Jesus u Land koum an déi Onmass Leit gesinn huet, hat hie Matleed mat hinnen, well si ewéi Schof ouni Hiert waren. Hien huet dunn ugefaangen, si villes ze léieren.
[35] Wéi et scho méi spéit am Dag war, koume seng Jénger bei hien a soten: „Dat hei ass eng verloosse Plaz an et ass scho spéit.
[36] Schéck si fort, fir datt si op d’Häff an an d’Dierfer vun der Ëmgéigend ginn a sech selwer Brout kafe kënnen. Si hunn nämlech näischt, fir z’iessen.“
[37] Hien huet hinnen awer geäntwert: „Gitt dir hinnen dach eppes z’iessen.“ Doropshin hu si hie gefrot: „Solle mir éieren higoen a fir zweehonnert Denare Brout kafen an hinnen z’iesse ginn?“
[38] Dunn huet hie si gefrot: „Wéi vill Brout hutt dir? Gitt a kuckt emol no.“ Wéi si et bis erausfonnt haten, hu si geäntwert: „Fënnef Ruechte Brout an zwee Fësch.“
[39] Dunn huet hie si opgefuerdert, sech all a Gruppen op d’gréngt Gras ze setzen.
[40] Esou souze si a Gruppe vun honnert a vu fofzeg.
[41] Wéi de Jesus déi fënnef Ruechte Brout an zwee Fësch geholl hat, huet hien an den Himmel gekuckt, e Segen ausgeschwat an d’Brout a Stécker gebrach, se senge Jénger ginn, fir datt si se de Leit ausdeelen. Hien huet och déi zwee Fësch ënnert hinnen alleguer opgedeelt.
[42] Jiddereen huet giess, bis e sat war.
[43] Duerno hu si nach zwielef Kierf voller Broutstécker a Fësch agesammelt.
[44] Fënnefdausend Männer hate vum Brout giess.
[45] Direkt drop huet de Jesus seng Jénger dozou opgefuerdert, an den Naachen ze klammen a virun him op den aneren Uwänner op Betsaida ze segelen. An der Tëschenzäit wollt hien d’Leit fortschécken.
[46] Nodeems hie si fortgeschéckt hat, goung hien op e Bierg, fir ze bieden.
[47] Um Owend war den Naache matzen um Séi an hie war eleng u Land.
[48] Hien huet gesinn, datt si mam Ruddere geplot waren, well de Wand hinnen entgéintgeblosen huet. Tëschen dräi a sechs Auer mueres koum hien zu Fouss iwwert de Séi bei si a wollt laanscht si goen.
[49] Wéi si hien um Séi goe gesinn hunn, hu si gemengt et wier e Gespenst an hu Kreesch gedoen,
[50] well si hunn hien alleguer gesinn a sinn erféiert. Hien huet si awer direkt ugeschwat. „Hieft Courage!“, sot hien zu hinnen. „Ech sinn et; hieft keng Angscht!“
[51] Dunn ass hie bei si an den Naache geklommen an de Wand huet sech geluecht. Si hunn onmoosseg gestaunt a ware verwonnert.
[52] Si haten dat mam Brout nämlech nach net verstanen, well hir Häerzer verbruet waren.
[53] Wéi si eriwwergefuer waren, koume si bei Genneesaret u Land an hunn do ugeluecht.
[54] Esoubal si aus dem Naache geklomme waren, hunn d’Leit de Jesus direkt erkannt.
[55] Si sinn duerch déi ganz Ëmgéigend gelaf an hunn déi Krank op Matten iwwerall dohinner bruecht, wou si héieren hunn, datt hie grad wier.
[56] Egal a wéi eng Dierfer, Stied oder Häff hie koum, hu si déi Krank op d’Maartplaz geluecht an hunn hien ugebiedelt, fir just eng Zizit vu sengem Tallit dierfen ze beréieren. Jiddereen, deen hien ugepaakt huet, gouf geheelt.