Skip to content
Opens in a new window

[1] De Jesus goung vun do fort a koum iwwer déi aner Säit vum Jordan an d’Géigend vu Judea. An nees koumen eng Hellewull Leit bei hien an hien huet si erëm geléiert, esou wéi et seng Gewunnecht war.

[2] Pharisäer koume bei hien an hunn him eng Fro gestallt, fir hien op d’Prouf ze stellen: „Ass et engem Mann erlaabt, fir sech vu senger Fra scheeden ze loossen?“

[3] „Wat huet de Moses iech virgeschriwwen?“, huet hien hinne geäntwert.

[4] „De Moses huet engem Mann erlaabt, e Scheedungsattest ze schreiwen a sech esou vun hir scheeden ze loossen“, sote si. (5. Moses 24,1)

[5] De Jesus huet hinne geäntwert: „Hien huet iech dëst Gebot just ginn, well dir esou verbrueten Häerzer hutt.

[6] Mee am Ufank vun der Schëpfung huet Gott de Mënsch als Mann an als Fra erschafen. (1. Moses 1,27)

[7] Dowéinst verléisst e Mann säi Papp a seng Mamm, fir sech u seng Fra ze bannen.

[8] Déi Zwee ginn ee Läif. Si sinn also net méi zwee, mee ee Läif. (1. Moses 2,24)

[9] Dat, wat Gott zesummebruecht huet, soll de Mënsch net trennen.“

[10] Zeréck am Haus hu seng Jénger hien nees zu deem Thema befrot.

[11] Du sot hien zu hinnen: „Wie sech vu senger Fra scheede léisst an eng aner bestit, dee brécht d’Bestietnes, well hie friemgeet.

[12] A wann eng Fra sech vun hirem Mann scheede léisst an en anere bestit, brécht si d’Bestietnes, well si friemgeet.“

[13] Duerno hu si kleng Kanner bei hie bruecht, fir datt hie si beréiere géif. Mee d’Jénger hunn déi, déi si erbäibruecht hunn, zurechtgewisen.

[14] Wéi de Jesus dat awer gesinn huet, war hien entsat a sot zu hinnen: „Loosst déi kleng Kanner bei mech kommen an haalt si net dovunner of. D’Kinnekräich vu Gott besteet nämlech aus Mënschen ewéi hinnen.

[15] Ech soen iech d’Wourecht! Wien d’Kinnekräich vu Gott net ewéi e klengt Kand unhëlt, kënnt op kee Fall eran.“

[16] Dunn huet hien d’Kanner a seng Äerm geholl, huet seng Hänn op si geluecht a si geseent.

[17] Wéi de Jesus sech op de Wee gemaach huet, koum e Mann bei hie gelaf, ass virun him op d’Knéie gefall an huet hie gefrot: „Gudde Léiermeeschter, wat muss ech maachen, fir éiwegt Liewen ze ierwen?“

[18] Doropshi frot de Jesus hien: „Firwat nenns du mech gutt? Et ass kee gutt, ausser Gott eleng.

[19] Du kenns d’Geboter: ‚Briech d’Bestietnes net, andeems du friemgees; Ermort keen; Klau net; Maach keng falsch Zeienausso; Bedréi net; Éier däi Papp an deng Mamm.‘“ (2. Moses 20,12-16; 5. Moses 5,16-20)

[20] Hien huet dem Jesus geäntwert: „Léiermeeschter, zënter menger Jugend hunn ech dat alles agehalen.“

[21] De Jesus huet hie mat Léift ugekuckt a sot zu him: „Eppes feelt dir nach: Géi, verkaf alles, wat s du hues, a gëff et deenen Aarmen. Dann hues du e Schatz am Himmel. Komm, hief d’Kräiz op a géi mir no.“

[22] Ma de Mann war no dëser Ried verdrësslech a goung traureg fort, well hien e grousse Besëtz hat.

[23] Dunn huet de Jesus ronderëm sech gekuckt an zu senge Jénger gesot: „Wéi schwéier ass et fir Mënsche mat Räichtum, an d’Kinnekräich vu Gott ze kommen!“

[24] De Jénger ass wéinst senge Wierder de Mond opstoe bliwwen. Mee de Jesus huet hinnen nees erkläert: „Kanner, wéi schwéier ass et fir déi, déi op Räichtum vertrauen, an d’Kinnekräich vu Gott ze kommen!

[25] Et ass méi einfach, fir e Kaméil duerch d’Lach vun enger Bitznol ze goen, wéi fir e Räichen an d’Kinnekräich vu Gott ze kommen.“

[26] Si waren onmoosseg verwonnert a soten ënnerteneen: „Wie kann dann nach gerett ginn?“

[27] De Jesus huet si ugekuckt a gesot: „Fir d’Mënschen ass et onméiglech, mee net fir Gott; well fir Gott ass alles méiglech.“

[28] Dunn huet de Péitrus ugefaangen, zum Jesus ze soen: „Kuck, mir hunn alles verlooss a sinn dir nogaangen.“

[29] Doropshin huet de Jesus erkläert: „Ech soen iech d’Wourecht! Et gëtt keen, dee wéinst menger a wéinst der gudder Noriicht Haus, Bridder, Schwësteren, Papp, Mamm, Fra, Kanner oder Lännereie verlooss huet,

[30] deen net an dësem Zäitalter dat Honnertfacht erëmkritt (Haiser, Bridder, Schwësteren, Mammen, Kanner a Lännereien, wann och ënnert Verfolgungen) an am Zäitalter, deen nach kënnt, d’éiwegt Liewen.

[31] Mee vill, déi elo déi Éischt sinn, ginn déi Lescht an déi Lescht ginn déi Éischt.“

[32] Si waren ënnerwee fir op Jerusalem. De Jesus goung virun hinnen a si ware verwonnert a kruten et mat der Angscht ze dinn, wéi si him nogoungen, well de Jesus déi Zwielef nees op d’Säit geholl hat an ugefaangen hat, hinne vun deem ze verzielen, wat op hien duerkéim:

[33] „Passt op! Mir ginn op Jerusalem. De Jong vum Mënsch gëtt do un d’iewescht Priister an un d’Léiermeeschtere vum Gesetz ausgeliwwert. Do veruerteele si hien zum Doud a liwweren hien un d’Net-Judden aus.

[34] Déi maachen de Geck mat him, gäisselen hien, späizen op hien a bréngen hien ëm. Um drëtten Dag ersteet hie vun den Doudegen op.“

[35] Du koumen de Jacques an de Jean, dem Sabdai seng Jongen, bei hien a soten: „Léiermeeschter, mir wëllen, datt s du eis e Wonsch erfëlls.“

[36] „Wat wëllt dir, datt ech fir iech maache soll?“, frot hie si.

[37] „Erlab eis, datt mir an denger Herrlechkeet riets a lénks vun dir sëtze kënnen“, hu si him geäntwert.

[38] Mee de Jesus sot zu hinnen: „Dir wësst jo net, wat dir do verlaangt! Kënnt dir aus deem Kellech drénken, aus deem ech drénken, oder mat där Daf gedeeft ginn, mat där ech gedeeft ginn?“

[39] „Jo, dat kënne mir“, hu si him geäntwert. Doropshi sot de Jesus zu hinnen: „Sécherlech drénkt dir aus deem Kellech, aus deem ech drénken, an dir gitt och mat där Daf gedeeft, mat där ech gedeeft ginn.

[40] Mee et steet mir net zou, fir ze bestëmmen, wien zu menger Rietser a wien zu menger Lénker sëtze soll. Déi Plaze sinn nämlech fir déi geduecht, fir déi si virbereet goufen.“

[41] Wéi déi Zéng dat héieren hunn, ware si iwwert de Jacques an de Jean entsat.

[42] De Jesus huet si bei sech geruff a sot zu hinnen: „Dir wësst jo, datt déi, déi als Herrscher vun den Natioune betruecht ginn, Mënschen tyranniséieren an hir Mächteg si ënnerdrécken.

[43] Mee ënnert iech soll et net esou sinn. Am Géigendeel, wie vun iech dichteg wëllt ginn, soll ären Dénger ginn.

[44] Wie vun iech den Éischte wëllt ginn, soll den Dénger vu jidderengem ginn.

[45] Esou ass et och mam Jong vum Mënsch. Dee koum net, fir sech bedéngen ze loossen, mee fir ze déngen a fir säi Liewen als Léisegeld fir vill Mënschen ze ginn.“

[46] Duerno koume si op Jericho. Wéi hie mat senge Jénger a mat enger grousser Mass Leit aus Jericho fortgoung, souz de blanne Bar-Timai, de Jong vum Timai, beim Wee an huet geheescht.

[47] Wéi hien héieren huet, datt et de Jesus vun Nazaret wier, huet hien ugefaangen ze jäizen: „Jesus, Jong vum David, erbaarm dech menger!“

[48] Mee et hunn der vill hien ugefuer, roueg ze sinn. Hien huet awer ëmsou méi haart geruff: „Jong vum David, erbaarm dech menger!“

[49] De Jesus ass stoe bliwwen an huet hie ruffe gelooss. Si hunn de Blanne geruff: „Hief Courage! Stéi op, hie rifft dech!“

[50] Deen huet säi Mantel vu sech gehäit, ass opgestanen a koum bei de Jesus.

[51] De Jesus frot hien: „Wat wëlls du, datt ech fir dech maache soll?“ „Rabbuni, looss mech nees gesinn!“, huet de Blannen him geäntwert.

[52] „Géi!“, sot de Jesus zu him. „Däi Glawen huet dech geheelt.“ Nach an deem Abléck konnt hie gesinn a goung dem Jesus um Wee no.

De Marc — Chapters