[1] Wat elo d’Kollekt fir déi Helleg ugeet: Dir sollt datselwecht maachen, wat ech et de Gemeinschaften a Galatien opgedroen hunn.
[2] Um éischten Dag vun der Woch soll all eenzele vun iech Suen, wéi et senge Moyenen entsprécht, op d’Säit leeën a se spueren, fir datt net eréischt wann ech kommen, eng Kollekt muss gemaach ginn.
[3] Wann ech dann ukommen, schécken ech déi Leit, déi dir gewielt hutt, well si sech bewäert hunn, zesumme mat Bréiwer op Jerusalem, fir äre generéisen Don dohinzebréngen.
[4] Wann et sollt ubruecht sinn, datt ech och matginn, da kënne si zesumme mat mir reesen.
[5] Nodeems ech duerch Mazedonien gereest sinn, kommen ech bei iech (ech ginn nämlech duerch Mazedonien)
[6] an da bleiwen ech villäicht bei iech oder verbréngen esouguer de Wanter bei iech, fir datt dir mir op menger Rees weiderhëllefe kënnt, wou och ëmmer ech higinn.
[7] Ech wëll iech nämlech net just fir eng kuerz Visite gesinn, mee ech hoffen, méi laang bei iech kënnen ze bleiwen, wann den Här et erlaabt.
[8] Ech bleiwen awer bis Päischten zu Ephesos.
[9] Et huet sech mir nämlech eng grouss Dier opgemaach fir en Déngscht, dee vill versprécht. Et gëtt der vill, déi dogéint sinn.
[10] Wann den Timothée kënnt, da suergt dofir, datt hie virun näischt brauch Angscht ze hunn, wann hie bei iech ass. Hie mécht nämlech geneesou wéi ech d’Aarbecht vum Här.
[11] Dofir soll keen op hien erofkucken. Schéckt hien am Fridde fort, fir datt hie bei mech komme kann. Ech erwaarden hien zesumme mat de Bridder.
[12] Wat eise Brudder Apollos ugeet: Ech hunn hie staark encouragéiert, iech mat de Geschwëster besichen ze kommen, mee bis elo wollt hie guer net matgoen. Hie kënnt dann, wann hien d’Geleeënheet dozou kritt.
[13] Passt op, stitt fest am Glawen, hutt Courage, sidd staark!
[14] Maacht alles an der Léift!
[15] Geschwëster, dir wësst, datt de Stot vum Stephanas déi éischt Leit an Achaia waren, déi gegleeft hunn. Si hu sech an den Déngscht vun den Hellege gestallt. Ech fuerderen iech op,
[16] iech esou Leit an och jidderengem, deen zesumme mat hinnen haart schafft, ënnerzeuerdnen.
[17] Ech si frou, datt de Stephanas, de Fortunatus an den Achaicus hei sinn, well si iech an ärer Absence ersat hunn.
[18] Si hunn nämlech mäin an och äre Geescht erfrëscht. Gitt esou Leit är Unerkennung.
[19] D’Gemeinschaften aus Klengasien gréissen iech. Den Aquila an d’Priskilla, zesumme mat der Gemeinschaft, déi sech bei hinnen doheem trëfft, loossen iech am Här häerzlech gréissen.
[20] All d’Geschwëster gréissen iech. Gréisst een deen anere mat enger helleger Bees.
[21] Dëse Grouss ass a menger Handschrëft: DE PAUL.
[22] Wien den Här Jesus Christus net gär huet, dee soll verflucht sinn. Komm, Här!
[23] D’Gnod vum Här Jesus Christus sief mat iech.
[24] Meng Léift sief mat iech all duerch Christus Jesus. Amen.