Skip to content
Opens in a new window

[1] Geschwëster, ech wëll, datt dir iwwert d’gutt Noriicht Bescheed wësst, déi ech iech verkënnegt hat, déi dir ugeholl hat an op där hirem Grond dir stitt.

[2] Duerch dës gutt Noriicht gitt dir och gerett, wann dir un der Botschaft festhaalt, déi ech iech verkënnegt hat. Soss hätt dir jo ëmsoss gegleeft.

[3] Ech hunn iech nämlech un éischter Plaz dat weiderginn, wat ech empfaangen hunn: Christus ass laut der Schrëft fir eis Sënne gestuerwen,

[4] hie gouf begruewen a laut der Schrëft um drëtten Dag vun den Doudegen operwächt.

[5] Duerno gouf hie vum Kefas gesinn an du vun deenen Zwielef.

[6] Hie gouf duerno vu méi wéi fënnefhonnert Geschwëster zugläich gesinn. Vun deene liewen déi meescht nach, mee verschiddener si scho gestuerwen.

[7] Du gouf hie vum Jacques gesinn an duerno vun all den Apostelen.

[8] Fir d’allerlescht ass hie mir erschéngen, esou wéi engem, deen ze spéit gebuer gouf.

[9] Ech sinn dee mannste vun all den Apostelen, deen net wierdeg ass en Apostel genannt ze ginn, well ech d’Gemeinschaft vu Gott verfollegt hunn.

[10] Mee duerch d’Gnod vu Gott sinn ech deen, deen ech sinn, a seng Gnod fir mech war net ëmsoss. Am Géigendeel, ech hu méi wéi all déi aner geschafft. Allerdéngs war ech dat awer net selwer, mee et war d’Gnod vu Gott, déi mat mir war.

[11] Ob ech oder si iech dës Botschaft verkënnegt hunn: dat ass, wat mir priedegen a wat dir gegleeft hutt.

[12] Wa verkënnegt gëtt, datt Christus vun den Doudegen operstanen ass, wéi kënnen da verschiddener vun iech soen, datt et keng Operstéiung vun den Doudege gëtt?

[13] Wann et awer keng Operstéiung vun den Doudege gëtt, dann ass och Christus net operstanen;

[14] a wa Christus net operstanen ass, dann ass eis Verkënnegung ëmsoss an äre Glawen ass och ëmsoss.

[15] Zudeem sti mir dann als falsch Zeie vu Gott an am Widdersproch zu Gott do, well mir soten, datt hie Christus vun den Doudegen operwächt hätt, deen hien awer net operwächt hätt, wann et wierklech keng Operstéiung vun den Doudege géif ginn.

[16] Wann déi Doudeg nämlech net operwächt ginn, da gouf Christus och net operwächt.

[17] Wa Christus net operwächt gouf, dann ass äre Glawen ëmsoss an dir sidd nach ëmmer an äre Sënnen.

[18] Da sinn och déi, déi a Christus gestuerwe sinn, verluer.

[19] Wa mir nëmmen an dësem Liewen eis Hoffnung a Christus hunn, da si mir vun alle Leit am meeschten ze bedaueren.

[20] Mee Tatsaach ass, datt Christus vun den Doudegen operwächt gouf, als Éischtfruucht vun deenen, déi gestuerwe sinn.

[21] Den Doud koum jo duerch e Mënsch an duerch e Mënsch koum och d’Operstéiung vun den Doudegen.

[22] Esou wéi duerch den Adam jidderee stierft, esou gëtt duerch Christus jidderee lieweg gemaach.

[23] Mee jiddereen an der richteger Reiefolleg: Christus, deen d’Éischtfruucht ass, an duerno, wann hie kënnt, déi, déi Christus gehéieren.

[24] Da kënnt d’Enn, wann hien d’Kinnekräich Gott, dem Papp, iwwerreecht, nodeems hien all Herrschaft, all Gewalten a Muechten zerstéiert huet.

[25] Hie muss nämlech regéieren, bis all seng Feinden him ënnerworf an ënnert seng Féiss geluecht ginn.

[26] De leschte Feind, deen zerstéiert gëtt, ass den Doud.

[27] „Hien huet him nämlech alles ënnerworf an ënnert seng Féiss geluecht.“ (Psalmen 8,7) Wann et heescht: „hien huet him alles ënnerworf“, ass et dach evident, datt deen eng Ausnahm ass, deen him alles ënnerworf huet.

[28] Wann alles Christus ënnerworf gëtt, gëtt de Jong selwer deem ënnerworf, deen alles Christus ënnerworf huet, fir datt Gott alles an allem ka sinn.

[29] Mee wann déi Doudeg net operstinn, da ginn déi Leit, déi sech deefe loossen, wéinst Doudege gedeeft! Wat solle si maachen? Firwat solle si sech wéinst Doudegen deefe loossen?

[30] Firwat setze mir eis dann all Stonn der Gefor aus?

[31] All Dag kucken ech dem Doud an d’Aen! Ech schwieren dat bei mengem Houfert op iech, deen ech duerch Christus Jesus eisen Här hunn!

[32] Wann ech zu Ephesos wéi e Mënsch mat wëllen Déiere gekämpft hätt, wat géif dat mir hëllefen? Wann déi Doudeg net operwächt ginn, da „loosst eis iessen an drénken, well muer stierwe mir!“ (Yesaia 22,13)

[33] Loosst iech net irféieren: „Eng schlecht Gesellschaft zerstéiert e gudde Charakter!“

[34] Kommt zou iech a sënnegt net! Et ginn der nämlech verschiddener ënnert iech, déi glat a guer näischt iwwert Gott wëssen. Ech soen dat zu ärer Schan!

[35] Et kéint awer ee froen: „Wéi ginn déi Doudeg operwächt? Mat wéi engem Kierper komme si zeréck?“

[36] Wat eng topeg Fro! Dat, wat s du séis, gëtt net lieweg, éier et gestuerwen ass.

[37] Wat s du séis, ass jo net d’Planz, déi ausschéisse soll, mee e Kär, wéi zum Beispill Weess oder soss e Kär.

[38] Gott gëtt him dann eng Gestalt, esou wéi hien et wëllt. All Som huet seng eege Gestalt.

[39] Net all d’Liewewiese sinn d’selwecht: D’Mënschen hunn eng Zort Kierper, d’Déieren hunn eng aner Zort Kierper, d’Fësch hunn nach eng aner Zort Kierper an d’Vigel hunn och nach eng aner Zort Kierper.

[40] Et gëtt himmlesch Kierperen an ierdesch Kierperen. D’Schéinheet vun den himmlesche Kierperen ass anescht wéi déi vun den ierdeschen.

[41] Et gëtt ee Glanz fir d’Sonn, en anere fir de Mound an nach en anere fir d’Stären: Ee Stär ënnerscheet sech vum aneren a sengem Glanz.

[42] Esou ass et och, wann déi Doudeg operstinn. De Kierper, dee „geséit“ gëtt, ass verdierflech, mee deen, deen operwächt gëtt, ass onverdierflech.

[43] E gëtt an der Schan „geséit“, mee an Herrlechkeet operwächt. E gëtt an der Schwächt „geséit“, mee an der Kraaft operwächt.

[44] E gëtt als natierleche Kierper „geséit“, mee als geeschtleche Kierper operwächt. Esou wéi et en natierleche Kierper gëtt, esou gëtt et och e geeschtleche Kierper.

[45] Et steet nämlech geschriwwen: „Den éischte Mënsch, den Adam, gouf eng lieweg Persoun.“ (1. Moses 2,7) De leschten Adam gouf e Geescht, dee Liewe schenkt.

[46] Dat Geeschtlecht kënnt net fir d’éischt, mee dat Natierlecht an duerno eréischt dat Geeschtlecht.

[47] Den éischte Mënsch gouf aus dem Buedem gemaach an ass ierdesch. Den zweete Mënsch ass den Här aus dem Himmel.

[48] Mënschen, déi aus Buedem gebuer ginn, sinn ewéi de Mënsch, deen aus Buedem erschafe gouf; Mënschen, déi aus dem Himmel gebuer ginn, si wéi de Mënsch aus dem Himmel.

[49] Esou wéi mir de Glach vum Mënsch aus Buedem gedroen hunn, esou droe mir dann och de Glach vum Mënsch aus dem Himmel.

[50] Geschwëster, ech soen dat hei: Fleesch a Blutt kënnen d’Kinnekräich vu Gott net ierwen, nach kann dat Verdierflecht dat Onverdierflecht ierwen.

[51] Passt op! Ech zielen iech e Geheimnis: mir stierwen net all, mee mir ginn all verwandelt!

[52] Et geschitt an engem Abléck, an engem Nu, beim Schall vum leschte Schofar. De Schofar gëtt geblosen an déi Doudeg stinn als Onverdierflecher op. Mir ginn dann all verwandelt!

[53] Dëse verdierfleche Kierper muss mat Onverdierflechkeet gekleet ginn. Dëse stierfleche Kierper muss mat Onstierflechkeet gekleet ginn.

[54] Da wann dëse verdierfleche Kierper mat Onverdierflechkeet gekleet ginn ass an dëse stierfleche Kierper mat Onstierflechkeet gekleet ginn ass, gëtt dës Ausso verwierklecht: „Den Doud ass ofgeschléckt an der Victoire.“ (Yesaia 25,8)

[55] „Doud, wou ass däi Stachel? Graf, wou ass deng Victoire?“ (Hoschea 13,14)

[56] De Stachel vum Doud ass d’Sënn. D’Kraaft vun der Sënn ass d’Gesetz.

[57] Mee loosst eis Gott Merci soen! Hien huet eis d’Victoire duerch eisen Här Jesus Christus ginn.

[58] Meng léif Geschwëster, bleift dofir standhaft. Kommt net un d’Wackelen! Sidd ëmmer méi äifreg an ärer Aarbecht fir den Här, well dir wësst, datt är Méi duerch den Här net ëmsoss ass.

Den éischte Bréif un d’Korinther — Chapters