[1] Et gëtt esouguer verzielt, datt et onerlaabte Sex ënnert iech gëtt, an zwar esou eng Zort onerlaabte Sex, wéi ee se net emol ënnert den Net-Judde begéint, nämlech datt e Mann mat senger Stéifmamm schléift!
[2] An dir sidd och nach agebilt! Dir hätt besser gehat, traureg ze sinn, fir datt deen, deen esou eppes gemaach huet, aus ärer Mëtt verstouss géif ginn.
[3] Och wann ech kierperlech net do sinn, sinn ech dach am Geescht bei iech an hunn iwwert dee Mann, deen esou eppes gemaach huet, schonn d’Uerteel gesprach, geneesou wéi wann ech physesch do wier.
[4] Wann dir am Numm vun eisem Här Jesus Christus versammelt sidd an ech am Geescht bei iech sinn, zesumme mat der Kraaft vun eisem Här Jesus Christus,
[5] sollt dir esou e Mënsch un de Satan ausliwwere fir d’Zerstéierung vu sengem Läif, fir datt de Geescht gerett ka ginn um Dag vum Här Jesus.
[6] Et ass net gutt, datt dir iech bretzt. Wësst dir net, datt e bësschen Deessem de ganzen Deeg opgoen deet?
[7] Schaaft den alen Deessem ewech, fir datt dir en neien Deeg kënnt sinn, well dir jo ouni Deessem sidd. Christus, eist Passalamm, gouf nämlech fir eis geaffert.
[8] Loosst eis d’Fest also net mam alem Deessem feieren, dem Deessem vun der Schlechtegkeet an der Béisaartegkeet, mee mam Matzebrout vun der Oprichtegkeet an der Wourecht.
[9] Ech hat iech jo am Bréif geschriwwen, datt dir näischt mat deene sollt ze dinn hunn, déi onerlaabte Sex hunn.
[10] Ech hat do net déi an der Welt gemengt, déi onerlaabte Sex hunn, oder déi, déi rangsteg sinn, klauen oder Gëtzen ubieden – soss misst der iech jo aus der Welt zeréckzéien.
[11] Wat ech wierklech geschriwwen hat, war, datt dir näischt mat engem, dee sech Brudder nennt, sollt ze dinn hunn, wann hien onerlaabte Sex huet, rangsteg ass, Gëtzen ubiet, aner Leit duerch den Dreck schleeft, en Drénker oder e Raiber ass. Mat esou engem sollt dir emol net zesummen iessen.
[12] Wat geet et mech un, déi baussent der Gemeinschaft ze riichten? Sollt dir net déi riichten, déi bannent der Gemeinschaft sinn?
[13] Gott riicht déi baussent der Gemeinschaft. Dowéinst „schaaft de Béise fort aus ärer Mëtt.“ (5. Moses 17,7)