Skip to content
Opens in a new window

[1] Wann ech d’Sprooche vun de Mënschen oder den Engele schwätze kéint, mee keng Léift hätt, da wier ech ewéi e Gong, dee widdergëllt, oder e Jummdeckel, dee widderschaalt.

[2] Wann ech d’Gof vun der Prophezeiung hätt, all d’Geheimnisser verstoe géif, alles erkenne géif a wann ech all de Glawen hätt, fir Bierger ze verréckelen, mee wann ech keng Léift hätt, da wier ech näischt.

[3] Wann ech Habb a Gutt un déi Aarm géif verdeelen a wann ech mäi Kierper géif hierginn, fir verbrannt ze ginn, mee keng Léift hätt, da géif dat mir näischt notzen.

[4] D’Léift ass gedëlleg an häerzensgutt. D’Léift gëtt net jalous. D’Léift bretzt sech net an ass net iwwerhieflech.

[5] D’Léift ass net taktlos a sicht net hiren eegene Virdeel. D’Léift léisst sech net provozéieren an ass net nodroend.

[6] D’Léift freet sech net iwwert d’Ongerechtegkeet, mee si freet sech iwwert d’Wourecht.

[7] D’Léift erdréit alles, gleeft alles, hofft alles an hält alles aus.

[8] D’Léift hält ni op. D’Prophezeiunge kommen op en Enn, d’Sproochen halen eng Kéier op an d’Erkenntnes kënnt op en Enn.

[9] Mir erkennen nämlech nëmme stéckweis a mir prophezeien nëmme stéckweis,

[10] mee wann d’Perfektioun kënnt, kënnt dat, wat stéckweis ass, op en Enn.

[11] Wéi ech e Kand war, hunn ech wéi e Kand geschwat, wéi e Kand geduecht a wéi e Kand raisonnéiert, mee wéi ech erwuesse gouf, hunn ech dat Kanneregt hannert mir gelooss.

[12] Am Moment versti mir stéckweis, well mir an e Spigel kucken an en onkloert Bild gesinn, mee duerno versti mir, well mir engem vis-à-vis stinn. Elo erkennen ech nëmme stéckweis, mee dann erkennen ech ganz, esou wéi ech ganz erkannt gouf.

[13] Elo bleiwen de Glawen, d’Hoffnung an d’Léift, dës dräi. Dat Gréisst vun deenen dräi ass awer d’Léift.

Den éischte Bréif un d’Korinther — Chapters