Skip to content
Opens in a new window

[1] Strieft no der Léift! Beméit iech ëm geeschtlech Gowen, mee beméit iech virun allem drëm, fir ze prophezeien!

[2] Dee Mënsch, deen eng aner Sprooch schwätzt, schwätzt net mat de Leit, mee mat Gott. Et versteet jo keen eppes, mee duerch de Geescht schwätzt hie Geheimnisvolles.

[3] Wien awer prophezeit, schwätzt mat de Leit, fir si opzeriichten, hinnen an d’Gewëssen ze rieden an hinnen Trouscht ze spenden.

[4] Wien eng aner Sprooch schwätzt, erbaut sech selwer, mee wie prophezeit, erbaut d’Gemeinschaft.

[5] Ech wéilt, dir géift alleguer aner Sprooche schwätzen, mee nach villméi wënschen ech mir, datt dir prophezeie géift. Wie prophezeit, ass méi wichteg wéi deen, deen aner Sprooche schwätzt, et sief dann dat, wat hie seet, gëtt iwwersat, fir datt d’Gemeinschaft erbaut gëtt.

[6] Geschwëster, stellt iech emol vir, ech géif bei iech kommen an aner Sprooche schwätzen! Wéi kann ech iech esou vun Notze sinn? Ma guer net, wann ech iech keng Offenbarung, Erkenntnes, Prophezeiung oder Léier bréngen!

[7] Et ass och geneesou mat Instrumenter, déi en Toun vu sech ginn, wéi zum Beispill eng Flütt oder eng Harf: Wann d’Nouten net kloer gespillt ginn, wéi wëllt een dann erkennen, wat op der Flütt oder op der Harf gespillt gëtt?

[8] Wann de Clairon kee kloren Toun gëtt, wie ka sech dann op de Krich virbereeden?

[9] Geneesou ass et och mat iech: Wann dir net mat ärer Zong däitlech Wierder artikuléiert, wéi soll een iech da verstoen? Dir schwätzt jo da just an de Wand.

[10] Ouni Zweiwel ginn et vill verschidden Aarte vu Sproochen op der Welt an et ass keng ouni Bedeitung.

[11] Wann ech awer deem anere seng Sprooch net verstinn, da sinn ech e Frieme fir deen, dee schwätzt, an deen, dee schwätzt, ass e Frieme fir mech.

[12] Esou ass et och mat iech: Well dir op geeschtlech Gowen aus sidd, beméit iech virun allem drëm, d’Gemeinschaft z’erbauen.

[13] Dofir soll deen, deen an enger anerer Sprooch schwätzt, drëm bieden, datt hie se iwwersetze kann.

[14] Wann ech an enger anerer Sprooch bieden, da biet mäi Geescht, mee mäi Verstand ass net derbäi.

[15] Wat ergëtt sech doraus? Ech wëll mam Geescht bieden, mee ech wëll och mam Verstand bieden. Ech wëll mam Geescht sangen, mee ech wëll och mam Verstand sangen.

[16] Wann s du nämlech nëmme mam Geescht Gott seens, wéi soll dann deen, deen net informéiert ass, „Amen“ soe kënnen, wann s du bis fäerdeg bass, Merci ze soen? Hie weess jo net, wat s du gesot hues!

[17] Du hues bestëmmt gutt genuch Merci gesot, mee deen anere gëtt net gestäerkt!

[18] Ech soe Gott Merci, datt ech villméi Sprooche schwätze wéi dir,

[19] mee an der Gemeinschaft wëll ech léiwer fënnef Wierder mat Verstand schwätzen, fir och anerer ze léieren, wéi zéngdausend Wierder an enger anerer Sprooch.

[20] Geschwëster, sidd net kannereg an ärem Denken. Sidd ewéi Puppelcher, wat dat Béist ugeet, mee sidd ewéi Erwuessener, wat äert Denken ugeet.

[21] Am Gesetz steet geschriwwen: „Duerch friem Sproochen an duerch friem Mënner schwätzen ech mat dësem Vollek. Trotzdeem lauschtere si net op mech, seet den Här.“ (Yesaia 28,11-12)

[22] Dofir sinn aner Sproochen en Zeechen, net fir déi Gleeweg, mee fir déi Ongleeweg. D’Prophezeiung ass awer en Zeeche fir déi Gleeweg an net fir déi Ongleeweg.

[23] Wann d’ganz Gemeinschaft also géif zesummekommen an alleguer géife se an anere Sprooche schwätzen an et kéim een eran, deen net informéiert oder ongleeweg wier, géif deen dann net soen, datt dir geckeg wiert?

[24] Mee wa jidderee prophezeie géif an et kéim een eran, deen ongleeweg oder net informéiert wier, géif hie vu jidderengem an d’Gewësse geriet kréien a vu jidderengem ënnert d’Lupp geholl ginn.

[25] D’Geheimnisser vu sengem Häerz géifen esou opgedeckt ginn. Hie géif sech da mam Gesiicht bis op de Buedem vernäipen, Gott ubieden a soen: „Gott ass wierklech ënnert iech!“

[26] Wat elo, Geschwëster? Wann dir zesummekommt, dréit jiddereen eppes bäi: entweder e Psalm, eng Léier, eng aner Sprooch, eng Offenbarung oder eng Iwwersetzung. All dat muss zur Erbauung vun der Gemeinschaft bäidroen.

[27] Wann een eng aner Sprooch schwätzt, da sollen dat der just zwee oder maximal dräi maachen a jiddereen der Rei no. Et muss och een iwwersetze kënnen.

[28] Wann awer keen do ass, fir z’iwwersetzen, da soll deejéinegen an der Gemeinschaft roueg bleiwen a mat sech selwer a mat Gott schwätzen.

[29] Et sollen zwee oder dräi Prophéite schwätzen an déi aner sollen hinnen hir Wierder préiwen.

[30] Wann awer engem aneren, deen do sëtzt, eppes gewise gëtt, da soll den éischte roueg sinn.

[31] Dir kënnt nämlech een nom anere prophezeien, fir datt jiddereen eppes bäiléiert an encouragéiert gëtt.

[32] De Prophéiten hir Geeschter sinn de Prophéiten ënnerdoen.

[33] Gott ass nämlech net e Gott vun der Onuerdnung, mee vum Fridden. Esou wéi et an all de Gemeinschafte vun den Hellegen de Fall ass,

[34] sollen är Frae roueg bleiwen. Et ass hinnen nämlech net erlaabt, do ze schwätzen, mee si solle sech ënneruerdnen, esou wéi d’Gesetz et seet.

[35] Wa si eppes wësse wëllen, da solle si hir Männer doheem froen. Et gehéiert sech net, datt d’Fraen an der Gemeinschaft schwätzen.

[36] Koum d’Wuert vu Gott éiere vun iech? Oder sidd dir éieren déi eenzeg, bei déi d’Wuert komm ass?

[37] Wann ee mengt hie wier e Prophéit oder vum Geescht erfëllt, da soll hien unerkennen, datt dat, wat ech iech schreiwen, Geboter vum Här sinn.

[38] Wann een awer onwëssend ass, da looss hien am Onwëssen.

[39] Geschwëster, beméit iech dofir drëm, fir ze prophezeien, a verbitt net, datt aner Sprooche geschwat ginn.

[40] Et soll awer alles uerdentlech an anstänneg oflafen.

Den éischte Bréif un d’Korinther — Chapters