[1] Geschwëster, ech konnt awer net mat iech schwätzen wéi mat Mënschen, déi nom Geescht liewen, mee wéi mat weltleche Mënschen, wéi mat Puppelcher a Christus.
[2] Ech hunn iech Mëllech ze drénke ginn a kee feste Kascht, well dir nach net prett fir d’Iesse waart. Dir sidd elo nach ëmmer net prett,
[3] well dir nach ëmmer weltlech sidd. Wann dir nämlech Näid, Streidereien an Ausernanersetzungen ënnereneen hutt, sidd dir dann net weltlech a lieft no mënschlecher Manéier?
[4] Wann ee seet: „Ech ginn dem Paul no“, an en anere seet: „Ech ginn dem Apollos no“, sidd dir dann net weltlech?
[5] Wien ass dann de Paul? Wien ass den Apollos? Si sinn dach nëmmen Dénger, duerch déi dir zum Glawe komm sidd. Jidderee krut seng Roll vum Här:
[6] Ech hunn de Som geséit, den Apollos huet genätzt, mee Gott huet e wuesse gedoen.
[7] Et ass also weder deen, dee séit, nach deen, deen nätzt, wichteg, mee Gott, dee wuessen deet, ass wichteg.
[8] Deen, dee séit, an deen, deen nätzt, sinn een an datselwecht. Mee all eenzele kritt dee Loun, dee senger Aarbecht entsprécht.
[9] Mir sinn nämlech all d’Mataarbechter vu Gott. Dir sidd ewéi den Aker vu Gott, ewéi säi Gebai.
[10] Opgrond vun der Gnod, déi ech vu Gott krut, hunn ech, ewéi e weise Baumeeschter, d’Fëllement geluecht an en anere baut dorobber weider. Mee all Mënsch soll oppassen, wéi hien dorop baut.
[11] Kee kann nämlech en anert Fëllement leeën, wéi dat, wat scho geluecht ass: de Jesus Christus.
[12] Wie mat Gold, Sëlwer, Edelsteng, Holz, Hee oder Stréi op dëst Fëllement baut,
[13] deem säi Wierk gëtt jidderengem kloer gewisen. Op deem Dag kënnt en nämlech un d’Liicht, well en duerch d’Feier opgedeckt gëtt. D’Feier préift d’Qualitéit vu jidderengem sengem Wierk.
[14] Wiem säi Wierk, deen hie gebaut huet, Stand hält, dee kritt eng Belounung.
[15] Mee wiem säi Wierk verbrennt, deen erleit Verloscht. Hie selwer gëtt awer gerett, mee esou wéi een, deen duerch d’Feier dovu kënnt.
[16] Wësst dir net, datt dir den Tempel vu Gott sidd an datt de Geescht vu Gott an iech wunnt?
[17] Wien den Tempel vu Gott zerstéiert, dee gëtt vu Gott zerstéiert. Den Tempel vu Gott ass nämlech helleg an dir sidd dësen Tempel.
[18] Et soll kee sech täuschen. Wann een ënnert iech mengt, e wier weis an dësem Zäitalter, da muss hien en Topert ginn, fir weis ze ginn.
[19] D’Wäisheet vun dëser Welt ass nämlech an den Ae vu Gott Topegkeet. Et steet nämlech geschriwwen: „Hie fänkt déi Weis an hirer Luussegkeet“, (Hiob 5,13)
[20] an nach eng Kéier: „Den Här kennt d’Gedanke vun de Weisen a weess, datt si onnëtz sinn.“ (Psalmen 94,11)
[21] Dofir däerf kee sech wéinst Mënsche bretzen! Et gehéiert jo alles iech:
[22] Ob et de Paul, den Apollos, de Kefas, d’Welt, d’Liewen, den Doud, d’Géigewaart oder d’Zukunft ass, alles gehéiert iech.
[23] Dir gehéiert Christus a Christus gehéiert Gott.