[1] Maacht mir alles no, esou wéi och ech Christus alles nomaachen!
[2] Geschwëster, ech luewen iech, well dir iech un alles erënnert, wat ech iech sot, an iech un d’Traditiounen haalt, esou wéi ech iech se iwwerginn hat.
[3] Ech wëll, datt dir verstitt, datt de Kapp vun all Mann Christus ass, datt de Kapp vun der Fra de Mann ass an datt de Kapp vu Christus Gott ass.
[4] Jidder Mann, dee biet oder prophezeit a säi Kapp bedeckt huet, entéiert säi Kapp,
[5] mee jidder Fra, déi biet oder prophezeit an hire Kapp net bedeckt huet, entéiert hire Kapp. Et ass dann d’selwecht, wéi wa se de Kapp geschuer hätt.
[6] Wann eng Fra hire Kapp net bedeckt huet, da soll si hir Hoer ofgeschnidde kréien; wann et fir si eng Schan ass, d’Hoer kuerz oder de Kapp geschuer ze hunn, da soll si de Kapp bedecken!
[7] E Mann soll säi Kapp net bedecken, well hien d’Bild an d’Herrlechkeet vu Gott ass an d’Fra ass d’Herrlechkeet vum Mann.
[8] De Mann koum nämlech net vun der Fra, mee d’Fra vum Mann
[9] an de Mann ass och net fir d’Fra geschafe ginn, mee d’Fra fir de Mann.
[10] Dofir soll d’Fra wéinst den Engelen en Zeeche vun Autoritéit op hirem Kapp droen.
[11] Am Här ass awer weder de Mann vun der Fra onofhängeg nach d’Fra vum Mann.
[12] Esou wéi d’Fra vum Mann koum, esou koum de Mann och duerch d’Fra op d’Welt; et kënnt awer alles vu Gott.
[13] Decidéiert selwer: Passt et sech, datt eng Fra zu Gott biet an hire Kapp net bedeckt huet?
[14] Léiert dann net esouguer d’Natur iech, datt et eng Schan fir de Mann ass, wann hie laang Hoer huet?
[15] Wann eng Fra awer laang Hoer huet, ass dat net eng Éier fir si? Hir Hoer krut si nämlech, fir sech ze bedecken.
[16] Wann ee mengt doriwwer streiden ze mussen – mir an och d’Gemeinschafte vu Gott hunn déi Gewunnecht net.
[17] Wat déi nächst Uweisung ugeet, déi ech iech ginn, hunn ech kee Luef fir iech: Är Versammlungen déngen net dozou, datt dir iech weiderentwéckelt, éischter schuede si iech.
[18] Éischtens ass et mir zu Ouere komm, datt et verschidde Gruppen ënnert iech gëtt, wann dir als Gemeinschaft zesummekommt. Zum Deel gleewen ech dat och.
[19] Et muss sinn, datt är Gemeinschaft opgespléckt gëtt, fir datt déi, déi unerkannt sinn, och erkennbar sinn!
[20] Wann dir op därselwechter Plaz zesummekommt, ass et net, fir d’Moolzecht vum Här z’iessen.
[21] Jiddereen ësst direkt säin eegent Iessen an dann ass deen een hongereg an deen anere voll.
[22] Hutt dir éiere keen eegent Doheem, wou dir iessen an drénke kënnt? Oder wëllt dir d’Gemeinschaft vu Gott veruechten an déi blaméieren, déi näischt hunn? Wat soll ech iech soen? Soll ech iech éieren dowéinst luewen? Op kee Fall luewen ech iech dowéinst!
[23] Ech hunn iech nämlech dat iwwerliwwert, wat ech vum Här krut: An der Nuecht, an där hie verrode gouf, huet den Här Jesus Brout geholl
[24] an nodeems hie Merci dofir gesot hat, huet hien et gebrach a sot: „Huelt! Iesst! Dat hei ass mäi Läif, dee fir iech gebrach gëtt. Maacht dat hei als Erënnerung u mech.“
[25] Hien huet datselwecht mam Kellech nom Iesse gemaach a sot: „Dëse Kellech ass den neie Bond a mengem Blutt. All Kéiers wann dir dovunner drénkt, da maacht et als Erënnerung u mech.“
[26] All Kéiers wann dir dëst Brout iesst an aus dësem Kellech drénkt, verkënnegt dir den Doud vum Här, bis datt hie kënnt.
[27] Wien dofir op eng onwierdeg Manéier vun dësem Brout ësst an aus dësem Kellech vum Här drénkt, dee mécht sech um Läif an um Blutt vum Här schëlleg.
[28] All Persoun muss sech selwer ënnert d’Lupp huelen an eréischt da ka si vum Brout iessen an aus dem Kellech drénken.
[29] Wien op eng onwierdeg Manéier ësst an drénkt, ouni de Läif vum Här richteg ze uechten, deen ësst an drénkt sech säin eegent Geriichtsuerteel.
[30] Dofir sinn der vill vun iech schwaach a krank an eng Partie vun iech si schonn dout!
[31] Wa mir eis awer selwer geriicht hätten, da géife mir net geriicht ginn.
[32] Wa mir awer geriicht ginn, gi mir vum Här zurechtgewisen, fir datt mir net mat der Welt veruerteelt ginn.
[33] Dofir, meng Geschwëster, wann dir zesummekommt, fir z’iessen, da waart een op deen aneren.
[34] Wann een hongereg ass, da soll hien doheem iessen, fir datt dir net zesummekommt, fir geriicht ze ginn. Wat déi aner Punkten ugeet, ginn ech iech weider Instruktiounen, wann ech kommen.