Skip to content
Opens in a new window

[1] Geschwëster, ech wëll, datt dir wësst, datt eis Virfueren all ënnert der Wollek waren an duerch d’Mier goungen.

[2] An der Wollek an am Mier hu si sech selwer als Nofolger vum Moses gedeeft.

[3] Si hunn all datselwecht geeschtlecht Iesse giess

[4] an deeselwechte geeschtlechen Dronk gedronk. Si hunn nämlech vum geeschtleche Fiels gedronk, dee si begleet huet, an dee Fiels war Christus.

[5] Gott war awer mat de meeschte vun hinnen net zefridden: Si si jo an der Wüst ëmkomm.

[6] Alles dat ass eis als Beispill geschitt, fir datt mir net dat Béist begieren, esou wéi si et begiert hunn.

[7] Sidd keng Gëtzenubieder, esou wéi en etlech vun hinnen et waren. Et steet jo geschriwwen: „D’Vollek huet sech gesat, fir z’iessen an ze drénken, an huet sech erhuewen, fir sech z’ameséieren.“ (2. Moses 32,6)

[8] Mir däerfe keen onerlaabte Sex hunn, esou wéi en etlech vun hinnen onerlaabte Sex haten: An engem Dag sinn der dräianzwanzegdausend vun hinne gestuerwen.

[9] Mir däerfen och Christus net op d’Prouf stellen, esou wéi en etlech vun hinnen et gemaach hunn: Si goufe vun de Schlaangen ëmbruecht.

[10] Beklot iech net, esou wéi en etlech vun hinnen et gemaach hunn: Si goufe vum Zerstéierer ëmbruecht.

[11] Dat alles ass geschitt, fir hinnen e Beispill ze ginn. Et gouf als Warnung niddergeschriwwe fir eis, déi mir um Enn vun den Zäitaltere liewen.

[12] Dofir soll deen, dee mengt hie wier standhaft, oppassen, datt hien net fält.

[13] Et huet iech nach keng Prouf getraff, déi e Mënsch iwwerfuerdert. Gott ass awer trei a léisst net zou, datt dir iwwert dat eraus gepréift gitt, wat dir aushale kënnt. Hie schaaft villméi mat der Prouf och en Auswee, fir datt dir se erdroe kënnt.

[14] Dofir, meng léif Frënn, flücht virum Gëtzendéngscht!

[15] Ech soen dat zu verstännege Leit. Beuerteelt selwer, wat ech soen!

[16] Huele mir net mam Kellech vum Segen, iwwert dee mir e Segen ausschwätzen, Undeel um Blutt vu Christus? An d’Brout, dat mir briechen, huele mir dann net mat deem Undeel um Läif vu Christus?

[17] Mir, déi mir zu vill sinn, sinn nämlech ee Brout an ee Läif, well mir alleguer un deem enge Brout deelhuelen.

[18] Betruecht emol d’Vollek Israel: Huelen déi, déi d’Affer iessen, net deel um Altor?

[19] Wat wëll ech domat soen? Wëll ech soen, datt d’Gëtzen eppes bedeiten? Oder datt d’Iessen, dat un d’Gëtze geaffert gëtt, eppes bedeit?

[20] Nee, wat ech soe wëll, ass, datt dat, wat d’Net-Judden afferen, un Dämonen an net u Gott geaffert gëtt. Ech wëll net, datt dir Gemeinschaft mat Dämonen hutt!

[21] Dir kënnt net vum Kellech vum Här an och vum Kellech vun Dämonen drénken! Dir kënnt net um Dësch vum Här an och um Dësch vun Dämonen deelhuelen!

[22] Wëlle mir éieren den Här jalous maachen? Si mir éiere méi staark wéi hien?

[23] „Alles ass mir erlaabt“, mee net alles ass nëtzlech. „Alles ass mir erlaabt“, mee net alles baut op.

[24] Et soll keen no sech selwer kucken, mee all Mënsch soll nom anere kucken.

[25] Iesst alles, wat um Fleeschmaart verkaf gëtt, ouni iech Froen ze stelle wéinst dem Gewëssen.

[26] Et steet nämlech geschriwwen: „D’Äerd gehéiert dem Här an och alles, wat dran ass.“ (Psalmen 24,1)

[27] Wann een Ongleewegen dech invitéiert an du wëlls goen, dann iess och alles, wat dir virgesat gëtt. Iess, ouni iech Froen ze stelle wéinst dem Gewëssen.

[28] Wann awer een zu dir seet: „Dat Fleesch hei gouf Gëtze geaffert“, dann iess et net wéinst deem senger a wéinst dem Gewëssen, well: „D’Äerd gehéiert dem Här an och alles, wat dran ass.“

[29] Ech schwätzen hei net vun dengem eegene Gewëssen, mee vun deem vum aneren. Firwat soll meng Fräiheet vun engem anere sengem Gewësse festgeluecht ginn?

[30] Wann ech mat Dankbarkeet matiessen, firwat soll ech da wéinst deem vernannt ginn, fir dat ech dankbar sinn?

[31] Ob dir elo iesst, ob dir drénkt oder egal wat dir maacht, maacht alles, fir Gott ze verherrlechen.

[32] Sidd keen Ustouss fir d’Judden, fir d’Griichen oder fir d’Gemeinschaft vu Gott,

[33] geneesou wéi ech an allem op jidderee Rücksicht huelen: Ech sichen net dat, wat fir mech nëtzlech ass, mee dat, wat fir vill Leit nëtzlech ass, fir datt si gerett ginn.

Den éischte Bréif un d’Korinther — Chapters