[1] Esou soll een eis gesinn: als Dénger vu Christus a Verwalter vun de Geheimnisser vu Gott.
[2] Vun de Verwalter gëtt verlaangt, datt si sech als trei erweisen.
[3] Mir ass et egal, ob ech vun iech oder vu soss iergendengem mënschleche Geriicht veruerteelt ginn. Ech veruerteele mech selwer och net.
[4] Ech si mir selwer nämlech kenger Schold bewosst, mee dofir sinn ech net entlaascht. Et ass den Här, dee mech veruerteelt.
[5] Riicht also näischt virun der Zäit, éier den Här kënnt. Hie bréngt dann dat, wat vun der Däischtert verstoppt gëtt, un d’Liicht an entbléisst d’Absichte vun den Häerzer. Da kritt jidderee Luef vu Gott.
[6] Geschwëster, dat alles hunn ech wéinst ärer op mech an den Apollos iwwerdroen, fir datt dir vun eis léiert, net iwwert dat erauszegoen, wat geschriwwe steet, fir datt kee vun iech op Käschte vun engem aneren iwwerhieflech si soll.
[7] Wat mécht dech besser wéi déi aner? Wat hues du, wat s du net kritt häss? Wann s du et wierklech kritt hues, firwat bereims du dech däers, wéi wann s du et net kritt häss?
[8] Dir sidd scho sat! Dir sidd scho räich! Dir sidd Kinneke ginn, och wa mir keng sinn! Ech wënsche mir, datt dir wierklech regéiere géift, fir datt och mir mat iech regéiere kéinten!
[9] Mir schéngt et, datt Gott eis Apostelen op déi lescht Plaz gestallt huet, wéi Männer, déi zum Doud veruerteelt sinn. Mir sinn nämlech fir d’Welt, d’Engelen an d’Mënschen zum Spektakel ginn.
[10] Mir sinn Toperte wéinst Christus, mee dir, dir sidd weis a Christus! Mir si schwaach, mee dir sidd staark! Dir gitt geéiert, mee mir ginn entéiert!
[11] Bis elo erhéngeren an erdiischtere mir, mir droe Fatzen, mir ginn zerschloen, mir sinn ouni Ënnerdaach
[12] a mir schaffen haart mat eisen eegenen Hänn. Wa mir vernannt ginn, seene mir weiderhin. Wa mir verfollegt ginn, hale mir et aus.
[13] Wa mir duerch den Dreck geschleeft ginn, bleiwe mir frëndlech. Mir si bis haut wéi den Offall vun der Welt a jidderengem säin Dreck ginn.
[14] Ech schreiwen dat hei net, fir iech ze blaméieren, mee fir iech als meng Kanner, déi ech gär hunn, opmierksam ze maachen.
[15] Och wann dir zéngdausend Erzéier a Christus hätt, hutt dir net vill Pappen. Ech gouf nämlech duerch d’gutt Noriicht äre Papp a Christus Jesus.
[16] Dofir fuerderen ech iech op, fir et esou ze maache wéi ech.
[17] Dowéinst hunn ech iech den Timothée geschéckt, mäi vertrauenswierdege Jong am Här, deen ech gär hunn. Hien erënnert iech u meng Liewensweis a Christus, esou wéi ech se a jidder Gemeinschaft iwwerall léieren.
[18] Verschiddener vun iech sinn awer iwwerhieflech ginn, well se gemengt hunn, ech kéim net bei iech.
[19] Mee wann den Här wëllt, kommen ech geschwë bei iech. Da wëll ech net erausfannen, wat d’Wierder vun dësen iwwerhiefleche Leit sinn, mee wat hir Kraaft ass.
[20] D’Kinnekräich vu Gott besteet nämlech net aus Wierder, mee aus Kraaft.
[21] Wat hutt dir léiwer? Soll ech mat enger Rutt bei iech kommen oder mat Léift am Geescht vun der Duussheet?