Skip to content
Opens in a new window

[1] Vum Paul, engem Apostel vum Jesus Christus duerch de Wëlle vu Gott, a vum Brudder Timothée, un d’Gemeinschaft vu Gott, déi zu Korinth ass, an och un all déi Helleg, déi uechter Achaia sinn:

[2] Gnod sief mat iech a Fridde vu Gott, eisem Papp, an dem Här Jesus Christus.

[3] Gelueft sief de Gott a Papp vun eisem Här Jesus Christus, de Papp vum Erbaarmen an de Gott vun allem Trouscht.

[4] Hien tréischt eis an all eisem Leed, fir datt mir anerer an all hirem Leed mat deem Trouscht, mat deem mir selwer vu Gott getréischt gi sinn, tréischte kënnen.

[5] Esou wéi mir d’Leide vu Christus iwwer all Moosse matkruten, esou kréie mir och säin Trouscht iwwer all Moosse mat.

[6] Wa mir ënnerdréckt ginn, dann ass dat fir ären Trouscht an är Rettung, déi wierkt wéinst dem Erdroe vun deemselwechte Leed, dat och mir mussen erleiden. Wa mir getréischt ginn, dann ass dat fir ären Trouscht an är Rettung.

[7] Eis Hoffnung fir iech ass gewëss, well mir wëssen, datt dir geneesou un eisem Trouscht deelhuelt wéi un eisem Leed.

[8] Geschwëster, mir wëllen nämlech net, datt dir näischt gewuer gitt iwwert déi schwéier Zäiten, déi mir a Klengasien erlieft hunn. Mir goufen iwwert all Mooss an iwwert eis Kraaft eraus belaascht, esou datt mir esouguer dru gezweiwelt hunn, ob mir iwwerliewe géifen.

[9] Et ass eis tatsächlech esou virkomm, wéi wa mir zur Doudesstrof veruerteelt gi wieren, fir datt mir net op eis selwer vertrauen, mee op Gott, deen déi Doudeg operstoe léisst.

[10] Gott huet eis virun esou engem schrecklechen Doud gerett an hie rett eis och elo. Mir hunn eis Hoffnung an hie gesat, datt hien eis och weiderhi rett.

[11] Dir schléisst iech eis un, andeems dir eis duerch är Gebieder hëlleft. Esou kënne vill Leit Merci soe fir d’Gof, déi dir erwise krut duerch d’Gebieder vu ville Leit.

[12] Dat hei ass eisen Houfert: Eist Gewësse bezeit, datt mir eis an der Welt, ma virun allem géintiwwer iech mat Einfachheet a gëttlecher Oprichtegkeet beholl hunn (net duerch weltlech Wäisheet mee duerch d’Gnod vu Gott).

[13] Mir schreiwen iech nämlech näischt aneschtes wéi dat, wat dir liesen a verstoe kënnt. Ech hoffen och, datt dir och vollstänneg verstitt

[14] (esou wéi dir eis schonn zum Deel verstanen hutt), fir datt dir um Dag vum Här Jesus esou houfreg op eis kënnt sinn, wéi mir op iech.

[15] Mat där Zouversiicht wollt ech iech schonn éischter besichen, fir datt dir eis eng zweete Kéier Gnod erweise kënnt.

[16] Ech wollt iech um Wee fir a Mazedonien besiche kommen an dann um Réckwee vu Mazedonien nees bei iech bleiwen, esou datt dir mech dann a Judea schécke kéint.

[17] War dat éiere liichtfankeg vu mir, fir mir dat virzehuelen? Oder wann ech mir eppes virhuelen, huelen ech mir dat éieren op eng reng mënschlech Manéier vir, ewéi wann ech an engem Otem „Jo“ an „Neen“ géif soen?

[18] Esou sécher wéi Gott trei ass, esou sécher ass eis Botschaft un iech net an engems „Jo“ an „Neen“.

[19] De Jong vu Gott, de Jesus Christus, deen ënnert iech vun eis (vu mir, dem Silvanus an dem Timothée) verkënnegt gouf, war net en „Jo“ an en „Neen“. Am Géigendeel, an him war et ëmmer en „Jo“!

[20] All d’Versprieche vu Gott hunn nämlech wéinst senger hiren „Jo“. Dofir ass et och duerch hien, datt mir „Amen“ zu Gott soe fir seng Verherrlechung.

[21] Et ass Gott, deen eis zesumme mat iech a Christus gefestegt huet, deen eis och gesalleft huet,

[22] deen eis säi Sigel opgedréckt huet an eis de Geescht als Akkont an eis Häerzer geluecht huet.

[23] Ech beruffe mech op Gott als mäin Zeien – et war, fir iech ze schounen, datt ech net nees op Korinth koum!

[24] Et ass net esou, datt mir wëllen Här iwwert äre Glawe sinn, mee mir schaffen zesumme mat iech fir är Freed. Duerch de Glawe sidd dir standhaft!

Den zweete Bréif un d’Korinther — Chapters