Skip to content
Opens in a new window

[1] Wéi kann ee vun iech, deen eng Plainte géint en anere vun iech gemaach huet, sech trauen, virun d’Geriicht vun den Ongerechten ze goen amplaz virun déi Helleg?

[2] Wësst dir net, datt déi Helleg d’Welt enges Daags riichten? Wann d’Welt vun iech geriicht gëtt, sidd dir dann éieren net amstand, dës Klengegkeeten ze riichten?

[3] Wësst dir net, datt mir Engele riichte wäerten? Ëmsou méi dann, d’Affairë vum Alldag!

[4] Wann dir also en Uerteel iwwert Affairë vum Alldag braucht, da bréngt se dach viru Männer, déi vun der Gemeinschaft veruecht ginn!

[5] Ech soen dat zu ärer Schan! Et kann dach net sinn, datt et keen ënnert iech gëtt, dee weis genuch ass, e Sträit tëschent senge Geschwëster ze regelen!

[6] Amplaz dovunner geet ee Brudder géint en anere viru Geriicht an dat och nach virun Ongleeweger!

[7] De Fait, datt dir ee géint deen anere Prozess féiert, ass schonn Nidderlag genuch. Firwat erdrot dir net léiwer d’Onrecht? Firwat loosst dir iech net éischter bedréien?

[8] Amplaz dovunner dot dir Onrecht a bedréit – an dat maacht dir mat äre Geschwëster!

[9] Wësst dir net, datt déi Ongerecht d’Kinnekräich vu Gott net ierwen? Loosst iech net täuschen! Déi, déi onerlaabte Sex hunn, Gëtzen ubieden, am Bestietnes friemginn, ënnerdéngeg oder dominant Homosexueller sinn,

[10] déi Rangsteg, d’Déif, d’Sëffer, déi, déi aner Leit duerch den Dreck schleefen, an d’Raiber ierwen d’Kinnekräich vu Gott net.

[11] Muncheree vun iech war fréier esou! Mee dir gouft gewäsch, dir gouft gehellegt, dir krut Gerechtegkeet zougesprach duerch den Numm vum Här Jesus an duerch de Geescht vun eisem Gott.

[12] „Alles ass mir erlaabt“, mee net alles ass nëtzlech. „Alles ass mir erlaabt“, mee ech gi vun näischt beherrscht.

[13] „D’Iessen ass fir de Bauch geduecht an de Bauch fir d’Iessen.“ Mee Gott zerstéiert se allebéid. De Kierper ass net fir onerlaabte Sex geduecht, mee fir den Här, an den Här fir de Kierper.

[14] Gott huet den Här operstoe gelooss an duerch seng Kraaft wäert hien och eis operstoe loossen.

[15] Wësst dir net, datt är Kierpere Glidder vu Christus sinn? Soll ech also d’Glidder vu Christus huelen a si zu Glidder vun enger Houer maachen? Op kee Fall!

[16] Oder wësst dir net, datt deen, dee sech mat enger Houer vereent, ee Läif mat hir gëtt? Hie seet nämlech: „Déi Zwee ginn ee Läif.“ (1. Moses 2,24)

[17] Mee wie mam Här vereent ass, ass ee Geescht mat him.

[18] Laaft virum onerlaabte Sex fort! All aner Sënn, déi e Mënsch begeet, ass baussent dem Kierper, mee wien onerlaabte Sex huet, sënnegt géint säin eegene Kierper.

[19] Oder wësst dir net, datt äre Kierper den Tempel vum hellege Geescht ass, deen an iech wunnt an deen dir vu Gott krut? Dir gehéiert net iech selwer,

[20] well dir gouft fir en deiere Präis kaf. Verherrlecht dofir Gott mat ärem Kierper a mat ärem Geescht, déi allen zwee Gott gehéieren.

Den éischte Bréif un d’Korinther — Chapters