[1] Geschwëster, wéi ech bei iech koum, koum ech net mat groussaartege Rieden oder Wäisheet, fir iech d’Ausso vu Gott ze verkënnegen.
[2] Ech hat mir nämlech virgeholl, wéi ech bei iech war, iwwert näischt eppes ze wëssen ausser iwwert de Jesus Christus, dee gekräizegt gouf.
[3] Ech koum bei iech als e Mënsch, dee schwaach war, deen Angscht hat a vill geziddert huet.
[4] Meng Ried a meng Verkënnegung waren net mat iwwerzeegende Wierder vun mënschlecher Wäisheet, mee mat mächtegem Beweis vum Geescht,
[5] fir datt äre Glawen net op mënschlech Wäisheet, mee op d’Kraaft vu Gott gebaut géif sinn.
[6] Mir verkënnege scho Wäisheet ënnert deenen, déi räif sinn, mee se ass keng Wäisheet vun dësem Zäitalter oder vun den Herrscher vun dësem Zäitalter, déi verginn.
[7] Villméi verkënnege mir d’Wäisheet vu Gott, déi duerch e Geheimnis verstoppt gouf an déi Gott virun den Zäitaltere fir eis Herrlechkeet virausbestëmmt hat.
[8] Kee vun den Herrscher vun dësem Zäitalter huet se verstanen, well wa si se verstanen hätten, dann hätte si den Här vun der Herrlechkeet net gekräizegt.
[9] Mee wéi et geschriwwe steet: „Et huet keen A gesinn, keen Ouer héieren an et ass och kengem Mënsch an de Sënn komm, wat Gott fir déi virbereet huet, déi hie gär hunn.“ (Yesaia 64,3)
[10] Eis awer huet Gott dat alles duerch säi Geescht gewisen. De Geescht erfuerscht nämlech alles, esouguer d’Déifte vu Gott.
[11] Wie vun de Mënsche weess, wat de Mënsch denkt, ausser de Geescht vum Mënsch, deen an him ass? Geneesou kennt och keen d’Gedanke vu Gott ausser dem Geescht vu Gott.
[12] Mir hunn net de Geescht vun der Welt kritt, mee de Geescht, dee vu Gott kënnt, fir datt mir dat alles erkenne kënnen, wat Gott eis geschenkt huet.
[13] Dovu schwätze mir och net mat Wierder, déi eis duerch mënschlech Wäisheet bäibruecht goufen, mee mat Wierder, déi eis den Hellege Geescht léiert. Esou erkläre mir deenen, déi nom Geescht liewen, dem Geescht säi Wierken.
[14] De weltleche Mënsch hëlt dat net un, wat vum Geescht vu Gott kënnt, well et fir hien topeg ass. Hie kann et och net verstoen, well et nëmme mat der Hëllef vum Geescht erkannt ka ginn.
[15] Deen, deen nom Geescht lieft, veruerteelt alles, mee hie selwer gëtt vu kengem veruerteelt.
[16] Et steet nämlech geschriwwen: „Wie kennt d’Gedanke vum Här, fir him eppes bäizebréngen?“ (Yesaia 40,13) Mir awer hunn d’Gedanke vu Christus.