Skip to content
Opens in a new window

[1] Sinn ech net en Apostel? Sinn ech net fräi? Hunn ech net eisen Här Jesus Christus gesinn? Sidd dir net mäi Wierk fir den Här?

[2] Wann ech fir anerer net en Apostel sinn, da sinn ech op mannst ee fir iech! Dir sidd de Sigel vu mengem Déngscht als Apostel vum Här.

[3] Dat hei ass meng Verdeedegung virun deenen, déi mech a Fro stellen:

[4] Hu mir net d’Recht dorop, Iessen an Drénken ze kréien?

[5] Hu mir net d’Recht dorop, eis gleeweg Fra matzehuelen, esou wéi déi aner Apostelen an och dem Här seng Bridder an de Kefas et maachen?

[6] Oder sinn et just de Bar-Naba an ech, déi hiren eegenen Ënnerhalt verdénge mussen?

[7] Wien zitt schonns op seng eege Käschten an de Krich? Wie setzt e Wéngert un, ouni d’Friichten dovunner z’iessen? Wien hitt eng Häerd, ouni d’Mëllech vun der Häerd ze drénken?

[8] Schwätzen ech éiere just aus mënschlecher Perspektiv? Seet d’Gesetz dat net och?

[9] Et steet nämlech am Gesetz vum Moses geschriwwen: „Du solls dem Uess beim Dresche kee Maulkuerf undoen.“ (5. Moses 25,4) Ass Gott dann éieren ëm d’Uesse besuergt

[10] oder seet hien dat net éischter fir eis? Wéinst eiser steet et nämlech geschriwwen, datt deen, dee plout, an der Hoffnung plout an deen, deen drescht, an der Hoffnung drescht, fir en Deel vum Ertrag ze kréien.

[11] Wa mir geeschtleche Som ënnert iech geséit hunn, ass et dann zevill verlaangt, datt mir vun ärem materielle Besëtz kréien?

[12] Wann anerer d’Recht dorop hunn, en Deel vun ärem Besëtz ze kréien, wéi vill méi da mir? Mir hunn awer vun deem Recht kee Gebrauch gemaach, villméi hale mir alles aus, fir der gudder Noriicht vu Christus net am Wee ze stoen.

[13] Wësst dir net, datt déi, déi am Tempel schaffen, hiert Iesse vum Tempel kréien an datt déi, déi beim Altor déngen, en Deel vun deem kréien, wat geaffert gouf?

[14] Geneesou huet den Här befuel, datt déi, déi d’gutt Noriicht verkënnegen, vun der gudder Noriicht liewe sollen.

[15] Ech hunn awer vu kengem vun deene Rechter Gebrauch gemaach. Ech schreiwen dat hei och net, fir elo dovunner Gebrauch ze maachen. Ech wéilt nämlech léiwer stierwen, wéi datt ee mir deen ee Sujet, iwwert deen ech houfreg sinn, ewechhuele géif!

[16] Ech ka mech net doriwwer bretzen, datt ech d’gutt Noriicht verkënnegen, well ech et maache muss. Et wier schrecklech fir mech, wann ech d’gutt Noriicht net verkënnege géif!

[17] Wann ech et fräiwëlleg maachen, dann hunn ech e Loun, mee wann ech et net fräiwëlleg maachen, da féieren ech just dat aus, wat mir uvertraut gouf.

[18] Wat ass dann elo mäi Loun? Ma ganz einfach: datt ech d’Verkënnegung vun der gudder Noriicht gratis ka weiderginn, ouni vun de Rechter, déi mir duerch d’gutt Noriicht zoustinn, Gebrauch ze maachen.

[19] Och wann ech fräi vun allem sinn, hunn ech mech selwer zum Sklav vu jidderengem gemaach, fir datt ech der méi gewanne kann.

[20] Fir d’Judde gouf ech wéi e Judd, fir d’Judden ze gewannen. Fir déi, déi ënnert dem Gesetz stinn, gouf ech wéi een ënnert dem Gesetz, fir déi ënnert dem Gesetz ze gewannen.

[21] Fir déi, déi ouni d’Gesetz liewen, gouf ech wéi een ouni d’Gesetz (och wann ech net fräi vu Gott sengem Gesetz sinn, mee ënnert dem Gesetz vu Christus sinn), fir déi ze gewannen, déi ouni d’Gesetz liewen.

[22] Fir déi Schwaach gouf ech schwaach, fir déi Schwaach ze gewannen. Ech gouf alles fir all Mënsch, fir datt ech op all Manéier verschidde Leit gewanne kéint.

[23] Ech maachen dat alles wéinst der gudder Noriicht, fir datt ech mat iech dorunner deelhuele kann.

[24] Wësst dir net, datt déi, déi an enger Course lafen, alleguer lafen, mee datt nëmmen een de Präis kritt? Laaft esou, datt dir e gewannt.

[25] All Athlet, dee matmécht, ënnerwerft sech engem strikten Training. Hie mécht dat, fir e vergängleche Kranz ze kréien, mee mir maachen et, fir eng onvergänglech Kroun ze kréien.

[26] Dofir lafen ech net esou, wéi wann ech keen Zil hätt. Ech boxen net ewéi een, deen an d’Loft schléit.

[27] Villméi kristillegen ech mech a beherrsche mäi Läif, fir datt ech net selwer disqualifizéiert ginn, nodeems ech deenen aneren d’gutt Noriicht verkënnegt hunn.

Den éischte Bréif un d’Korinther — Chapters