Skip to content
Opens in a new window

[1] Wat elo d’Fleesch ugeet, dat de Gëtze geaffert gouf, wësse mir: „Mir hunn alleguer Erkenntnes.“ Erkenntnes mécht d’Leit iwwerhieflech, mee d’Léift baut d’Leit op.

[2] Wann ee mengt, eppes ze wëssen, da weess hien nach näischt esou, wéi hien et misst wëssen.

[3] Wann een awer Gott gär huet, dann ass dee vu Gott erkannt.

[4] Wat elo d’Iesse vum Fleesch, dat de Gëtze geaffert gouf, ugeet, wësse mir: „Et gëtt kee Gëtzen an dëser Welt“, an: „Et gëtt kee Gott, ausser deem engen.“

[5] Och wann et sougenannte Gëtter am Himmel an op der Äerd gëtt (esou wéi et jo vill „Gëtter“ a vill „Hären“ gëtt),

[6] gëtt et fir eis nëmmen ee Gott, de Papp, vun deem alles kënnt a fir dee mir liewen, an een Här, de Jesus Christus, duerch deen alles existéiert an duerch dee mir liewen.

[7] Mee net jiddereen huet dës Erkenntnes. Verschidde Leit stinn nach ënner dem Afloss vun der Gëtzenubiedung an hu bis elo giess, wéi wann d’Fleesch de Gëtze geaffert gi wier an esou gouf hiert schwaacht Gewësse befleckt.

[8] D’Iesse beaflosst awer net eis Positioun viru Gott. Wa mir iessen, da gewanne mir näischt a wa mir net iessen, da verléiere mir näischt.

[9] Gitt awer uecht, datt äert Recht op kee Fall zum Verhängnis fir déi Schwaach gëtt.

[10] Wann een dech, deen s du d’Erkenntnes hues, an engem Gëtzentempel iesse gesäit, wäert da säi schwaacht Gewëssen net dozou verleet ginn, fir dat z’iessen, wat de Gëtze geaffert gouf?

[11] Wéinst denger Erkenntnes geet de schwaache Brudder, fir dee Christus gestuerwen ass, zu Grond.

[12] Wann dir iech esou géint är Geschwëster versënnegt an hiert schwaacht Gewësse verletzt, da sënnegt dir géint Christus.

[13] Fir zesummenzefaassen: Wann d’Iesse mengem Brudder zum Verhängnis gëtt, dann iessen ech ni méi Fleesch, fir datt ech mengem Brudder net zum Verhängnis ginn.

Den éischte Bréif un d’Korinther — Chapters