[1] Geschwëster, ech wëll iech net am Onwësse loossen iwwert dat, wat vum Geescht kënnt.
[2] Dir kënnt iech jo drun erënneren, datt dir, wéi dir nach net gegleeft hutt, zu de stomme Gëtzen higezunn an esouguer vun hinnen irgeféiert gouft.
[3] Dofir wëll ech iech kloerstellen, datt keen, deen duerch de Geescht vu Gott schwätzt, soe kann, datt de Jesus verflucht ass. Et kann och kee soen, datt de Jesus Här ass, et sief dann duerch den hellege Geescht.
[4] Et gi verschidde Gowen, mee et ass deeselwechte Geescht.
[5] Et ginn och verschidden Déngschter, mee et ass deeselwechten Här.
[6] Et ginn och verschidden Doten, mee et ass deeselwechte Gott, deen all d’Doten a jidderengem bewierkt.
[7] Jidderee krut en Ausdrock vum Geescht, fir jidderengem nëtzlech ze sinn.
[8] Deen ee kritt e weist Wuert vum Geescht, fir et matzedeelen. En anere kritt duerch deeselwechte Geescht e Wuert vun der Erkenntnes, fir et matzedeelen.
[9] En anere kritt Glawen duerch deeselwechte Geescht. En anere kritt Gowen, fir ze heelen duerch deeselwechte Geescht.
[10] En anere kritt d’Fäegkeet, fir Wonner ze wierken; en anere kritt Prophezeiung; en anere kritt d’Fäegkeet, fir tëscht de Geeschter z’ënnerscheeden; en anere kritt d’Fäegkeet, fir Sproochen aus verschiddene Sproochegruppen ze schwätzen; en anere kritt d’Fäegkeet, fir Sproochen z’iwwersetzen.
[11] All dës Gowe ginn duerch een an deeselwechte Geescht bewierkt, deen all Gof u jidderee verdeelt, esou wéi hien et fir richteg hält.
[12] Esou wéi de Kierper jo eent ass, mee vill Glidder huet an all d’Glidder vun deem enge Kierper, och wann et der vill sinn, ee Kierper bilden, esou ass et och mat Christus.
[13] Mir goufen nämlech duerch ee Geescht all an een eenzege Kierper eragedeeft (egal ob mir Judden oder Griiche sinn, Sklaven oder Fräier) a mir all kruten aus engem Geescht ze drénken.
[14] De Kierper besteet nämlech net aus engem Glidd, mee aus villen.
[15] Wann de Fouss géif soen: „Ech si keng Hand, dofir sinn ech keen Deel vum Kierper“, da géif dat net heeschen, datt en net en Deel vum Kierper wier.
[16] Wann d’Ouer géif soen: „Ech si keen A, dofir sinn ech keen Deel vum Kierper“, da géif dat net heeschen, datt et net en Deel vum Kierper wier.
[17] Wann de ganze Kierper en A wier, wéi kéint en da wuel héieren? Wann de ganze Kierper en Ouer wier, wéi kéint en da wuel richen?
[18] Taatsaach ass, datt Gott all d’Glidder, all eenzelt vun hinnen, am Kierper agesat huet, wou hie wollt.
[19] Wa si all just ee Glidd wieren, wou wier dann de Kierper?
[20] Taatsaach ass, datt et vill Glidder ginn, mee just ee Kierper.
[21] D’A kann net zur Hand soen: „Ech brauch dech net!“ De Kapp kann och net zu de Féiss soen: „Ech brauch iech net!“
[22] Am Géigendeel, et sinn déi Glidder vum Kierper, déi am schwächste schéngen, déi am néidegste sinn.
[23] Deene Glidder, vun deene mir mengen, datt si net éierbar wieren, erweise mir eng gréisser Éier. Déi Glidder, déi net anstänneg sinn, behandele mir mat méi Anstand.
[24] Eis Glidder, déi sech weise loossen, brauchen net esou behandelt ze ginn. Gott awer huet de Läif zesummegesat an huet deem Glidd, deem d’Éier gefeelt huet, eng gréisser Éier erwisen,
[25] fir datt et kee Sträit am Kierper gëtt. Amplaz vu Sträit sollen d’Glidder d’selwecht firenee suergen.
[26] Wann ee Glidd leit, da leiden all d’Glidder mat him. Wann ee Glidd geéiert gëtt, da freeë sech all d’Glidder mat him.
[27] Dir sidd de Kierper vu Christus an all eenzele vun iech ass en Deel dovunner.
[28] Gott huet d’Glidder an der Gemeinschaft op folgend Manéier agesat: fir d’éischt Apostelen, zweetens Prophéiten, drëttens Léiermeeschteren, duerno déi, déi Wonner wierken, duerno déi mat Gowen, fir ze heelen, déi, déi hëllefe kënnen, déi, déi leede kënnen, an déi, déi Sproochen aus verschiddene Sproochegruppe schwätze kënnen.
[29] Ass éiere jiddereen en Apostel? Ass éiere jiddereen e Prophéit? Ass éiere jiddereen e Léiermeeschter? Wierkt éiere jidderee Wonner?
[30] Huet éiere jiddereen d’Gof, fir ze heelen? Schwätzt éiere jidderee lauter Sproochen? Kann éiere jiddereen iwwersetzen?
[31] Strieft awer no deene méi wichtege Gowen. An elo weisen ech iech nach e vill bessere Wee.