Skip to content
Opens in a new window

[1] Bleift fest an der Léift fir d’Geschwëster!

[2] Vernoléissegt d’Gaaschtfrëndschaft géintiwwer den Onbekannten net, well esou hu verschidde Leit, ouni et ze wëssen, Engelen als Gäscht empfaangen.

[3] Erënnert iech un d’Prisonéier, wéi wann dir selwer mat hinnen agespaart wiert. Erënnert iech och un déi, déi mësshandelt ginn, wéi wann dir selwer am Läif mësshandelt géift ginn.

[4] D’Bestietnes soll a jidder Hisiicht an Éiere gehale ginn. D’Bett vun de Bestuete soll onbefleckt sinn. Gott riicht nämlech déi, déi onerlaabte Sex hunn an am Bestietnes friemginn.

[5] Äre Liewensstil soll fräi vun der Léift fir d’Sue sinn. Sidd mat deem zefridden, wat dir hutt. Hie selwer huet jo gesot: „Ech verloossen dech ni a verstoussen dech ni.“ (5. Moses 31,6)

[6] Dofir kënne mir mat Zouversiicht soen: „Den Här ass meng Hëllef. Ech brauch keng Angscht ze hunn. Wat kann e Mënsch mir schonn undoen?“ (Psalmen 118,6-7)

[7] Erënnert iech un déi, déi iech leeden, déi iech d’Wuert vu Gott verkënnegt hunn. Denkt iwwert d’Resultat vun hirem Behuelen no an imitéiert hire Glawen.

[8] De Jesus, de Messias, ass deeselwechte gëschter, haut a fir ëmmer.

[9] Loosst iech net vun allerlee onbekannte Léieren irféieren. Et ass nämlech gutt, d’Häerz duerch d’Gnod ze stäerken an net duerch d’Iessen. Et huet deenen, déi all deem nogaange sinn, näischt genotzt.

[10] Mir hunn en Altor vun deem déijéineg, déi am Tempel déngen, net iessen däerfen.

[11] Den Haaptpriister bréngt d’Blutt vun den Déieren als Sënnaffer an déi hellegst Plaz eran, mee hir Kadavere gi baussent dem Lager verbrannt.

[12] Dofir huet de Jesus och baussent der Paart gelidden, fir datt hien d’Vollek duerch säin eegent Blutt hellege kéint.

[13] Loosst eis also baussent dem Lager bei hie goen a seng Schan och erdroen.

[14] Mir hunn nämlech keng permanent Stad hei, mee mir sichen d’Stad, déi nach kënnt.

[15] Loosst eis also wéinst senger Gott bestänneg e Sacrifice vun der Ubiedung bréngen. Dat sinn d’Wierder vun eise Lëpsen, déi säin Numm bekennen.

[16] Vernoléissegt net, Guddes ze doen an dat ze deelen, wat dir hutt. Gott huet Gefalen un esou Sacrificer.

[17] Follegt deenen, déi iech leeden, an uerdent iech hinnen ënner. Si waachen nämlech iwwert är Liewen, wéi Leit, déi Rechenschaft mussen ofleeën. Si sollen dat mat Freed maachen, ouni ze knouteren, well dat iech näischt brénge géif.

[18] Biet fir eis. Mir sinn dovunner iwwerzeegt, datt mir e gutt Gewëssen hunn a mir wëllen eis an allem, wat mir maachen, éierbar behuelen.

[19] Ech froen iech ganz besonnesch drëms ze bieden, datt ech séier nees bei iech zeréckkomme kann.

[20] De Gott vum Fridden, deen de groussen Hiert vun de Schof, eisen Här Jesus, vun den Doudegen zeréckbruecht huet duerch d’Blutt vun der éiweger Allianz,

[21] soll iech mat allem, wat gutt ass, ausrüsten, fir säi Wëllen auszeféieren. Hie soll an iech dat bewierken, wat him gefält, duerch de Jesus, de Messias. Him sief d’Herrlechkeet fir ëmmer an éiweg. Amen.

[22] Geschwëster, ech bieden iech: Huelt dach déi Wierder un, déi iech encouragéiere sollen. Ech hunn iech jo nëmme kuerz geschriwwen!

[23] Dir sollt wëssen, datt de Brudder Timothée fräigelooss gouf. Wann hie geschwë kënnt, bréngen ech hie mat, wann ech bei iech kommen.

[24] Gréisst all déi, déi iech leeden, an all déi Helleg. Déi Helleg aus Italien gréissen iech.

[25] Gnod sief mat iech all. Amen.

De Bréif un d’Hebräer — Chapters