Skip to content
Opens in a new window

[1] D’Gesetz enthält e Schiet vun deem Gudden, wat nach kënnt, an ass net d’Duerstellung selwer vun deem Richtegen. D’Gesetz kann nämlech ni déijéineg duerch déiselwecht Sacrificer perfekt maachen, déi si ëmmer nees Joer fir Joer bréngen.

[2] Hätt ee soss net opgehale mat Afferen? Wann déi, déi de Gottesdéngscht ausféieren, ee fir alle Mol gerengegt gi wieren, dann hätte si keng Sënn méi op hirem Gewëssen.

[3] Am Géigendeel, an deene Sacrificer ass Joer fir Joer eng Erënnerung un d’Sënn.

[4] Et ass nämlech onméiglech, duerch d’Blutt vu Stéieren a Geessebéck d’Sënn ewechzehuelen.

[5] Dofir sot hien, wéi hien an d’Welt koum: „Sacrificer an Affer wollts du net, mee e Kierper hues du fir mech virbereet.

[6] Du hues kee Gefalen u Brandaffer a Sënnaffer.

[7] Du sot ech: ‚Kuck, ech si komm (esou steet et am Schrëftrullo vum Buch iwwert mech geschriwwen), fir däi Wëllen ze maachen, Gott.‘“ (Psalmen 40,7-9)

[8] Virdru sot hien: „Sacrificer, Affer a Brandaffer fir d’Sënn wollts du net; du has kee Gefalen drun.“ Alles dat gëtt jo opgrond vum Gesetz geaffert.

[9] Du sot hien: „Kuck, Gott! Ech si komm, fir däi Wëllen ze maachen.“ Hien hëlt dat éischt ewech, fir dat zweet a Kraaft ze setzen.

[10] Duerch dëse Wëlle si mir gehellegt ginn duerch den Affer vum Läif vum Jesus, dem Messias, an dat ee fir alle Mol.

[11] All Dag steet de Priister do, säin Déngscht auszeféieren. Hien affert dacks déiselwecht Sacrificer, déi ni d’Sënn ewechhuele kënnen.

[12] Mee nodeems hien ee Sacrifice fir d’Sënn fir all Zäit geaffert hat, huet hie sech zur Rietser vu Gott gesat.

[13] Zënterhier waart hien drop, datt seng Feinden zu senger Foussbänk fir seng Féiss gemaach ginn.

[14] Duerch een eenzegen Affer huet hien nämlech fir ëmmer déi perfekt gemaach, déi gehellegt ginn.

[15] Den hellege Geescht bezeit dat och fir eis, well hie scho virdru gesot huet:

[16] „‚Mee dat hei ass déi Allianz, déi ech no där Zäit mat hinne schléissen‘, seet den Här. ‚Ech leeë mäi Gesetz op hir Häerzer a schreiwen et an hire Verstand.

[17] Ech erënnere mech dann net méi un hir Sënn an un hir Gesetzlosegkeet.‘“ (Yeremia 31,33-34)

[18] Wa Sënne verzie ginn, da gëtt et keen Affer méi fir d’Sënn.

[19] Geschwëster, dofir hu mir wéinst dem Jesus sengem Blutt Zouversiicht, fir an déi hellegst Plaz eranzegoen.

[20] De Jesus huet eis och en neien a liewege Wee duerch de Riddo opgemaach, dat heescht duerch säi Läif.

[21] Mir hunn och e grousse Priister iwwer d’Haus vu Gott.

[22] Loosst eis dofir mat engem oprichtegen Häerz eruntrieden, duerch d’Gewëssheet, déi duerch de Glawe kënnt, nodeems eis Häerzer vun engem schlechte Gewësse gerengegt goufen an eis Läiwer mat rengem Waasser gewäsch goufen.

[23] Loosst eis, ouni wankelmiddeg ze ginn, um Bekenntnes vun der Hoffnung festhalen, well deen, deen d’Versprieche ginn huet, ass trei.

[24] Loosst eis doriwwer nodenken, wéi mir een deen aneren zur Léift an zu gudden Doten encouragéiere kënnen.

[25] Mir sollen och net vun eise Versammlungen ewechbleiwen, esou wéi muncher sech dat zur Gewunnecht gemaach hunn, mee villméi solle mir eis géigesäiteg encouragéieren an dat ëmsou méi wann dir gesitt, datt den Dag méi no kënnt.

[26] Wa mir nämlech bewosst weider sënnegen, nodeems mir d’Kenntnes vun der Wourecht kritt hunn, bleift kee Sacrifice méi fir d’Sënnen iwwereg.

[27] Et bleift da just nach déi schrecklech, gewëss Erwaardung vum Geriicht a vun der Glous vum Feier, dat d’Géigner opfrësst.

[28] Wien d’Gesetz vum Moses verworf huet, gëtt ouni Erbaarmen op d’Ausso vun zwee oder dräi Zeien hinn ëmbruecht.

[29] Mengt dir net, datt deen, deen de Jong vu Gott mat Féiss getrëppelt huet, deen d’Blutt vun der Allianz, duerch dat hie gehellegt gouf, profanéiert huet an deen de Geescht vun der Gnod beleidegt huet, eng vill méi schlëmm Strof verdéngt hätt?

[30] Mir kennen deen, dee sot: „‚Et ass u mir, fir mech ze rächen, an u mir, fir zeréckzebezuelen‘, seet den Här.“ (5. Moses 32,35) A weider: „Den Här riicht säi Vollek.“ (5. Moses 32,36; Psalmen 135,14)

[31] Et ass schrecklech, an d’Hänn vum liewege Gott ze falen!

[32] Erënnert iech dach un déi fréier Deeg, an deenen dir no ärer Erliichtung e schroe Leidenskampf erdroen hutt.

[33] Engersäits gouft dir duerch Beleidegungen a Leed ëffentlech erniddregt; anerersäits gouft dir zu Partner mat deenen, déi och esou behandelt goufen.

[34] Dir hutt iech mat mir identifizéiert, wéi ech Prisonéier war. Wéi äre Besëtz confisquéiert gouf, hutt dir et mat Freed akzeptéiert, well dir wousst, datt dir am Himmel e besseren an dauerhafte Besëtz hutt.

[35] Gehäit also är Zouversiicht net ewech, déi eng grouss Belounung mat sech bréngt.

[36] Dir braucht Ausdauer, fir datt dir dat, wat versprach gouf, och kritt, nodeems dir de Wëlle vu Gott ausgeféiert hutt.

[37] „Nach eng ganz kuerz Zäit an da kënnt deen, dee komme soll, an e léisst net op sech waarden.

[38] De Gerechte lieft duerch de Glawen a wann hie sech zeréckzitt, dann hunn ech keng Freed un him.“ (Habakuck 2,3-4)

[39] Mir gehéieren awer net zu deenen, déi sech zeréckzéien an zerstéiert ginn. Villméi gehéiere mir zu deenen, déi gleewen, an hir Séile gerett kréien.

De Bréif un d’Hebräer — Chapters