Skip to content
Opens in a new window

[1] De Jacques, en Dénger vu Gott a vum Här Jesus Christus, un déi zwielef Stämm an der Diaspora: Sidd gegréisst!

[2] Meng Geschwëster, betruecht et als eng gelleg Freed, wann dir op verschidde Manéieren op d’Prouf gestallt gitt,

[3] well dir wësst, datt d’Prouf vun ärem Glawen Ausdauer ervirbréngt.

[4] Déi Ausdauer soll awer vollstänneg wierken, fir datt dir räif a vollkomme sidd an datt et iech un näischt feelt.

[5] Wann et engem vun iech u Wäisheet feelt, da soll hie Gott froen, dee jidderengem generéis gëtt, ouni iergende Virworf ze maachen, an hie kritt se.

[6] Hie soll awer am Glawe froen, ouni ze zweiwelen, well wien zweiwelt, ass ewéi eng Mierwell, déi vum Wand gedriwwen an hin an hier gehäit gëtt.

[7] Esou e Mënsch soll net mengen, datt hien eppes vum Här kritt,

[8] well hie wankelmiddeg an onbestänneg an all senge Weeër ass.

[9] De Brudder aus niddregem Stand soll awer op seng héich Positioun houfreg sinn;

[10] de Räiche soll op seng niddreg Positioun houfreg sinn, well hien enges Daags ewéi eng wëll Blumm verwielecht.

[11] D’Sonn geet nämlech mat enger gliddeger Hëtzt op a verdréchent d’Gras. D’Bléi fält erof an der Blumm hir Schéinheet ass futti. A genee esou vergeet och de Räiche mat allem, wat hie mécht.

[12] Geseent ass de Mann, deen d’Versuchung aushält, well wann hie sech bewisen huet, kritt hien d’Kroun vum Liewen, déi den Här deene versprach huet, déi hie gär hunn.

[13] Et soll kee soen, wann hie verféiert gëtt: „Ech gi vu Gott verféiert.“ Gott kann nämlech net vum Béise verféiert ginn an hie selwer verféiert och keen.

[14] Mee jidderee gëtt verféiert, wann hie vu sengen eegene Begierlechkeeten ugezunn a gelackelt gëtt.

[15] Wann d’Begierlechkeet hie bis ergraff huet, bréngt si Sënn ervir, an d’Sënn bréngt den Doud ervir, wann déi sech bis ganz entwéckelt huet.

[16] Loosst iech net irféieren, meng léif Geschwëster!

[17] All gutt Gof an all perfekte Kaddo kënnt vun uewen erof, vum Papp vun den Himmelsliichter, bei deem et weder Verännerung gëtt nach Wiessel oder Ännerung vum Schiet.

[18] No sengem Wëllen huet hien eis duerch d’Wuert vun der Wourecht ervirbruecht, fir datt mir esou eppes wéi d’Éischtfruucht vu senge Kreature wieren.

[19] Meng léif Bridder, jidderee soll séier sinn, fir nozelauschteren, lues sinn, fir ze schwätzen, a lues sinn, fir rosen ze ginn,

[20] well e rosene Mënsch bréngt net d’Gerechtegkeet, déi Gott wëllt, ervir.

[21] Leet dofir all onmoralesche Knascht an all Rescht vu Béiswëllegkeet of an huelt d’Wuert mat Duussheet un, dat an iech ageplanzt gouf an dat et fäerdegbréngt, fir är Séilen ze retten.

[22] Setzt awer d’Wuert an Doten ëm a lauschtert net just no, well soss bedréit dir iech selwer.

[23] Wien d’Wuert héiert, mee et net an Doten ëmsetzt, deen ass ewéi e Mënsch, dee säin eegent Gesiicht am Spigel ukuckt:

[24] Nodeems hie sech gekuckt huet, geet hie fort a gläich drop vergësst hien, wéi hien ausgesinn huet.

[25] Mee wien an dat perfekt Gesetz vun der Fräiheet erakuckt, deem trei bleift an och net vergësst, wat hien héieren huet, mee dat mécht, wat et verlaangt, dee gëtt an deem, wat hie mécht, geseent.

[26] Wann ee vun iech mengt, hie wier fromm, ma hien hält seng Zong net am Zam, da bedréit hie säin eegent Häerz a seng Frëmmegkeet ass onnëtz.

[27] Reng an onbefleckt Frëmmegkeet viru Gott, dem Papp, ass déi hei: sech ëm Weesekanner a Witfraen an hirer Nout ze bekëmmeren a sech net vun der Welt verdierwen ze loossen.

De Bréif vum Jacques — Chapters