Skip to content
Opens in a new window

[1] Mir sollen Angscht hunn, datt et bei kengem vun iech esou ausgeséich, wéi wann hie vun där Rou ausgeschloss géif ginn, esoulaang d’Verspriechen, fir a seng Rou eranzegoen, nach besteet.

[2] Mir krute jo d’gutt Noriicht verkënnegt, geneesou wéi si. Mee d’Botschaft, déi si héieren haten, hat hinnen näischt genotzt, well si dat, wat si héieren haten, net mat Glawe verbonnen haten.

[3] Mir, déi mir gleewen, ginn awer an dës Rou eran. Esou wéi hie sot: „Esou hunn ech a menger Roserei geschwuer: ‚Op kee Fall gi si a meng Rou eran!‘“ (Psalmen 95,11) An dach ware seng Wierker zënter der Grënnung vun der Welt ofgeschloss.

[4] Et steet nämlech iergendwou iwwert de siwenten Dag geschriwwen: „Gott huet um siwenten Dag vun all senge Wierker gerout.“ (1. Moses 2,2)

[5] An nees sot hien an deem Text: „Op kee Fall gi si a meng Rou eran!“ (Psalmen 95,11)

[6] Dofir steet et nach fir munchen aus, an d’Rou eranzegoen. Déijéineg, déi fréier d’gutt Noriicht verkënnegt kruten, goungen net eran, well si net gefollegt haten.

[7] Och wann hien esou laang duerno duerch den David geschwat huet, huet hien e bestëmmten Dag festgeluecht an zwar „haut“. Esou wéi geschriwwe steet: „Haut, wann dir seng Stëmm héiert, da loosst är Häerzer net verbruet ginn.“ (Psalmen 95,7-8)

[8] Wann de Yoschua hinne Rou ginn hätt, dann hätt Gott jo net vun engem aneren Dag geschwat.

[9] Also steet eng Sabbat-Rou fir d’Vollek vu Gott nach aus.

[10] Wien nämlech a seng Rou erageet, dee rout och selwer vu senge Wierker, esou wéi Gott vu senge gerout huet.

[11] Dofir solle mir eis beméien, fir an déi Rou eranzegoen, fir datt kee fält, well hien d’Beispill vun deenen nomécht, déi net gefollegt hunn.

[12] D’Wuert vu Gott ass lieweg a mächteg. Et ass méi schaarf wéi all zweeschneidegt Schwäert. Et geet duerch, bis et Séil a Geescht, Muerch a Schank trennt. Et kann och d’Gedanken an d’Intentioune vum Häerz riichten.

[13] Keng Kreatur ass viru Gott verstoppt. Alles ass plakeg an entbléisst virun den Ae vun deem, deem mir Rechenschaft ofleeë mussen.

[14] Mir hunn e groussen Haaptpriister, deen duerch den Himmel gaangen ass, an zwar de Jesus, de Jong vu Gott. Loosst eis also un eisem Bekenntnis festhalen.

[15] Mir hunn nämlech en Haaptpriister, dee sech mat eise Schwächten identifizéiere kann. Hie gouf jo an allem esou wéi mir op d’Prouf gestallt, mee ouni ze sënnegen.

[16] Loosst eis dofir mat Zouversiicht un den Troun vun der Gnod eruntrieden, fir datt mir Baarmhäerzegkeet kréien a Gnod fannen, an Zäiten, wou mir Hëllef brauchen.

De Bréif un d’Hebräer — Chapters