[1] Dofir solle mir déi elementar Botschaft vum Messias hannert eis loossen an duerno striewen, räif ze sinn. Mir sollen net nees d’Fëllement leeën, dat aus der Ëmkéier vun den Doten, déi an den Doud féieren, aus dem Glawen u Gott,
[2] aus der Léier iwwert d’Wäschritualer, iwwert d’Hänn opleeën, iwwert d’Operstéiung vun den Doudegen an iwwert dat éiwegt Geriicht besteet.
[3] Dat alles wäerte mir maachen, wa Gott et erlaabt.
[4] Et ass nämlech onméiglech déijéineg, déi eng Kéier bei d’Liicht bruecht goufen, déi d’himmlesch Gof geschmaacht hunn, déi en Undeel um hellege Geescht kritt hunn,
[5] déi d’gutt Wuert vu Gott an d’Muechte vum kommenden Zäitalter geschmaacht hunn
[6] an dann ofgefall sinn, nees dozou ze bréngen ëmzekéieren. Esou kräizege si de Jong vu Gott nees fir sech selwer a bréngen ëffentlech Schan iwwert hien.
[7] De Reen fält dacks op de Buedem a sickert eran, wat nëtzlech Planze fir déi ervirbréngt, déi geakert hunn. De Buedem kritt op dës Manéier e Sege vu Gott.
[8] Wann de Buedem awer Dären an Dëschtelen ervirbréngt, ass en onnëtz an drop an drun, fir verflucht ze ginn. Um Enn gëtt e verbrannt.
[9] Och wa mir elo esou schwätzen, léif Frënn, si mir an ärem Fall vu Besserem iwwerzeegt, wat mat der Rettung ze dinn huet.
[10] Gott ass nämlech net esou ongerecht, fir äert Wierk ze vergiessen. Hie vergësst net d’Aarbecht vun der Léift, déi dir sengem Numm erwisen hat, wéi dir den Helleger gedéngt hutt an elo och nach ëmmer déngt.
[11] Mir wëllen, datt all eenzele vun iech mat der Gewëssheet op d’Hoffnung bis zum Schluss deeselwechte Fläiss beweist,
[12] fir datt dir net liddereg gitt, mee déi imitéiert, déi duerch Glawen a Gedold d’Verspriechen ierwen.
[13] Wéi Gott dem Abraham e Versprieche gemaach huet, huet hie bei sech selwer geschwuer, well hie kee Gréissere wéi sech selwer hat, bei deem hie schwiere konnt.
[14] Hie sot: „Ech wëll dech sécherlech seenen an ech wëll deng Nokomme sécherlech onzieleg maachen.“ (1. Moses 22,17)
[15] Nodeems den Abraham gedëlleg gewaart hat, huet hien erlieft, wéi d’Verspriechen an Erfëllung goung.
[16] D’Mënsche schwiere jo bei engem Gréisseren, wéi si et sinn. En Eed, deen als Bestätegung ofgeluecht gëtt, zitt e Schlussstréch ënnert all Sträit.
[17] Gott wollt d’onverännerbar Natur vu senger Entscheedung den Ierwe vum Verspriechen nach méi ënner Beweis stellen an dofir huet hien d’Versprieche mat engem Eed versigelt.
[18] Hien huet dat gemaach, fir datt duerch zwee onverännerbar Fakten, an deene Gott net ka léien, mir, déi mir geflücht sinn, staark encouragéiert kënne ginn, fir d’Hoffnung, déi virun eis läit, z’ergräifen.
[19] Mir hunn dës Hoffnung als sécheren a festen Anker fir eis Séilen. Si ass eng Hoffnung, déi an d’Hellegtum bis hannert de Riddo erageet,
[20] wou de Jesus an eiser Plaz als Virleefer eragaangen ass, well hie fir ëmmer Haaptpriister nom Uerde vum Melchizedek ginn ass.