[1] Dofir, helleg Geschwëster, déi dir un enger himmlescher Beruffung deelhuelt, kuckt op den Apostel an Haaptpriister, de Messias Jesus, dee mir bekennen.
[2] Hie war deem trei, deen hien ernannt huet, genee wéi de Moses dem ganzen Haus vu Gott trei gedéngt huet.
[3] De Jesus gouf nämlech mat enger méi grousser Herrlechkeet wéi de Moses gewierdegt, genee wéi deen, deen d’Haus gebaut huet, méi Éier kritt wéi d’Haus selwer.
[4] All Haus gëtt jo vun iergendengem gebaut, mee deen, deen alles gebaut huet, ass Gott.
[5] De Moses war jo en treien Dénger am ganzen Haus vu Gott, fir iwwert dat auszesoen, wat nach verkënnegt géif ginn.
[6] De Messias war awer als Jong trei iwwert sengem Haus. Mir si säin Haus, wa mir bis zum Enn de Courage behalen an an eiser zouversiichtlecher Hoffnung standhaft bleiwen.
[7] Dofir seet den hellege Geescht: „Haut, wann dir seng Stëmm héiert,
[8] da loosst är Häerzer net verbruet ginn, esou wéi si et an der Rebellioun gemaach hunn, um Dag vun der Prouf an der Wüst.
[9] Är Pappen hu mech do op d’Prouf gestallt. Si hu mech erausgefuerdert; si hu meng Dote während véierzeg Joer gesinn.
[10] Dofir war ech mat där Generatioun rosen a sot: ‚Hir Häerzer ginn ëmmer irgeféiert. Si hu meng Weeër net kannt.‘
[11] Esou hunn ech a menger Roserei geschwuer: ‚Op kee Fall gi si a meng Rou eran!‘“ (Psalmen 95,7-11)
[12] Gitt also uecht Geschwëster, datt et a kengem vun iech e béisst, ongleewegt Häerz gëtt, dat vum liewege Gott offält.
[13] Villméi, encouragéiert een deen aneren all Dag, esoulaang en nach „haut“ genannt gëtt, fir datt kee vun iech wéinst dem Bedruch vun der Sënn verbruet gëtt.
[14] Mir hunn nämlech Undeel um Messias, wa mir bis un d’Enn un eiser Zouversiicht festhalen, déi mir am Ufank haten.
[15] Esou wéi geschriwwe steet: „Haut, wann dir seng Stëmm héiert, da loosst är Häerzer net verbruet ginn, esou wéi si et an der Rebellioun gemaach hunn.“ (Psalmen 95,7-8)
[16] Wien hat héieren an awer rebelléiert? Waren et net all déi, déi duerch de Moses aus Ägypten ausgezu waren?
[17] A mat wiem war hie véierzeg Joer laang rosen? War et net mat deenen, déi gesënnegt haten, mat deenen, deenen hir Läichen an der Wüst leie bliwwe sinn?
[18] Wiem hat hie geschwuer, datt si net a seng Rou kéimen? War et net deenen, déi net gefollegt haten?
[19] Mir gesinn also, datt si wéinst dem Onglawen net eragoe konnten.