Skip to content
Opens in a new window

[1] Dëse Melchizedek, Kinnek vu Salem a Priister vum allerhéchste Gott, ass dem Abraham op sengem Wee zeréck vun der Schluecht vun de Kinneke begéint an huet hie geseent.

[2] Den Abraham huet him en Zéngtel vun allem ginn. Éischtens bedeit säin Numm „Kinnek vun der Gerechtegkeet“ an dann ass hien och Kinnek vu Salem, wat „Kinnek vum Fridden“ bedeit.

[3] Fir de Melchizedek gouf kee Papp, keng Mamm, kee Stammbam, keng Gebuert a keen Doud festgehalen. Hie gläicht dem Jong vu Gott andeems hie fir ëmmer e Priister bleift.

[4] Denkt dach nëmmen driwwer no, wéi grouss hie war! Esouguer de Patriarch Abraham huet him en Zéngtel vun der Bäit ginn!

[5] D’Nokomme vum Levi, déi Priister gi sinn, hunn am Gesetz e Gebot, fir en Zéngtel vum Vollek, dat heescht vun hire Bridder, anzesammelen, obwuel si selwer Nokomme vum Abraham sinn.

[6] Deen, deen net vun hinnen ofstaamt, huet en Zéngtel vum Abraham ugeholl an huet dee geseent, deem d’Versprieche gemaach gouf.

[7] Et steet ausser Fro, datt dee manner Dichtege vun deem méi Dichtege geseent gëtt.

[8] An deem heite Fall kréie stierflech Mënschen en Zéngtel, mee an deem anere Fall kritt deen den Zéngtel, iwwert dee bezeit gëtt, datt hie lieft.

[9] Et kéint ee soen, datt de Levi, deen den Zéngtel kritt, den Zéngtel duerch den Abraham bezuelt hat.

[10] Hie war jo nach am Kierper vu sengem Virfueren, wéi de Melchizedek him begéint ass.

[11] Wann also duerch d’levitescht Priisteramt d’Perfektioun komm wier (ënnert de Priister krut d’Vollek jo d’Gesetz), firwat wier et dann néideg gewiescht, datt een anere Priister nom Uerde vum Melchizedek an net nom Uerde vum Aaron ervirkomme soll?

[12] Wann d’Priisteramt verännert gëtt, dann ass och noutgedrongen eng Verännerung am Gesetz.

[13] Deen, iwwert deen dat alles gesot gëtt, ass aus engem anere Stamm an et huet nach ni een aus deem Stamm beim Altor gedéngt.

[14] Et läit jo op der Hand, datt eisen Här aus dem Stamm Juda staamt, e Stamm vun deem de Moses näischt iwwert d’Priisteramt gesot huet.

[15] Et gëtt nach méi evident, wann en anere Priister, nom Uerde vum Melchizedek, ervirkënnt.

[16] Dee gouf net wéinst engem Gebot iwwert mënschlech Nokommeschaft e Priister, mee duerch d’Muecht vun engem onzerstéierbare Liewen.

[17] Et gëtt nämlech iwwert hie bezeit: „Du bass fir ëmmer Priister, nom Uerde vum Melchizedek.“ (Psalmen 110,4)

[18] Engersäits gëtt dat fréiert Gebot op d’Säit geluecht, well et schwaach an ineffikass ass

[19] (well d’Gesetz huet näischt perfekt gemaach), anerersäits gëtt eng besser Hoffnung ageféiert, duerch déi mir méi no u Gott kommen.

[20] Dat ass net ouni en Eed geschitt. (Déi aner goufen ouni en Eed Priister,

[21] mee hie gouf Priister duerch den Eed vun deem, deen zu him gesot huet: „Den Här huet geschwuer an hien ännert seng Meenung net: Du bass fir ëmmer Priister, nom Uerde vum Melchizedek.“ (Psalmen 110,4))

[22] Dofir ass de Jesus ëmsou méi zum Garant vun enger besserer Allianz ginn.

[23] Et goufe jo vill Priister, well den Doud si dru gehënnert huet, fir weider am Amt ze bleiwen.

[24] De Jesus awer bleift permanent am Priisteramt, well hie fir ëmmer lieft.

[25] Dofir kann hie fir ëmmer déi retten, déi duerch hie bei Gott kommen, well hien éiweg lieft, fir fir si anzetrieden.

[26] Et ass nämlech ubruecht, datt mir esou een Haaptpriister hunn: een, deen helleg, onschëlleg, onbefleckt a vu Sënner getrennt ass an dee méi héich wéi den Himmel ginn ass.

[27] Hie brauch net Dag fir Dag Affer ze bréngen, esou wéi d’Haaptpriister Affer brénge musse fir d’éischt fir hir eege Sënnen an da fir d’Sënne vum Vollek. Hien huet dat ee fir alle Mol gemaach, wéi hie sech selwer geaffert huet.

[28] D’Gesetz mécht Männer zu Haaptpriister, déi Schwaachheeten a sech droen; mee den Eed, deen no der Aféierung vum Gesetz gemaach gouf, setzt de Jong an, dee fir ëmmer vollkomme gemaach gouf.

De Bréif un d’Hebräer — Chapters