[1] Dofir musse mir ëmsou méi op dat, wat mir héieren hunn, uechtginn, fir datt mir net dovunner ofkommen.
[2] Wann d’Wuert, dat duerch Engele geschwat gouf, verbindlech war an all Iwwertriedung a Verstouss e gerechte Loun krut,
[3] wéi wëlle mir dann entkommen, wa mir esou eng grouss Rettung ignoréieren? Dës Rettung gouf fir d’éischt duerch den Här verkënnegt a gouf eis duerno vun deene bestätegt, déi hien héieren hunn.
[4] Gott huet och zesumme mat hinnen déi Rettung bezeit duerch Zeechen, Wonner a verschidde mächteg Doten an duerch Gowe vum hellege Geescht, déi hien opgrond vu sengem Wëlle verdeelt huet.
[5] Hien huet net den Engelen déi zukünfteg Welt, vun där mir schwätzen, ënnerworf.
[6] Iergendeen huet awer iergendwou bezeit: „Wat ass de Mënsch, datt s du senger gedenks, oder de Jong vum Mënsch, datt s du dech senger unhëls?
[7] Du hues hie fir eng kuerz Zäit méi niddreg gestallt wéi d’Engelen. Du hues hie mat Herrlechkeet an Éier gekréint.
[8] Du hues him nämlech alles ënnerworf an him alles ënnert d’Féiss geluecht.“ (Psalmen 8,5-7) Wéi hien him alles ënnerworf huet, gouf et näischt, wat him net ënnerworf war. Mee elo gesi mir nach net, datt him alles ënnerworf ass.
[9] Mir gesinn awer de Jesus, dee fir eng kuerz Zäit méi niddreg gestallt gouf wéi d’Engelen an deen elo mat Herrlechkeet an Éier gekréint gouf, well hien den Doud erlidden huet, fir datt hien duerch d’Gnod vu Gott den Doud fir jiddereen erliewe géif.
[10] Et war ubruecht, datt hien (fir deen an duerch deen alles existéiert) den Auteur vun hirer Rettung duerch Leiden un d’Zil bruecht huet, andeems hie vill Nokommen an d’Herrlechkeet geféiert huet.
[11] Deen, deen hellegt, an déi, déi gehellegt ginn, stamen nämlech all vun engem of. Dofir genéiert hie sech net, fir si Geschwëster ze nennen.
[12] Hie seet: „Ech verkënnege menge Geschwëster däin Numm. Matzen an der Versammlung wëll ech dech luewen.“ (Psalmen 22,23)
[13] An och: „Ech vertrauen op hien.“ An och: „Kuck! Ech an d’Kanner, déi Gott mir ginn huet.“ (Yesaia 8,17-18)
[14] D’Kanner bestinn aus Fleesch a Blutt an dofir gouf hien och esou wéi si, fir datt hien duerch säin Doud deen zerstéiere kéint, deen d’Muecht iwwert den Doud huet, dat heescht den Däiwel.
[15] Esou huet hien déi erléist, déi wéinst der Angscht virum Doud hiert ganzt Liewe versklaavt waren.
[16] Et ass jo kloer, datt hie sech net den Engelen hirer unhëlt, mee hien hëlt sech den Nokomme vum Abraham un.
[17] Dofir huet hien a jidder Hisiicht senge Geschwëster misse gläichen, fir e baarmhäerzegen an treien Haaptpriister am Déngscht vu Gott ze sinn, fir datt hie fir d’Sënne vum Vollek géif béissen.
[18] Hie selwer huet nämlech gelidden, wéi hie gepréift gouf an dofir kann hien deenen hëllefen, déi gepréift ginn.