[1] Glawen ass awer eng Zouversiicht op dat, op wat een hofft, an eng Iwwerzeegung vun deem, wat een net gesäit.
[2] Wéinst deem Glawe goufen eis Virfuere vu Gott unerkannt.
[3] Duerch de Glawe versti mir, datt den Universum duerch d’Wuert vu Gott erschafe gouf, fir datt mir verstinn, datt dat, wat ee gesäit, net aus deem erschafe gouf, wat sichtbar ass.
[4] Duerch de Glawen huet den Abel e bessere Sacrifice wéi de Kain viru Gott bruecht. De Sacrifice war d’Unerkennung, datt hie gerecht war. Gott huet och seng Gowen unerkannt. Och wann den Abel elo dout ass, schwätzt hie weider duerch säi Glawen.
[5] Duerch de Glawe gouf den Henoch ewechgeholl, fir datt hien den Doud net erliewe sollt. Hie war net ze fannen, well Gott hien ewechgeholl hat. Éier hien ewechgeholl gouf, gouf iwwert hie bezeit, datt Gott Gefalen un him hat.
[6] Ouni Glawen ass et onméiglech, fir Gott ze gefalen. Wien bei Gott kënnt, muss gleewen, datt et hie gëtt an datt hien déi belount, déi hie sichen.
[7] Duerch de Glawen huet den Noach duerch eng gëttlech Angscht eng Arch gebaut, fir säi Stot ze retten, nodeems hie vu Gott iwwert Allerhand gewarnt gouf, dat nach ni gesi gi war. Duerch de Glawen huet hien d’Welt veruerteelt a gouf en Ierwe vun der Gerechtegkeet, déi duerch Glawe kënnt.
[8] Duerch de Glawen huet den Abraham gefollegt, wéi hie beruff gouf, fir op eng Plaz ze goen, déi hien als Ierfschaft kréie sollt. Hien huet sech op de Wee gemaach, ouni ze wëssen, wou hien higoe géif.
[9] Duerch de Glawen huet hien am versprachene Land als Frieme gelieft. Hien huet mam Isaak a mam Jakob, déi zesumme mat him och Ierwe vum nämmlechte Versprieche waren, an Zelter gelieft.
[10] Hien huet mat Freed op déi Stad gewaart, déi Fëllementer huet a vun där Gott hiren Architekt a Baumeeschter ass.
[11] Duerch de Glawe konnt d’Sara schwanger ginn an e Kand op d’Welt setzen, och wann hatt keng Kanner méi konnt kréien, well hatt deen als trei ugesinn huet, deen d’Versprieche ginn hat.
[12] Dofir koume vun deem enge Mënsch, deen esou gutt ewéi dout war, Nokommen, esou onzieleg wéi d’Stären am Himmel an ewéi de Sand um Mier, deen net ze zielen ass.
[13] All dës Leit sinn am Glawe gestuerwen. Si kruten net dat, wat versprach gouf, mee hunn dat alles vu wäitem gesinn a begréisst. Si hunn zouginn, datt si Friemer a just fir eng kuerz Zäit Awunner op der Äerd sinn.
[14] Leit, déi esou schwätzen, ginn ze verstoen, datt si eng Heemecht sichen.
[15] Wa si déi ganz Zäit un déi Heemecht géifen denken, déi si verlooss hunn, dann hätte si jo Geleeënheet zeréckzegoen.
[16] Tatsächlech verlaangere si no enger besserer Heemecht, an zwar enger himmlescher. Dofir genéiert Gott sech net, fir hire Gott genannt ze ginn, well hien eng Stad fir si virbereet huet.
[17] Duerch de Glawen huet den Abraham, wéi hien op d’Prouf gestallt gouf, den Isaak geaffert. Hie krut d’Verspriechen a war am Gaang, säin eenzege Jong ze afferen,
[18] och wann hie gesot krut: „Duerch den Isaak gëtt däin Nokomme genannt“, (1. Moses 21,12)
[19] well hien drop gezielt huet, datt Gott hie vun den Doudegen operstoe kéint loossen. Den Abraham krut den Isaak an engem gewëssene Sënn och nees vum Doud zeréck.
[20] Duerch de Glawen huet den Isaak de Jakob an den Esau geseent, am Hibléck op d’Zukunft.
[21] Duerch de Glawen huet de Jakob, wéi hien um Stierwe louch, dem Yossef seng béid Jonge geseent an huet Gott ugebiet, wéi hie sech op d’Spëtzt vu sengem Staf gestäipt huet.
[22] Duerch de Glawen huet de Yossef den Exodus vun den Israeliten ernimmt, wéi hien um Stierwe louch an huet Uerdere ginn, wat mat senge Schanke sollt geschéien.
[23] Duerch de Glawe gouf de Moses, wéi hien op d’Welt koum, dräi Méint laang vu sengen Eltere verstoppt. Si hunn nämlech gesinn, datt d’Këndche schéi war, a si haten och keng Angscht virum Kinnek sengem Gebot.
[24] Duerch de Glawen huet de Moses, wéi hien erwuesse war, refuséiert de Jong vum Pharao senger Duechter genannt ze ginn.
[25] Hie wollt léiwer zesumme mam Vollek vu Gott leiden, wéi sech um vergängleche Pleséier vun der Sënn ze erfreeën.
[26] Hien huet gemengt, wéinst dem Messias beleidegt ze ginn, wier e gréissere Räichtum, wéi déi ganz Schätz an Ägypten, well hie seng Aen op d’Belounung geriicht hat.
[27] Duerch de Glawen huet hien Ägypte verlooss, ouni Angscht virun der Roserei vum Kinnek ze hunn. Hien huet duergehalen, wéi wann hien den Onsichtbare géif gesinn.
[28] Duerch de Glawen huet hien d’Passa agehalen an d’Zarge vun den Diere mat Blutt gesprëtzt, fir datt den Zerstéierer déi Éischtgebueren net géif upaken.
[29] Duerch de Glawen ass d’Vollek wéi op dréchenem Buedem duerch d’Rout Mier gaangen. D’Ägypter hu probéiert, datselwecht ze maachen, a sinn ënnergaangen.
[30] Duerch de Glawe sinn d’Mauere vu Jericho an e Koup gefall, nodeems d’Vollek während siwen Deeg am Krees ëm d’Stad marchéiert war.
[31] Duerch de Glawen ass d’Houer Rachab net zesumme mat den Ongleewege gestuerwen, well si d’Spiounen am Fridden opgeholl huet.
[32] Wat soll ech nach weider soen? D’Zäit geet net duer, fir vum Gideon, vum Barak, vum Samson, vum Yeftach, vum David, vum Samuel a vun de Prophéiten ze verzielen.
[33] Duerch de Glawen hu si Kinnekräicher eruewert, hu gerecht Dote gemaach, hunn dat, wat versprach gouf, krut, hunn d’Mailer vun de Léiwe gestoppt,
[34] hunn d’Muecht vum Feier geläscht, sinn der Spëtzt vum Schwäert entkomm, goufe staark, nodeems si schwaach waren, goufe mächteg am Kampf an hu friem Arméie fortlafe gedoen.
[35] Frae kruten hir Doudeg duerch d’Operstéiung zeréck. Anerer goufe gefoltert, well si refuséiert hunn, fräigelooss ze ginn, fir datt si eng besser Operstéiung kréichen.
[36] Anerer hu Spott an d’Gäissel erlieft an esouguer Fesselen a Prisong.
[37] Si goufe gestengegt, an zwee geseet, op d’Prouf gestallt an duerch d’Schwäert ëmbruecht. Si sinn a Schofspelzer an a Geessepelzer doruechter gezunn. Si waren an der Nout, bedréckt a goufe mësshandelt.
[38] (D’Welt war hirer net wierdeg.) Si sinn an der Wüst an an de Bierger ronderëm geiert an hunn an Hielen a Lächer am Buedem gelieft.
[39] All dës Leit goufe fir hire Glawen unerkannt, mee si kruten net dat, wat versprach gouf.
[40] Gott hat nämlech eppes Besseres fir eis virausgesinn, fir datt si net ouni eis perfekt gemaach géife ginn.