Skip to content
Opens in a new window

[1] Hei ass den Haaptpunkt, vun deem wat gesot gouf: Mir hunn esou een Haaptpriister, dee sech zur Rietser vum Troun vun der Majestéit am Himmel gesat huet.

[2] Hien déngt do am Hellegtum, am richtegen Zelt vum Treffen, dat vum Här opgeriicht gouf an net vum Mënsch.

[3] All Haaptpriister gëtt jo agesat fir Gowen a Sacrificer ze bréngen. Dofir ass et néideg, datt och deen eppes huet, fir ze afferen.

[4] Wann hien awer op der Äerd wier, da wier hie kee Priister, well déi Priister d’Gowe opgrond vum Gesetz afferen.

[5] Si déngen enger Kopie an engem Schiet vum Original aus dem Himmel. Wéi de Moses drop an dru war, d’Zelt vum Treffen fäerdegzestellen, gouf hie vu Gott gewarnt: „Gëff uecht, datt s du alles nom Muster méchs, dat dir um Bierg gewise gouf.“ (2. Moses 25,40)

[6] Elo krut hien awer méi en héijen Déngscht opgedroen, well hien de Mëttelsmann vun enger besserer Allianz ass, déi als Gesetz gi gouf an op besser Versprieche baséiert.

[7] Wann un der éischter Allianz näischt gefeelt hätt, dann hätt et kee Grond ginn, no enger zweeter ze sichen.

[8] Gott weist awer, datt eppes dru feelt, wann hien zu hinne seet: „‚Kuck, d’Zäit kënnt‘, seet den Här, ‚an där ech eng nei Allianz mam Haus Israel a mam Haus Juda schléissen.

[9] Dës Allianz gëtt net esou, wéi d’Allianz, déi ech mat hire Virfuere geschloss hat, wéi ech si mat der Hand geholl hat, fir si aus Ägypten ze féieren. Si si menger Allianz nämlech net trei bliwwen an dofir hunn ech mech net ëm si gekëmmert‘, seet den Här.

[10] ‚Mee déi hei ass d’Allianz, déi ech no deenen Deeg mam Haus Israel schléissen‘, seet den Här. ‚Ech leeë meng Gesetzer an hire Verstand a schreiwe si op hir Häerzer. Ech sinn dann hire Gott a si si mäi Vollek.

[11] Da beléiert kee méi säin Nächsten a säi Brudder, andeems hie seet: „Léier den Här kennen“, well jidderee mech da kennt, vum Onwichtegste bis zum Dichtegste vun hinnen.

[12] Ech sinn nämlech géintiwwer hiren ongerechten Dote baarmhäerzeg an ech erënnere mech net méi un hir Sënn.‘“ (Yeremia 31,31-34)

[13] Andeems hien d’Wuert „nei“ gebraucht, mécht hien déi éischt Allianz zur „aler“. Wat al gëtt a vereelzt, ass kuerz virum Verschwannen.

De Bréif un d’Hebräer — Chapters