[1] All Haaptpriister, deen aus de Mënschen erausgesicht gëtt, gëtt ernannt, fir d’Mënsche viru Gott ze representéieren, fir datt de Priister Gowen a Sacrificer fir d’Sënnen affere kann.
[2] Hie ka matleedeg ëmgoe mat deenen, déi näischt wëssen, a mat deenen, déi irgeféiert goufen, well hie selwer a villen Hisiichte schwaach ass.
[3] Wéinst senger Schwächt muss hien och fir seng eege Sënnen Affer bréngen, esou wéi hien et och fir d’Vollek mécht.
[4] Et hëlt och keen dës Éier fir sech selwer, mee villméi gëtt hie vu Gott beruff, geneesou wéi den Aaron et gouf.
[5] Geneesou huet de Messias sech net selwer verherrlecht, fir Haaptpriister ze ginn. Villméi war et deen, deen zu him sot: „Du bass mäi Jong. Haut sinn ech däi Papp ginn.“ (Psalmen 2,7)
[6] Op enger anerer Plaz seet hien: „Du bass fir ëmmer Priister, nom Uerde vum Melchizedek.“ (Psalmen 110,4)
[7] Während sengem Liewen op der Äerd huet de Messias Gebieder an Uleiessen ënnert haardem Kräischen an Tréine virun dee bruecht, deen amstand war, fir hie virum Doud ze retten. Hie gouf erhéiert, well hie Gott an Éiere gehalen huet.
[8] Och wann hie säi Jong war, huet hien duerch dat, wat hie gelidden huet, geléiert ze follegen.
[9] Nodeems hien d’Zil erreecht hat, gouf hien d’Quell vun der éiweger Rettung fir all déi, déi him follegen.
[10] Hie gouf vu Gott zum Haaptpriister ernannt nom Uerde vum Melchizedek.
[11] Mir hunn nach vill doriwwer ze soen, mee et ass schwéier, dat z’erklären, well dir iech net midd maache wëllt, fir ze verstoen.
[12] Dir misst no all där Zäit Léiermeeschtere sinn, mee aplaz dovunner braucht dir nees een, deen iech déi éischt elementar Prinzipie vun den Aussoe vu Gott bäibréngt. Dir gouft wéi déi, déi Mëllech brauchen an net fest Iessen.
[13] Jiddereen, deen nach Mëllech zou sech hëlt, ass jo nach e Puppelchen an ass dofir an der gerechter Botschaft onerfueren.
[14] Fest Iessen ass fir déi Räif, fir déi, deenen hiert Uerteelsverméigen duerch de Gebrauch trainéiert ginn ass, fir datt si dat Gutt vum Béisen ënnerscheede kënnen.