[1] Dofir solle mir, well mir esou eng grouss Wollek vun Zeien hunn, déi eis akreesen, all Laascht an all Sënn, an där mir eis esou einfach verfänke loossen, ofleeën. Loosst eis mat Ausdauer d’Course lafen, déi virun eis läit,
[2] andeems mir eis Aen op de Jesus fixéieren, deen den Auteur vum Glawen ass an deen en och vervollstännegt. De Jesus huet och wéinst der Freed, déi virun him louch, d’Kräiz erdroen, ouni op d’Schan ze uechten an huet sech zur Rietser vum Troun vu Gott gesat.
[3] Denkt iwwert deen no, deen esou eng Feindschaft vu Sënner géint sech erlieft huet, fir datt dir net midd gitt an de Courage net verléiert.
[4] Dir hutt an ärem Kampf géint d’Sënn net esou wäit widderstanen, datt dir blutt.
[5] Dir hutt den Zousproch vergiess, deen zu iech als Kanner schwätzt: „Mäi Kand, mëssuecht d’Erzéiung vum Här net. Sief och net decouragéiert, wann s du vun him zurechtgewise gëss.
[6] Den Här weist nämlech deen zurecht, deen hie gär huet, a bestrooft all Kand, dat hien unhëlt.“ (Spréch 3,11-12)
[7] Huelt är Disziplin vu Gott un; hie behandelt iech jo ewéi Kanner. Gouf et da jeemools e Kand, dat net vum Papp zurechtgewise gouf?
[8] Wann dir awer keng Erzéiung kritt, wat awer jidderee kritt, da sidd dir Baaschterten an net déi legitim Kanner.
[9] Zudeem hate mir physesch Pappen, déi eis verbessert hunn, a mir hu si respektéiert. Sollte mir eis dann net ëmsou méi dem Papp vun de Geeschter ënneruerdnen, fir ze liewen?
[10] Si hunn eis fir eng kuerz Zäit esou zurechtgewisen, wéi si et fir gutt fonnt hunn. Hien huet eis awer fir eist Bescht zurechtgewisen, fir datt mir u senger Hellegkeet deelhuelen.
[11] Wa mir zurechtgewise ginn, da kënnt dat eis net esou wéi Freed vir, mee ewéi Leed. Mee duerno bréngt se an deenen, déi zurechtgewise goufen, d’friddlech Fruucht vun der Gerechtegkeet ervir.
[12] Dofir stäerkt är latscheg Hänn an är schwaach Knéien
[13] a maacht gerued Weeër fir är Féiss, fir datt är schlamm Glidder sech net nach verrenken, mee villméi geheelt ginn.
[14] Strieft nom Fridde mat jidderengem an och no der Hellegkeet, well ouni déi keen den Här gesäit.
[15] Suergt dofir, datt et kengem un der Gnod vu Gott feelt, fir datt keng batter Wuerzel opkënnt, déi Problemer mécht a vill aner Leit esou ustécht.
[16] Suergt dofir, datt keen ënnert iech onerlaabte Sex huet oder eng gottlos Persoun ass, esou wéi den Esau, dee fir eng Moolzecht seng Rechter als Éischtgebuerene verkaf huet.
[17] Dir wësst jo wéi hien duerno verstouss gouf, wéi hien de Sege wollt ierwen, well hie keng Geleeënheet fonnt hat, fir ëmzekéieren, och wann hie se ënnert Tréine gesicht hat.
[18] Dir sidd nämlech net bei de Bierg komm, dee beréiert ka ginn, bei e Feier, dat flaamt, bei d’Däischtert, bei de Stuerm,
[19] bei de Schall vum Schofar a bei eng Stëmm, där hir Wierder d’Nolauschterer dozou bruecht hunn ze biedelen, datt hinnen kee Wuert méi sollt gesot ginn.
[20] Si konnten dat, wat hinne befuel gouf, net aushalen: „Wann esouguer en Déier dëse Bierg beréiert, da soll et gestengegt ginn.“ (2. Moses 19,12-13)
[21] Dat, wat de Moses gesinn huet, war esou schrecklech, datt hie gesot huet: „Ech ziddere vun Angscht.“ (5. Moses 9,19)
[22] Dir awer sidd bei de Bierg Zion komm, an d’Stad vum liewege Gott, deem himmlesche Jerusalem, bei eng feierlech Versammlung vun onzielegen Engelen,
[23] a bei d’Versammlung vun den Éischtgebuerenen, déi am Himmel opgeschriwwe sinn, bei Gott, deen de Riichter iwwert jiddereen ass, bei deene Gerechten hir Geeschter, déi vollkomme gemaach goufen,
[24] bei de Jesus, deen de Mëttelsmann vun der neier Allianz ass, a bei d’Blutt, dat gesprënselt gouf an dat iwwert eppes Besseres schwätzt, wéi d’Blutt vum Abel.
[25] Gitt uecht, datt dir net deen, dee schwätzt, refuséiert! Wann déi net entkomm sinn, déi dee refuséiert haten, dee si op der Äerd gewarnt hat, ëm wéi vill manner wäerte mir dann entkommen, wa mir eis vun deem ewechdréien, deen aus dem Himmel schwätzt!
[26] Deemools huet seng Stëmm d’Äerd ziddere gedoen, mee elo huet hie versprach: „Nach eemol loossen ech net nëmmen d’Äerd zidderen, mee och den Himmel.“ (Haggai 2,6)
[27] De Saz „nach eemol“ weist drop hin, datt dat, wat ziddere gedoe gëtt (dat heescht, dat, wat erschafe gouf), och ewechgeholl gëtt, fir datt dat, wat net un d’Ziddere bruecht ka ginn, bleift.
[28] Loosst eis dofir dankbar sinn, well mir e Kinnekräich kréien, dat net un d’Ziddere bruecht ka ginn. Loosst eis dankbar sinn, fir esou mat Respekt an Angscht en Déngscht u Gott ze afferen, deen him gefält.
[29] Eise Gott ass nämlech en onersietlecht Feier. (5. Moses 4,24)