[1] Déi éischt Allianz hat jo Regele fir den Déngscht an eng helleg, ierdesch Plaz.
[2] Et gouf en Zelt opgeriicht. Am éischten Deel, deen déi helleg Plaz genannt gouf, stoungen de Liichter, den Dësch an d’Ausstellungsbrout.
[3] Hannert dem zweete Riddo war en Zelt, dat déi allerhellegst Plaz genannt gouf.
[4] Do stoungen de gëllene Weirauchaltor an d’Lued vun der Allianz, déi ganz mat Gold iwwerzu war. An der Lued waren e gëllene Krou, dee mat Manna gefëllt war, dem Aaron säi Staf, dee gebléit hat, an d’Tafele vun der Allianz.
[5] Iwwert der Lued waren d’Trounwiechter vun der Herrlechkeet, déi hire Schiet iwwert de Boussdeckel geworf hunn. Mir kënnen awer elo net doriwwer op all Eenzelheet agoen.
[6] Nodeems alles esou opgeriicht gouf, ginn d’Priister ëmmer an dat éischt Zelt eran, fir hir Déngschter ze verriichten.
[7] Mee nëmmen den Haaptpriister geet eemol d’Joer an dat zweet Zelt eran. Hie mécht dat och ni ouni Blutt, dat hie fir sech a fir d’Vollek, fir d’Sënnen, déi si am Onwësse gemaach hunn, affert.
[8] Esou weist den hellege Geescht däitlech, datt de Wee fir an déi allerhellegst Plaz nach net op war, esoulaang dat éischt Zelt nach steet.
[9] Dat Zelt ass e Symbol fir déi haiteg Zäit, an där Gowen an Affer bruecht ginn, déi d’Gewësse vun deem, deen den Déngscht mécht, net kënne perfekt maachen.
[10] Dobäi geet et nëmmen ëm Iessen, Gedrénks a verschidde Wäschritualer – Regele fir dat Physescht, déi operluecht goufe bis zu där Zäit, an där hien alles nei regelt.
[11] De Messias koum awer als Haaptpriister vum Gudden, wat nach kënnt. Hie goung duerch dat méi erhuewent a méi perfekt Zelt, dat net vu Mënschenhand gemaach gouf (dat heescht, et ass net vun dëser Schëpfung),
[12] a goung ee fir alle Mol an déi allerhellegst Plaz eran. Hien huet dat net duerch d’Blutt vu Geessebéck oder Kaalwer gemaach, mee duerch säin eegent Blutt, nodeems hien eng éiweg Erléisung geséchert hat.
[13] Wann also d’Blutt vu Stéieren a Geessebéck an d’Äsche vun enger jonker Kou, déi iwwert déi gesprënselt ginn, déi zeremoniell onreng sinn, esou hellegt, datt dat Physescht reng ass,
[14] ëm wéi vill méi wäert dann d’Blutt vu Christus, dee sech duerch den éiwege Geescht Gott als Affer ouni Feeler hierginn huet, är Gewësse vun den Dote rengegen, déi zum Doud féieren, fir dem liewege Gott kënnen ze déngen?
[15] Dofir ass hien de Mëttelsmann vun der neier Allianz, fir datt déi, déi beruff sinn, déi versprachen éiweg Ierfschaft kënne ginn. En Doud ass jo geschitt, dee si vun den Iwwertriedungen, déi ënnert der éischter Allianz begaange goufen, erléist.
[16] Am Fall vun engem Testament muss den Doud vun deem, deen et opgesat huet, bewise ginn,
[17] well d’Testament nëmmen am Fall vum Doud a Kraaft trëtt. Et trëtt ni a Kraaft, esoulaang deen, deen et opgesat huet, nach lieft.
[18] Dofir ass déi éischt Allianz och net ouni Blutt a Kraaft getrueden.
[19] Nodeems de Moses all de Leit all Gebot vum Gesetz verkënnegt hat, huet hien d’Blutt vun de Kaalwer an de Geessebéck geholl, zesumme mat Waasser, scharlachrouder Woll an Isop, huet de Schrëftrullo an all d’Leit gesprënselt
[20] a sot: „Dat hei ass d’Blutt vun der Allianz, déi Gott iech befuel huet anzehalen.“ (2. Moses 24,8)
[21] Geneesou huet hien och d’Zelt an dat ganzt Geschir vum Déngscht mam Blutt gesprënselt.
[22] Bal alles gëtt opgrond vum Gesetz duerch Blutt gerengegt. Ouni d’Vergéisse vu Blutt gëtt et keng Verzeiung.
[23] Et war néideg, datt d’Kopië vun allem aus dem Himmel duerch dës Sacrificer gerengegt géifen, mee dat Himmlescht selwer huet mat bessere Sacrificer wéi dës gerengegt misse ginn.
[24] De Messias goung jo net an d’Hellegtum eran, dat vu Mënschenhand gemaach gouf an eng Kopie vum Richtegen ass, mee hie goung an den Himmel selwer eran, fir an eiser Plaz an der Präsenz vu Gott z’erschéngen.
[25] Hien huet dat net gemaach, fir sech dacks ze afferen, esou wéi den Haaptpriister Joer fir Joer mat Blutt, dat net säin eegent ass, an déi helleg Plaz erageet.
[26] Soss hätt hien nämlech dacks misse säit der Grënnung vun der Welt leiden. Mee elo ass hien ee fir alle Mol zum Schluss vun den Zäitalteren erschéngen, fir duerch de Sacrifice vu sech selwer d’Sënn ewechzehuelen.
[27] Esou wéi et de Mënsche bestëmmt ass, fir eemol ze stierwen an duerno geriicht ze ginn,
[28] esou gouf och de Messias eemol geaffert, fir d’Sënne vu villen op sech ze huelen. Da kënnt hien eng zweete Kéier zeréck, net als Affer fir d’Sënn, mee fir déi ze retten, déi mat Spannung op hie waarden.