Skip to content
Opens in a new window

[1] Dat gëtt mäin drëtte Besuch bei iech. „All Uklo muss duerch d’Ausso vun zwee oder dräi Zeien entscheet ginn.“ (5. Moses 19,15)

[2] Ech sot iech et schonns, wéi ech déi zweet Kéier bei iech war, a soen et och elo am Viraus, wéi wann ech bei iech wier. Elo, wou ech net do sinn, schreiwen ech deenen, déi an hirer fréierer Sënn weiderliewen an och all deenen aneren, datt ech kee schoune wäert, wann ech nees bei iech komme sollt.

[3] Dir sicht jo de Bewäis, datt Christus duerch mech schwätzt. Hien ass net schwaach, wat iech ugeet, mee hien ass mächteg ënnert iech.

[4] Och wann hien an der Schwaachheet gekräizegt gouf, lieft hien awer duerch d’Muecht vu Gott. Mir sinn an him nämlech schwaach, mee mir liewen zesumme mat him duerch d’Kraaft vu Gott, déi iech da gewise gëtt.

[5] Préift iech selwer, fir ze kucken, ob dir wierklech gleeweg sidd. Stellt iech selwer op d’Prouf! Oder erkennt dir selwer net, datt de Jesus Christus an iech ass? Ausser wann dir natierlech d’Prouf net géift bestoen!

[6] Ech hoffen awer, datt dir erkennt, datt mir an der Prouf net duerchgefall sinn.

[7] Mir bieden awer Gott dofir, datt dir näischt Falsches maacht. Ech bieden dat net, fir datt et esou ausgeséich, wéi wa mir d’Prouf bestanen hätten, mee fir datt dir dat Richtegt maacht, och wann et esou ausgesäit, wéi wa mir duerchgefall wieren.

[8] Mir kënnen nämlech näischt géint d’Wourecht maachen, mee just eppes fir d’Wourecht.

[9] Mir sinn nämlech frou, wa mir schwaach sinn an dir staark sidd. Mir bieden awer och fir dat hei: är vollstänneg Erneierung.

[10] Dofir schreiwen ech iech dës Wierder, wann ech net do sinn, fir datt ech, wann ech do sinn, net streng muss sinn opgrond vun der Autoritéit, déi den Här mir ginn huet, fir iech opzeriichten an net fir iech ofzerappen.

[11] Nach e Wuert zum Schluss, Geschwëster! Freet iech! Gitt vollstänneg erneiert! Sidd encouragéiert! Sidd gläichgesënnt! Lieft am Fridden! Dann ass de Gott vun der Léift a vum Fridde mat iech.

[12] Gréisst een deen anere mat enger helleger Bees.

[13] All déi Helleg gréissen iech.

[14] D’Gnod vum Här Jesus Christus, d’Léift vu Gott an d’Gemeinschaft vum hellege Geescht solle mat iech all sinn. Amen.

Den zweete Bréif un d’Korinther — Chapters