[1] Geschwëster, mir wëllen iech vun der Gnod erzielen, déi Gott de Gemeinschaften a Mazedonien geschenkt huet:
[2] Während enger extrem schwéierer Zäit konnt hir iwwerméisseg Freed net gebändegt ginn an trotz hirer grousser Aarmut huet dat eng aussergewéinlech Generositéit an hinne bewierkt.
[3] Ech bezeien, datt si eis dat ginn hunn, wat si sech leeschte konnten, an datt si esouguer fräiwëlleg méi ginn hunn, wéi si sech leeschte konnten.
[4] Si hunn eis mat groussem Nodrock gebieden, fir d’Éier ze kréien, fir däerfen um Déngscht fir déi Helleg matzemaachen.
[5] Si hunn dat net esou gemaach, wéi mir eis et erwaart hunn. Fir d’éischt hu si sech dem Här hierginn an dunn eis laut dem Wëlle vu Gott.
[6] Dofir hu mir den Titus dozou opgefuerdert, dës Spend bei iech ofzeschléissen, well hie se och bei iech ugefaangen huet.
[7] Esou wéi dir iech an allem iwwertrefft (am Glawen, am Wuert, am Wëssen, an all Äifer an an der Léift, déi dir fir eis hutt), suergt dofir, datt dir iech och an dëser Spend iwwertrefft.
[8] Ech soen iech dat net als Gebot, mee ech préiwen, ob är Léift onverfälscht ass am Verglach mam Äifer vun deenen aneren.
[9] Dir kennt jo d’Gnod vun eisem Här Jesus Christus: datt hie wéinst ärer aarm gouf, och wann hie räich war, fir datt dir duerch seng Aarmut räich kéint ginn.
[10] Ech ginn iech just meng Meenung doriwwer. Et ass zu äre Gonschten, well dir d’lescht Joer net nëmmen ugefaangen hat, dës Kollekt ze maachen, mee och de Wonsch hat, se anzesammelen,
[11] datt dir dat elo ofschléisst, wat dir ugefaangen hutt. Grad wéi dir bereet waart, se wëllen anzesammelen, esou sollt dir se och ofschléissen, opgrond vun deem, wat dir hutt.
[12] Wann de gudde Wëllen nämlech gewise gëtt, da gëtt d’Spend ugeholl wéinst deem, wat een huet, an net wéinst deem, wat een net huet.
[13] Et ass net esou, datt Entlaaschtung fir anerer eng Laascht fir iech soll sinn.
[14] Et soll awer gerecht sinn. Am Moment gläicht ären Iwwerfloss hire Manktem aus, fir datt hiren Iwwerfloss och äre Manktem ausgläiche kann. Esou ass et gerecht.
[15] Et steet nämlech geschriwwen: „Deen, dee vill gesammelt hat, hat net zevill an deen, deen net vill gesammelt hat, hat net ze wéineg.“ (2. Moses 16,18)
[16] Ech soe Gott Merci, datt hien dem Titus deeselwechten Äifer fir iech un d’Häerz geluecht huet wéi mir.
[17] Hien huet nämlech net nëmmen meng Opfuerderung ugeholl, mee säin Äifer war esou grouss, datt hie fräiwëlleg bei iech koum.
[18] Mir hunn zesumme mat him dee Brudder geschéckt, deen an alle Gemeinschafte wéinst senger Verkënnegung vun der gudder Noriicht gelueft gëtt.
[19] Hie gëtt net nëmme gelueft, ma et gouf him och vun de Gemeinschaften opgedroen, fir eis mat dëser Spend ze begleeden. Mir verwalten déi zur Éier vum Här selwer a beweisen domat eis Bereetwëllegkeet, fir ze hëllefen.
[20] Esou verhënnere mir, datt een eis eppes virwerfe kann, wéi mir dës generéis Spend verwalten.
[21] Mir suergen dofir, datt mir dat Richtegt maachen, net nëmme virum Här, mee och virun de Mënschen.
[22] Zesumme mat hinnen hu mir och eise Brudder geschéckt, dee mir schonn dacks gepréift hunn an dee sech a villem als fläisseg erwisen huet. Mee elo ass hien nach méi fläisseg, wéinst eisem Vertrauen, dat mir an iech hunn.
[23] Sollte Froen iwwert den Titus opkommen: Hien ass mäi Partner a Mataarbechter ënnert iech. Wa Froen iwwert eis Bridder opkommen: Si sinn Delegéierte vun de Gemeinschaften, eng Éier fir Christus.
[24] Weist hinne virun de Gemeinschaften de Beweis vun ärer Léift a vun eisem Houfert op iech.