Skip to content
Opens in a new window

[1] Als Mataarbechter fuerdere mir iech op, d’Gnod vu Gott net ëmsoss entgéintzehuelen.

[2] Hie seet nämlech: „Zur passender Zäit hunn ech dir nogelauschtert an um Dag vun der Rettung sinn ech dir zur Hëllef komm.“ (Yesaia 49,8) Ma elo ass déi passend Zäit! Ma elo ass den Dag vun der Rettung!

[3] Mir gi kengem e Grond, fir un eis Ustouss ze huelen, fir datt den Déngscht net ka kritiséiert ginn.

[4] Mee als Dénger vu Gott recommandéiere mir eis a jidder Hisiicht: duerch grouss Ausdauer, a Leed, an Nout, a Misär,

[5] ënner Schléi, a Prisongen, an Onrouen, ënnert haarder Aarbecht, während Nuechten ouni Schlof, am Honger,

[6] an der Rengheet, an der Erkenntnes, an der Gedold, an der Guttheet, am hellege Geescht, an onverfälschter Léift,

[7] mat éierleche Wierder, an der Muecht vu Gott; duerch offensiv an defensiv Waffe vun der Gerechtegkeet;

[8] duerch Éier an Onéier, duerch e schlechten an e gudde Ruff; als Schwindler an dach Éierlecher,

[9] als Onbekannter a Bekannter; als déi, déi stierwen, mee kuck, mir liewen; als déi, déi gegäisselt, mee net ëmbruecht ginn;

[10] als déi voller Trauer, mee déi sech ëmmer freeën; als Aarmer, déi awer vill Leit räich maachen; als déi, déi näischt hunn an dach alles hunn.

[11] Korinther, mir hu bei iech kee Blat virun de Mond geholl. Mir hunn eist Häerz grouss opgemaach.

[12] Mir hunn eist Häerz iech géintiwwer net verschloss, mee dir hutt är Häerzer eis géintiwwer verschloss.

[13] Als gerecht Géigeleeschtung (ech schwätze wéi mat Kanner): Maacht iech eis géintiwwer och op.

[14] Gitt keng Partnerschaft mat Ongleewegen an! Wat fir eng Partnerschaft hunn nämlech d’Gerechtegkeet an d’Gesetzlosegkeet? Wat hunn d’Liicht an d’Däischtert gemeinsam?

[15] Wéi ka Christus mam Belial am Aklang sinn? Oder wat deelt e Gleewege mat engem Ongleewegen?

[16] Wat fir en Accord kann et tëschent dem Tempel vu Gott an engem Gëtze ginn? Dir sidd nämlech den Tempel vum liewege Gott, esou wéi Gott gesot huet: „Ech wunnen a liewen dann ënnert hinnen. Ech sinn dann hire Gott a si si mäi Vollek.“ (Hesekiel 37,27)

[17] Dofir: „Kommt aus hirer Mëtt eraus an trennt iech vun hinnen“, seet den Här. „Paakt dat Onrengt net un“, (Yesaia 52,11) an: „Ech huelen iech un.“ (Hesekiel 20,41)

[18] „Ech gi wéi e Papp fir iech an dir gitt fir mech wéi meng Jongen an Duechteren“, (2. Samuel 7,14) seet den allmächtegen Här.

Den zweete Bréif un d’Korinther — Chapters