Skip to content
Opens in a new window

[1] Ech hu mech awer decidéiert, net nees traureg bei iech ze kommen.

[2] Wann ech iech nämlech traureg maachen, wie wier dann do, fir mech frou ze maachen, wann net deen, deen duerch mech traureg gemaach gëtt?

[3] Ech hunn iech dat och geschriwwen, fir datt ech net vun deenen, déi mech frou maache sollen, traureg gemaach ginn, wann ech kommen. Wat iech ugeet, sinn ech dovunner iwwerzeegt, datt meng Freed och är Freed wäert sinn.

[4] Ech hunn iech mat vill Péng an Häerzensleed geschriwwen, ënner villen Tréinen, net fir iech traureg ze maachen, mee fir datt dir d’Léift, déi ech iwwert all Mooss fir iech hunn, erkenne kënnt.

[5] Wann ee Leed verursaacht huet, huet hien net mech traureg gemaach, mee hien huet iech all méi oder manner traureg gemaach (fir net z’iwwerdreiwen).

[6] Fir esou een ass d’Strof, déi hie vun der Majoritéit kritt, Strof genuch.

[7] Elo sollt dir him verzeien an hien tréischten, well hie soss vu senger grousser Trauregkeet kéint iwwerwältegt ginn.

[8] Dofir leeën ech iech un d’Häerz, fir him ze weisen, datt dir hie wierklech gär hutt.

[9] Dat hei ass de Grond, firwat ech iech geschriwwen hat: fir iech ze préiwen an esou ze wëssen, ob dir an allem follege géift.

[10] Wiem dir verzeit, deem verzeien och ech. Wann ech nämlech iergendeppes verzien hunn (wann et eppes ze verzeie gouf), dann hunn ech dat wéinst ärer viru Christus gemaach,

[11] fir datt de Satan eis net ausnotze kann. Seng Intrige sinn eis jo net onbekannt.

[12] Wéi ech op Troia koum, fir d’gutt Noriicht vu Christus ze priedegen, a mir eng Dier duerch den Här opgemaach gouf,

[13] hat ech keng Rou a mengem Geescht, well ech mäi Brudder Titus net do virfonnt hat. Dofir hunn ech hinnen Äddi gesot a sinn a Mazedonien gaangen.

[14] Ech soe Gott awer Merci, deen eis ëmmer duerch Christus triumphéieren deet an deen duerch eis iwwerall den Doft verbreet, wat et heescht, hien ze kennen.

[15] Mir sinn nämlech fir Gott ewéi den Doft vu Christus ënnert deenen, déi gerett ginn, an ënnert deenen, déi verluer ginn.

[16] Fir deen ee si mir den Doft vum Doud, deen an den Doud féiert, mee fir deen anere si mir den Doft vum Liewen, deen an d’Liewe féiert. Wien ass deem gewuess?

[17] Mir sinn nämlech net wéi esou vill anerer, déi mam Wuert vu Gott Geschäfter maachen. Am Géigendeel, mir schwätzen oprichteg viru Gott duerch Christus, esou wéi Leit, déi vu Gott geschéckt goufen.

Den zweete Bréif un d’Korinther — Chapters