Skip to content
Opens in a new window

[1] Géift dir dach nëmmen e bësschen Dommheet vu mir erdroen! Mee dat maacht dir jo schonns!

[2] Ech maache mir Suergen ëm iech, esou wéi Gott sech Suerge mécht. Ech hunn iech nämlech engem Mann versprach, fir iech als reng Jongfra Christus ze presentéieren.

[3] Ech hunn awer Angscht, datt är Gedanke vun der Integritéit, déi a Christus ass, verféiert kéinte ginn, esou wéi d’Schlaang d’Eva duerch hir Lousheet irgeféiert huet.

[4] Wann nämlech ee kënnt an iech vun engem anere Jesus priedegt wéi deen, vun deem mir iech gepriedegt hunn, oder wann dir en anere Geescht kritt wéi deen, deen dir kritt hutt, oder wann dir eng aner gutt Noriicht unhuelt wéi déi, déi dir schonns ugeholl hutt, da loosst dir iech dat jo och gefalen.

[5] Ech menge jo net, datt ech deenen „Mega-Apostelen“ iergendwéi ënnerleeë wier.

[6] Och wann ech keen talentéierte Riedner sinn, sinn ech awer talentéiert, wat d’Wëssen ugeet. Mir hunn iech dat jo op all Manéier an a jidder Hisiicht kloergemaach.

[7] Hunn ech éiere gesënnegt, andeems ech mech erniddregt hunn, fir iech z’erhiewen, well ech iech d’gutt Noriicht vu Gott gratis verkënnegt hunn?

[8] Ech hunn aner Gemeinschafte „beklaut“, andeems ech e Loun ugeholl hunn, fir iech kënnen ze déngen!

[9] Ech war fir keen eng Laascht, wéi ech bei iech war an eppes gebraucht hunn. D’Bridder, déi aus Mazedonien koumen, hu mir dat ginn, wat mir gefeelt huet. Ech hu mech an allem gehitt, fir eng Laascht fir iech ze sinn an ech hidde mech och weiderhin.

[10] Esou gewëss wéi d’Wourecht vu Christus a mir ass, soll mäi Bretzen doriwwer an de Regioune vun Achaia net verstommen.

[11] Firwat? Ass et, well ech iech net gär hunn? Gott weess, datt ech et maachen!

[12] Dat, wat ech maachen, maachen ech weiderhin, fir all Geleeënheet deenen ewechzehuelen, déi eng Geleeënheet sichen, fir sech ze bretzen, datt si eis gläich wieren.

[13] Esou Leit sinn nämlech falsch Apostelen. Si sinn onéierlech Aarbechter, déi sech als Apostele vu Christus verkleeden.

[14] Kee Wonner, well de Satan selwer verkleet sech als en Engel vum Liicht!

[15] Also ass et näischt Besonnesches, wa seng Dénger sech als Dénger vun der Gerechtegkeet verkleeden. Hiert Enn entsprécht hiren Doten.

[16] Ech widderhuele mech: Et soll kee mech fir en Topert halen. Mee och wann dir et maacht, dann huelt mech als Topert un, fir datt ech mech och e bëssche bretze kann!

[17] Wat ech mat dëser bretzeger Zouversiicht soen, soen ech net am Sënn vum Här, mee ech soen et als Topert!

[18] Et bretze sech der jo vill, esou wéi d’Welt et mécht, also wëll och ech mech bretzen.

[19] Dir erdrot jo gär d’Toperten, esou weis wéi dir sidd!

[20] Dir erdrot et jo, wann een iech versklaavt, wann een total vun iech profitéiert, wann een iech austrickst, wann een arrogant mat iech ëmgeet oder wann een iech an d’Gesiicht schléit.

[21] (Zu eiser Schan muss ech gestoen, datt mir ze schwaach waren, fir dat ze maachen!) Wann awer ee sech traut, sech mat eppes ze bretzen (ech schwätzen hei als Topert), dann trauen och ech mech.

[22] Sinn si Hebräer? Ma ech och. Sinn si Israeliten? Ma ech och. Sinn si Nokomme vum Abraham? Ma ech och.

[23] Sinn si Dénger vu Christus? (Ech schwätzen hei als Geckegen!) Da sinn ech et nach méi: Ech hu vill méi geschafft; ech gouf vill méi schro zerschloen; ech war méi dacks am Prisong; ech war méi dacks dem Doud no;

[24] fënnefmol gouf ech vun de Judde gegäisselt mat „véierzeg Mol minus een“ Streech;

[25] dräimol gouf ech mat Rutte geschloen; eemol gouf ech gestengegt; dräimol hunn ech Schëffbroch erlieft; ech hunn een Dag an eng Nuecht um offene Mier verbruecht;

[26] op menge ville Reese gouf ech de Gefore vu Flëss, de Gefore vu Banditten, de Geforen duerch meng Landsleit, de Geforen duerch d’Net-Judden, de Geforen an de Stied, de Geforen an der Wüst, de Geforen um Mier, de Gefore vu falsche Geschwëster ausgesat;

[27] ech hu vill an haart geschafft; ech war dacks während Nuechten ouni Schlof; ech hunn Honger an Duuscht gelidden; ech hunn dacks gefaascht; ech war dacks kal an entbléisst;

[28] ofgesi vun dëse physesche Leiden, hunn ech den dagdeeglechen Drock vun der Suerg fir all d’Gemeinschaften op mir leien.

[29] Wien ass schwaach, ouni datt ech schwaach wier? Wie verfält der Sënn, ouni datt ech an Oprou geroden?

[30] Wann ech mech scho bretze muss, da wëll ech mech mat menge Schwaachheete bretzen.

[31] De Gott a Papp vum Här Jesus, dee fir ëmmer gelueft ass, weess, datt ech net léien.

[32] Zu Damaskus huet de Gouverneur vum Kinnek Aretas d’Stad vun den Damaszener bewaache gelooss, fir mech kënne festzehuelen,

[33] mee ech gouf an engem Kuerf duerch eng Fënster an dem Rempart erofgelooss a sinn esou sengen Hänn entkomm.

Den zweete Bréif un d’Korinther — Chapters