Skip to content
Opens in a new window

[1] Léif Geschwëster, déi Versprieche gehéieren eis. Dofir solle mir eis vun allem rengegen, dat eise Kierper oder eis Séil onreng maache kéint, fir esou eis Hellegung am Respekt viru Gott vollstänneg ze maachen.

[2] Maacht an ären Häerzer Plaz fir eis! Mir ware mat kengem ongerecht, mir hu kengem geschuet, mir hu vu kengem profitéiert.

[3] Ech soen dat net, fir iech eppes virzegeheien. Ech hunn iech nämlech scho gesot, datt dir an eisen Häerzer sidd, fir mat iech ze stierwen oder ze liewen.

[4] Ech hunn e grousst Zoutrauen zu iech. Ech si ganz houfreg op iech. Ech si voller Trouscht an hunn eng iwwerméisseg Freed a mir trotz deene schwéieren Zäiten.

[5] Esouguer wéi mir a Mazedonien ukoumen, konnten eis Kierperen net raschten, mee mir goufe vun alle Säite bedréckt – vu bausse krute mir Konflikt ze spieren a vu bannen Angscht.

[6] Mee Gott, deen déi Niddergeschloen tréischt, huet eis getréischt, wéi den Titus bei eis ukoum.

[7] Mir goufen net nëmmen duerch säi Komme getréischt, mee och duerch den Trouscht, deen hie bei iech krut. Hien huet eis vun ärem Verlaangeren, vun ärer Trauer a vun ärem Äifer fir mech verzielt, esou datt ech mech ëmsou méi gefreet hunn.

[8] Och wa mäi Bréif iech bedréckt huet, bereien ech en net. Och wann ech e bereit hätt (well ech gesinn hat, datt mäi Bréif iech kuerz bedréckt hat),

[9] freeën ech mech elo, net well dir bedréckt gouft, mee well dir esou bedréckt gouft, datt dir eng Ëmkéier gemaach hutt. Dir gouft, esou wéi Gott et wollt, bedréckt, fir datt dir kee Schued duerch eis sollt hunn.

[10] Bedréckung, déi Gott sengem Wëllen entsprécht, bewierkt eng Ëmkéier, déi zur Rettung féiert, déi een net bereit. Mee d’Bedréckung, déi duerch d’Welt kënnt, bewierkt den Doud.

[11] Kuckt emol, wat fir en Äifer dës Bedréckung, déi Gott sengem Wëllen entsprécht, an iech ervirbruecht huet, awer och e Plädoyer, och Entrüstung, och Angscht, och Verlaangeren, och Äifer an och de Wonsch, Recht ze verschafen! Dir hutt iech a jidder Hisiicht als reng an dëser Affär erwisen.

[12] Och wann ech iech geschriwwen hunn, war dat net wéinst deem, dee Falsches gemaach huet, an och net wéinst deem, dee Falsches ugedoe krut, mee fir datt ären Äifer fir eis virun den Ae vu Gott iech kloer wier.

[13] Dofir si mir duerch ären Trouscht getréischt ginn. Mir hunn eis och ëmsou méi gefreet, wéinst dem Titus senger Freed, well säi Geescht duerch iech berouegt gouf.

[14] Ech brauch mech net dofir ze schummen, datt ech him géintiwwer houfreg op iech all sinn. Mee esou wéi mir iech an allem d’Wourecht gesot hunn, esou huet et sech erwisen, datt eisen Houfert beim Titus der Wourecht entsprach huet.

[15] Hien ass nach ëmsou méi frou mat iech, wann hie sech drun erënnert, wéi dir all gefollegt hutt, wéi dir hie mat Angscht an Zidderen empfaangen hutt.

[16] Ech freeë mech, datt ech mech an allem op iech verloosse kann.

Den zweete Bréif un d’Korinther — Chapters