[1] Mir hunn dësen Déngscht geneesou kritt, wéi mir Erbaarmen erwisen kruten, an dofir gi mir net op.
[2] Dowéinst hu mir vu schänterlechen Heemlechkeeten ofgelooss. Mir sinn net hannerhälteg an eisem Behuelen a mir verdréien d’Wuert vu Gott net. Am Géigendeel, mir recommandéieren eis jidder mënschlechem Gewësse viru Gott duerch d’Verkënnege vun der Wourecht.
[3] Wann eis gutt Noriicht verdeckt ass, dann ass se fir déi verdeckt, déi verluer ginn.
[4] De Gott vun dësem Zäitalter huet d’Denke vun den Ongleewege blann gemaach, fir datt si d’Liicht vun der herrlecher gudder Noriicht vu Christus, deen de Glach vu Gott ass, net kënne gesinn.
[5] Mir verkënnegen net eis selwer, mee Christus Jesus, den Här. Mir selwer sinn duerch Christus är Dénger.
[6] Gott, dee sot: „Et soll Liicht aus der Däischtert schéngen!“, ass nämlech deen, deen an eis Häerzer geliicht huet, fir eis d’Liicht vum herrleche Wësse vu Gott, dat am Gesiicht vum Jesus Christus schéngt, ze ginn.
[7] Mir hunn dëse Schatz a Behälter aus Leem, fir däitlech ze maachen, datt déi aussergewéinlech Muecht vu Gott kënnt an net vun eis.
[8] Mir gi vun alle Säite bedréckt, mee net ënnerdréckt. Mir zweiwelen, mee sinn net verzweiwelt.
[9] Mir gi verfollegt, mee net verlooss, zerschloen, mee net zerstéiert.
[10] Mir droen ëmmer dem Här Jesus säin Doud an eisem Kierper ronderëm, fir datt och d’Liewe vum Jesus an eisem Kierper kloer ze gesinn ass.
[11] Mir, déi mir liewen, ginn nämlech ëmmer wéinst dem Jesus dem Doud ausgeliwwert, fir datt och d’Liewe vum Jesus an eisem stierfleche Kierper kloer ze gesinn ass.
[12] Esou wierkt engersäits den Doud an eis, mee d’Liewen an iech.
[13] Mir hunn deeselwechte Geescht vum Glawen, esou wéi geschriwwe steet: „Ech hu gegleeft an dofir hunn ech geschwat.“ (Psalmen 116,10) Och mir gleewen an dofir schwätze mir.
[14] Mir wëssen, datt deen, deen den Här Jesus operstoe gelooss huet, och eis duerch de Jesus operstoe léisst an eis mat iech viru sech stellt.
[15] Dat alles geschitt wéinst ärer, fir datt d’Gnod, déi ëmmer méi Leit erreecht, eng iwwerméisseg Dankbarkeet bewierkt zur Éier vu Gott.
[16] Dofir loosse mir eis net ënnerkréien. Och wann eist baussenzegt Wiesen ofnotzt, gëtt eist bannenzegt Wiesen vun Dag zu Dag erneiert.
[17] Déi liicht Nout, déi mir den Ament erliewen, bewierkt fir eis en éiwegt Gewiicht vun Herrlechkeet, déi mat näischt ze vergläichen ass.
[18] Mir kucken net op dat, wat ze gesinn ass, mee op dat, wat net ze gesinn ass. Dat, wat ze gesinn ass, ass nämlech vergänglech, mee dat, wat net ze gesinn ass, ass éiweg.