[1] Ech, de Paul, appelléiere perséinlech un iech duerch d’Duussheet an d’Guttheet vu Christus (ech sinn ënnerdéngeg, wann ech bei iech sinn, mee couragéiert, wann ech net bei iech sinn)!
[2] Ech bieden iech, datt ech net muss ganz verwot optrieden, wann ech bei iech kommen, esou wéi ech mengen, verwot géint muncher mussen ze sinn, déi vun eis denken, mir géifen no mënschleche Moossstief liewen.
[3] Och wa mir an dëser Welt liewen, kämpfe mir de Krich net mat mënschleche Methoden.
[4] Eis Waffe fir de Kampf sinn nämlech net weltlech. Am Géigendeel, si si wéinst Gott mächteg, fir Festungen ze zerstéieren.
[5] Mir zerstéiere falsch Iwwerleeungen an all Hindernis, déi sech géint d’Kenntnes vu Gott erhiewen, a mir maache jidder Gedanken zu Prisonéier, fir datt e Christus follegt.
[6] Wann dir bis vollstänneg follegt, da si mir prett, fir jiddereen ze bestrofen, deen net follegt.
[7] Dir kuckt d’Saachen nom baussechte Schäin. Wien a sech selwer iwwerzeegt ass, datt hie Christus gehéiert, dee sief sech bewosst, datt net nëmmen hien, mee och mir Christus gehéieren.
[8] Wann ech mech eppes méi mat eiser Autoritéit bretzen, déi den Här eis ginn huet, fir iech z’erbauen an net fir iech ze zerstéieren, da schummen ech mech net.
[9] Ech wëll net, datt et esou ausgesäit, wéi wann ech iech duerch meng Bréiwer Angscht wéilt maachen.
[10] Et gëtt nämlech gesot: „Engersäits si seng Bréiwer streng a staark, mee anerersäits ass säi Kierper schwaach an als Riedner daacht hien näischt.“
[11] Wien dat seet, soll sech däers hei bewosst sinn: Dat, wat mir mat Wierder an eise Bréiwer soen, wa mir net bei iech sinn, dat maache mir och duerch eis Doten, wa mir bei iech sinn.
[12] Mir trauen eis nämlech net, fir eis mat gewësse Leit op eng Linn ze stellen oder ze vergläichen, déi sech selwer luewen. Si moosse sech mat sech selwer a vergläiche sech mateneen an dofir si si net weis.
[13] Mir awer, mir wëllen eis net iwwerméisseg bretzen, mee mir bretzen eis bannent dem Beräich vun der Aarbecht, dee Gott eis zougewisen huet, e Beräich, deen iech abegräift.
[14] Mir ginn net ze wäit, wat de Fall wier, wann dee Beräich iech net abegräife géif. Mir ware jo déi Éischt, déi mat der gudder Noriicht vu Christus bei iech koumen.
[15] Mir bretzen eis net iwwerméisseg mat deenen aneren hirer Aarbecht. Mir hoffen awer, esou wéi äre Glawe wiisst, datt mir an eisem Beräich ganz héich vun iech gelueft wäerte ginn.
[16] Da kënne mir d’gutt Noriicht iwwert är Regioun eraus priedegen, ouni eis selwer mat engem anere sengem Beräich, wou d’Aarbecht scho geleescht gouf, ze bretzen.
[17] „Wie sech bretzt, muss sech mam Här bretzen.“ (Yeremia 9,23)
[18] Et ass nämlech net deen, dee sech selwer lueft, deen approuvéiert gëtt, mee deen, deen den Här lueft.