Skip to content
Opens in a new window

[1] Vum Paul, engem Apostel (net wéinst de Mënschen an och net duerch e Mënsch, mee duerch de Jesus Christus a Gott, de Papp, deen hie vun den Doudegen operstoe gelooss huet),

[2] a vun all de Geschwëster, déi bei mir sinn, un d’Gemeinschaften a Galatien:

[3] Gnod sief mat iech a Fridde vu Gott, dem Papp, a vun eisem Här Jesus Christus,

[4] dee sech fir eis Sënnen hierginn huet, fir eis aus dësem jëtzege béisen Zäitalter ze retten nom Wëlle vun eisem Gott a Papp.

[5] Him sief Éier fir ëmmer an éiweg. Amen.

[6] Ech si verwonnert, datt dir esou séier dee verloosst, deen iech duerch d’Gnod vu Christus beruff huet, fir enger anerer gudder Noriicht nozegoen,

[7] obwuel et keng aner gëtt! Et ginn awer verschidde Leit, déi iech doruechter bréngen an d’gutt Noriicht vu Christus verdréie wëllen.

[8] Wann awer mir oder en Engel aus dem Himmel iech eng aner gutt Noriicht verkënnege sollten, wéi déi, déi mir iech verkënnegt hunn, da sief dee verflucht.

[9] Esou wéi mir et scho virdru soten, soen ech et nach eng Kéier: Wann een iech eng aner gutt Noriicht verkënnegt wéi déi, déi dir ugeholl hutt, da soll dee verflucht sinn.

[10] Sichen ech éieren elo d’Zoustëmmung vun de Mënschen oder vu Gott? Probéieren ech éieren, fir de Mënschen ze gefalen? Wéilt ech nach ëmmer de Mënsche gefalen, da wier ech keen Dénger vu Christus!

[11] Geschwëster, ech wëll, datt dir wësst, datt d’gutt Noriicht, déi ech iech verkënnegt hat, net vu Mënsche kënnt.

[12] Ech krut se nämlech net vun engem Mënsch, nach gouf ech se vun engem geléiert, mee ech krut se duerch eng Offenbarung vum Jesus Christus.

[13] Dir hutt jo vu mengem fréiere Verhalen am Judaismus héieren, wéi ech d’Gemeinschaft vu Gott iwwert all Mooss verfollegt hunn a probéiert hunn, si ze zerstéieren.

[14] Ech war och am Judaismus méi séier weiderkomm wéi vill Judden a mengem Alter, well ech vill méi äifreg war, fir d’Traditioune vu menge Virfueren anzehalen.

[15] Mee wéi Gott, dee mech schonn am Mammeläif erausgesicht a mech wéinst senger Gnod beruff hat, Gefalen drun hat,

[16] mir säi Jong ze offenbaren, fir datt ech hien ënnert den Net-Judde verkënnegen, hunn ech mech net direkt vu Mënsche berode gelooss.

[17] Ech sinn och net op Jerusalem bei déi gaangen, déi viru mir Apostele waren. Villméi sinn ech an Arabien gaangen an duerno zeréck op Damaskus.

[18] Dräi Joer drop sinn ech op Jerusalem gaangen, fir de Péitrus ze besichen a fir vun him ze léieren. Ech si fofzéng Deeg bei him bliwwen.

[19] Ech hu kee vun den aneren Apostele gesinn, ausser dem Jacques, eisem Här säi Brudder.

[20] (Wat ech iech hei schreiwen: Gott ass mäin Zeien, datt ech net léien.)

[21] Duerno goung ech an d’Géigende vu Syrien a Kilikien.

[22] D’Gemeinschafte vu Judea, déi a Christus sinn, hu mech net perséinlech kannt.

[23] Dat eenzegt, wat si iwwert mech héieren haten, war dat hei: „Deen, deen eis an der Zäit verfollegt huet, verkënnegt elo dee Glawen, deen hie fréier zerstéiere wollt.“

[24] Dofir hu si Gott wéinst menger gelueft.

De Bréif un d’Galater — Chapters