Skip to content
Opens in a new window

[1] Fänke mir éieren nees un, fir eis selwer ze recommandéieren? Brauche mir éieren, esou wéi aner Leit, schrëftlech Recommandatioune fir iech oder Recommandatioune vun iech?

[2] Dir sidd eise Bréif, deen op eis Häerzer geschriwwe gouf an dee vu jidderengem verstanen a gelies gëtt.

[3] Et ass kloer, datt dir e Bréif vu Christus sidd, deen duerch eisen Déngscht entstanen ass, deen net mat Tënt geschriwwe gouf, mee mam Geescht vum liewege Gott, an dat net op stengen Tafelen, mee op Tafelen aus mënschlechen Häerzer.

[4] Esou ass eis Zouversiicht duerch Christus viru Gott.

[5] Mir selwer hu keng perséinlech Kompetenz, fir kënnen ze behaapten, datt iergendeppes vun eis selwer géif kommen, mee eis Kompetenz kënnt vu Gott.

[6] Hien huet eis d’Kompetenz ginn, fir kënnen Dénger vun engem neie Bond ze sinn, deen net aus engem Buschtaf besteet, mee aus dem Geescht. De Buschtaf mécht dout, mee de Geescht mécht lieweg.

[7] Den Déngscht, deen den Doud bruecht huet an dee mat Buschtawen a Stee gemeesselt gouf, war en herrlechen Déngscht, mee seng Herrlechkeet war vergänglech. Deen Déngscht war awer esou herrlech, datt d’Israeliten emol net riicht op dem Moses säi Gesiicht kucke konnten, wéinst der Herrlechkeet, déi säi Gesiicht ausgestraalt huet. Wann deen Déngscht esou herrlech war,

[8] ëm wéi vill méi herrlech muss dann den Déngscht vum Geescht sinn?

[9] Wann den Déngscht, deen zum Verdame féiert, herrlech war, ëm wéi vill méi ass den Déngscht vun der Gerechtegkeet iwwert all Moossen herrlech.

[10] Deen, dee soss herrlech war, ass elo am Verglach net herrlech wéinst der Herrlechkeet, déi déi aner iwwertrëfft.

[11] Wa schonn dat Vergänglecht mat Herrlechkeet koum, ëmsou méi koum dann deen, dee bleift, an der Herrlechkeet!

[12] Vun esou enger Hoffnung erfëllt, kënne mir esou verwot optrieden.

[13] Mir sinn net wéi de Moses, deen e Schleier iwwert säi Gesiicht geluecht huet, fir datt d’Israeliten net d’Enn vun deem, wat vergänglech war, fixéiere konnten.

[14] Hiert Denke gouf awer verbruet. Bis haut bleift nämlech deeselwechte Schleier, wann aus dem ale Bond virgelies gëtt, an e gëtt net ewechgezunn. Dëse Schleier gëtt duerch Christus ewechgeholl.

[15] Mee bis haut läit e Schleier iwwert hirem Häerz, wann de Moses gelies gëtt.

[16] Wann ee sech awer zum Här dréit, da gëtt de Schleier ewechgeholl.

[17] Den Här ass de Geescht an do, wou de Geescht vum Här ass, ass Fräiheet.

[18] Mir alleguer spigele mat onverschleierte Gesiichter d’Herrlechkeet vum Här erëm. Mir alleguer kréie mat enger ëmmer méi grousser Herrlechkeet deeselwechte Glach duerch de Geescht vum Här.

Den zweete Bréif un d’Korinther — Chapters