Skip to content
Opens in a new window

[1] Et ass net néideg, datt ech iech iwwert den Déngscht fir déi Helleg schreiwen.

[2] Ech kennen är Bereetschaft, fir ze hëllefen, an ech bretze mech bei de Mazedonier mat iech: „Achaia war schonns d’lescht Joer bereet, fir ze spenden!“ Ären Äifer huet der vill vun hinnen ugereegt, fir och ze spenden.

[3] Ech schécken awer d’Bridder, fir datt eise Luef vun iech an dëser Affär keng eidel Wierder sinn an dir esou bereet sidd, genee wéi ech et vun iech gesot hat.

[4] Sollten nämlech etlech Mazedonier mat mir bei iech kommen a gesinn, datt dir net virbereet wiert, da wiere mir blaméiert (scho guer net vun iech ze schwätzen), well mir eis esou zouversiichtlech mat iech gebretzt haten.

[5] Dofir hunn ech et fir néideg gehalen, eis Bridder opzefuerderen, am Viraus bei iech ze goen an esou är generéis Spend virzebereeden, déi dir schonns virdrun ugekënnegt hat, fir datt se als generéis Spend prett ass an net als knéckeg Spend.

[6] Et geet heirëm: Wien aarmséileg séit, hëlt och en aarmséilegen Ertrag eran a wie generéis séit, hëlt och e generéisen Ertrag eran.

[7] Jidderee soll esou ginn, wéi hie sech et a sengem Häerz virgeholl huet. Hie soll et net mat Widdermutt oder aus Zwangsgefill maachen, well Gott huet dee gär, dee mat Freed gëtt.

[8] Gott huet d’Muecht, fir iech alles, wat dir braucht, am Iwwerfloss ze schenken, fir datt dir och am Iwwerfloss kënnt fir all gutt Wierk spenden, well dir an allem zu jidder Zäit genuch vum Néidegen hutt.

[9] Esou wéi geschriwwe steet: „Hien huet generéis ausgedeelt. Hien huet den Aarme ginn. Seng Gerechtegkeet bleift fir ëmmer bestoen.“ (Psalmen 112,9)

[10] Deen, deen dem Bauer Som gëtt an och Brout, fir z’iessen, dee soll och iech Som ginn, e multiplizéieren an den Ertrag vun ärer Gerechtegkeet wuessen doen.

[11] Esou gitt dir a jidder Hisiicht beräichert, fir datt dir kënnt an allem generéis sinn. Wéinst eiser bewierkt är Generositéit Dankbarkeet, déi u Gott geriicht gëtt.

[12] D’Ausféiere vun dësem Déngscht suergt nämlech net nëmme fir d’Besoine vun den Hellegen, mee féiert och zu onmoosseg ville Méiglechkeeten, fir Gott Merci ze soen.

[13] Dësen Déngscht huet sech bewäert an dofir verherrleche si Gott, well dir der gudder Noriicht vu Christus, zu deem dir iech bekennt, follegt a mat hinnen a mat jidderengem gedeelt hutt, ouni un iech selwer ze denken.

[14] Duerch hir Gebieder fir iech, weise si hir Léift fir iech wéinst der onbegrenzt grousser Gnod vu Gott, déi op iech rout.

[15] Gott sief Merci gesot fir säin onbeschreifleche Kaddo!

Den zweete Bréif un d’Korinther — Chapters