[1] Ech wëll mech nach weider bretzen, och wann et mir näischt bréngt! Ech kommen elo op d’Visiounen an d’Offenbarunge vum Här ze schwätzen.
[2] Ech kennen e Mann, deen a Christus ass an dee viru véierzéng Joer an den drëtten Himmel eropgezu gouf. (Ob hien am Kierper war, weess ech net, oder ob hie baussent dem Kierper war, weess ech net, just Gott weess et.)
[3] Ech weess, datt dëse Mann (ob hien am Kierper oder baussent dem Kierper war, weess ech net, just Gott weess et)
[4] an de Paradäis gezu gouf. Hien huet Saachen héieren, déi ze helleg sinn, fir ze widderhuelen, an déi kengem Mënsch erlaabt sinn, an de Mond ze huelen.
[5] Mat esou engem wëll ech mech bretzen, mee mat mir selwer wëll ech mech net bretzen, ausser mat menger Schwaachheet.
[6] Wann ech mech nämlech bretze wéilt, da wier ech net topeg, well ech d’Wourecht soe géif. Mee ech enthale mech, fir datt kee mir méi zourechne kann, wéi dat, wat hien a mir gesäit oder aus mengem Mond héiert.
[7] Wéinst den eenzegaartegen Offenbarungen, déi ech krut, krut ech en Dar a mäi Kierper gesat, en Engel vum Satan, dee mech kierperlech leiden deet, fir datt ech net iwwerhieflech ginn.
[8] Dräimol hunn ech den Här gefrot, fir mir en erauszehuelen,
[9] mee hie sot zu mir: „Meng Gnod geet duer fir dech, well meng Kraaft erfëllt sech an der Schwaachheet.“ Dofir sinn ech ëmsou méi frou, fir mech mat menge Schwaachheeten kënnen ze bretzen, fir datt d’Kraaft vu Christus a mir wunne kann.
[10] Dofir sinn ech frou iwwert Schwaachheeten, Beleidegungen, Nout, Verfolgungen, Misär, déi ech fir Christus erdroen. Wann ech nämlech schwaach sinn, da sinn ech staark.
[11] Wéinst mengem Gebretz gouf ech en Topert! Dir hutt mech dozou gezwongen! Ech hätt solle vun iech recommandéiert ginn, well ech stoung an näischt den „Mega-Apostelen“ no, och wann ech näischt sinn.
[12] D’Zeeche vum Apostel goufe mat grousser Ausdauer duerch Zeechen, Wonner a mächteg Doten ënnert iech gemaach.
[13] Wouranner sidd dir am Verglach zu den anere Gemeinschaften ze kuerz komm? A jo, ech war iech keng Laascht! Verzeit mer dach déi Ongerechtegkeet!
[14] Kuckt, ech si prett, fir eng drëtte Kéier bei iech ze kommen. Ech sinn iech dann och keng Laascht. Ech siche jo net, wat iech gehéiert, mee iech selwer. D’Kanner sollen nämlech net fir d’Eltere spueren, mee d’Eltere fir d’Kanner.
[15] Ech si frou, fir alles auszeginn a fir mech selwer wéinst äre Séilen dropzemaachen. Meng Léift fir iech wiisst, och wann är Léift fir mech zeréckgeet.
[16] Wéi och ëmmer! Ech war iech keng Laascht. Mee lous wéi ech sinn, hunn ech iech anscheinend mat Raffiness beduckst!
[17] Hunn ech éieren duerch déi, déi ech bei iech geschéckt hunn, vun iech profitéiert?
[18] Ech hunn den Titus opgefuerdert, bei iech ze kommen an hunn de Brudder matgeschéckt. Huet den Titus éiere vun iech profitéiert? Hu mir net duerch deeselwechte Geescht gelieft? Hu mir eis net d’nämmlecht beholl?
[19] Mengt dir, datt mir eis nees géife virun iech verdeedegen? Mir schwätzen duerch Christus viru Gott. Léif Leit, alles, wat mir maachen, maache mir, fir iech z’erbauen.
[20] Ech hunn nämlech Angscht, datt ech iech net esou virfannen, wéi ech et wëll, an datt dir mech net esou virfannt, wéi dir et wëllt, wann ech bei iech kommen. Et kéinte villäicht Streidereien, Näid, Roserei, Rivalitéiten, Beschass, Klaatsch, Arroganz an Onrouen ënnert iech sinn.
[21] Ech hunn Angscht, wann ech nees bei iech kommen, datt mäi Gott mech ënnert iech erniddregt an datt ech ëm vill Leit trauere muss, déi virdru gesënnegt haten an net vun der Onmoraleschkeet, dem onerlaabte Sex an hirem verduerwene Liewen ëmgekéiert sinn.