Skip to content
Opens in a new window

[1] Geschwëster, wann e Mënsch bei enger Iwwertriedung erwëscht gëtt, da sollt dir, déi dir geeschtlech sidd, mat engem Geescht vun der Duussheet en nees op de richtege Wee bréngen. Gitt op iech selwer uecht, datt dir net a Versuchung gerot.

[2] Drot een deem anere seng Laascht. Esou erfëllt dir d’Gesetz vu Christus.

[3] Wie mengt, eppes ze sinn, obwuel hien näischt ass, dee bedréit sech selwer.

[4] Jidderee soll seng eegen Dote préiwen, da berout säin Houfert op sech selwer an net op de Verglach mat aneren.

[5] Jidderee soll säin Deel vun der Laascht droen.

[6] Wien am Wuert ënnerriicht gëtt, soll Habb a Gutt mat deem deelen, deen d’Wuert enseignéiert.

[7] Loosst iech net irféieren! Gott léisst net de Geck mat sech maachen! Wat e Mënsch séit, dat hëlt en och eran.

[8] Wie séit, fir sengem Kierper ze gefalen, deen hëlt aus sengem Kierper Verdierfnes eran. Wie séit, fir dem Geescht ze gefalen, deen hëlt aus dem Geescht éiwegt Liewen eran.

[9] Loosst eis net midd ginn, fir dat Gutt ze maachen, well wa mir net noloossen, huele mir am richtege Moment eis Recolte eran.

[10] Dofir solle mir, wa mir d’Geleeënheet dozou kréien, jidderengem Guddes doen, zumools deenen, déi zur Glawensfamill gehéieren.

[11] KUCKT DÉI GROUSS BUSCHTAWEN, DÉI ECH IECH ELO MAT MENGER EEGENER HAND SCHREIWEN.

[12] Déijéineg, déi äusserlech e gudden Androck maache wëllen, zwéngen iech, fir iech beschneiden ze loossen. Si maachen dat nëmmen, fir datt si net wéinst dem Kräiz vu Christus verfollegt ginn.

[13] Déi, déi sech beschneide loossen, halen emol selwer d’Gesetz net an, mee si wëllen, datt dir iech beschneide loosst, fir datt si sech wéinst ärem Kierper bretze kënnen.

[14] Et däerf op kee Fall sinn, datt ech mech iwwert iergendeppes bretzen, ausser iwwert d’Kräiz vun eisem Här Jesus Christus, duerch deen d’Welt mir gekräizegt gouf an ech der Welt.

[15] Wéinst Christus Jesus ass et nämlech egal, ob mir beschnidden oder onbeschnidde sinn, mee wat zielt ass eng nei Schëpfung.

[16] Wien no dëser Regel lieft, op deem an op dem Israel vu Gott solle Fridden a Baarmhäerzegkeet sinn.

[17] Vun elo u soll kee mir méi Schwieregkeete maachen! Ech droen nämlech d’Läinzeeche vum Här Jesus u mengem Kierper.

[18] D’Gnod vun eisem Här Jesus Christus sief mat ärem Geescht, Geschwëster. Amen.

De Bréif un d’Galater — Chapters