[1] Ech soen dat hei: Esoulaang den Ierwe mannerjäreg ass, gëtt et keen Ënnerscheed tëschent him an engem Sklav, obwuel him rechtméisseg alles gehéiert.
[2] Villméi steet hien ënnert Momperen a Verwalter bis op deen Dag, dee vu sengem Papp festgeluecht gouf.
[3] Esou war et och mat eis. Wéi mir mannerjäreg waren, ware mir Sklave vun den animistesche Muechte vun der Welt.
[4] Wéi déi festgeluechten Zäit komm war, huet Gott säi Jong geschéckt. Dee gouf vun enger Fra gebuer an ënnert dem Gesetz gebuer.
[5] Hien huet dat gemaach, fir déi ënnert dem Gesetz z’erléisen, fir datt mir adoptéiert kéinte ginn.
[6] Dir sidd jo elo seng Kanner an dofir huet Gott de Geescht vu sengem Jong an är Häerzer geschéckt, dee rifft: „Abba! Papp!“
[7] Esou bass du net méi e Sklav, mee e Kand; a wann s du e Kand bass, da bass du och duerch Christus en Ierwe vu Gott.
[8] Zu där Zäit, an där dir Gott awer nach net kannt hutt, hutt dir deene gedéngt, déi vun Natur aus keng Gëtter sinn.
[9] Mee elo, wou dir Gott kennegeléiert hutt (oder villméi, datt Gott iech kennt), wéi kënnt et dann elo, datt dir zeréck bei déi schwaach an aarmséileg animistesch Muechte kéiert an hinnen nees dénge wëllt?
[10] Dir haalt bestëmmten Deeg, Méint, bestëmmten Zäiten a Joren an!
[11] Ech hunn Angscht ëm iech, datt meng Aarbecht fir iech ëmsoss war!
[12] Geschwëster, ech bieden iech: Gitt dach wéi ech, esou wéi ech wéi iech gouf. Dir hutt mir näischt zu Leeds gedoen.
[13] Dir wësst, datt ech iech am Ufank wéinst menger physescher Krankheet d’gutt Noriicht fir d’éischt verkënnegt hat
[14] an och wa mäi physeschen Zoustand iech op d’Prouf gestallt huet, hutt dir mech net verworf. Dir hutt mech villméi opgeholl, wéi wann ech en Engel vu Gott wier oder esouguer Christus Jesus selwer.
[15] Wat ass da mat ärer Freed geschitt? Ech kann iech bezeien: Wann et méiglech gewiescht wier, dann hätt dir iech d’Aen ausgerappt, fir mir se ze ginn.
[16] Sinn ech éieren äre Feind ginn, well ech iech d’Wourecht soen?
[17] Si beméie sech ëm iech, mee net mat gudder Absicht. Si wëllen iech isoléieren, fir datt dir iech ëm si beméit.
[18] Et ass ëmmer gutt, fir sech ëm eppes Guddes ze beméien, an dat net nëmme wann ech bei iech sinn.
[19] Meng léif Kanner, ech leien nees an de Wéie fir iech, bis Christus an iech Form unhëlt.
[20] Ech wënsche mir elo, bei iech ze sinn, fir mäin Toun z’änneren, well ech wéinst ärer menger Hänn kee Rot méi weess.
[21] Sot mir: Dir, déi dir ënnert dem Gesetz wëllt sinn, lauschtert dir net op d’Gesetz?
[22] Et steet nämlech geschriwwen, datt den Abraham zwee Jongen hat, ee vun der Mod an ee vun der fräier Fra.
[23] De Jong vun der Mod koum duerch eng natierlech Gebuert op d’Welt, mee de Jong vun der fräier Fra koum duerch e Verspriechen op d’Welt.
[24] Ech schwätzen emol bildlech: Déi zwou Frae sinn zwou Allianzen. Déi eng Allianz koum vum Bierg Sinai a bréngt Kanner fir d’Sklaverei op d’Welt. Déi representéiert d’Hagar.
[25] D’Hagar representéiert de Bierg Sinai an Arabien an entsprécht deem haitege Jerusalem, dat zesumme mat senge Kanner versklaavt ass.
[26] Dat himmlescht Jerusalem ass awer fräi an ass d’Mamm vun eis alleguer.
[27] Et steet nämlech geschriwwen: „Free dech, du onfruchtbar Fra, déi s du keng Kanner kriss! Fänk un ze jubiléieren an ze ruffen, du, déi s du keng Wéien hues! Déi verloosse Fra kritt nämlech méi Kanner wéi déi Fra, déi e Mann huet.“ (Yesaia 54,1)
[28] Geschwëster, dir sidd Kanner vum Verspriechen, esou wéi den Isaak.
[29] Mee geneesou wéi deemools d’Kand, dat duerch eng natierlech Gebuert op d’Welt koum, dat Kand, dat duerch de Geescht op d’Welt koum, verfollegt huet, esou geschitt et och elo.
[30] Mee wat seet d’Schrëft? „Gehei d’Mod zesumme mat hirem Jong eraus, well de Jong vun der Mod gëtt op kee Fall zesumme mam Jong vun der fräier Fra Ierwen.“ (1. Moses 21,10)
[31] Geschwëster, dofir si mir net Kanner vun der Mod, mee vun der fräier Fra.