Skip to content
Opens in a new window

[1] Véierzéng Joer drop goung ech nees mam Bar-Naba op Jerusalem. Den Titus hat ech och matgeholl.

[2] Ech goung opgrond vun enger Offenbarung dohinner an hunn hinnen d’gutt Noriicht, déi ech ënnert den Net-Judde verkënnegen, matgedeelt. Dat hunn ech awer privat bei deenen zou gemaach, déi héich ugesi waren. Dat hunn ech gemaach, fir datt meng Aarbecht vun elo an och déi vu virdrun net ëmsoss wier.

[3] Si hunn awer emol net den Titus, deen e Griich ass a mech begleet huet, dozou gezwongen, sech beschneiden ze loossen.

[4] D’Fro ass och nëmme wéinst falsche Geschwëster opkomm, déi sech mat falsche Motiver bei eis ageschlach haten, fir eis iwwert eis Fräiheet a Christus Jesus auszespionéieren, fir datt si eis versklave kéinten.

[5] Net emol eng eenzeg Stonn hu mir hinnen noginn an eis hinnen ënnerworf, fir datt d’Wourecht vun der gudder Noriicht géif fir iech erhale bleiwen.

[6] Vun deenen, déi héich ugesi waren (wat si waren, mécht keen Ënnerscheed fir mech, well Gott net op d’Persoun kuckt), och vun deenen, déi héich ugesi waren, krut ech keng aner Léier operluecht.

[7] Am Géigendeel, si hu gesinn, datt ech d’gutt Noriicht uvertraut krut, fir se deenen ze verkënnegen, déi net beschnidde sinn, esou wéi de Péitrus d’gutt Noriicht uvertraut krut, fir se deenen ze verkënnegen, déi beschnidde sinn.

[8] Deen, deen de Péitrus fir säin Déngscht als Apostel ënnert deenen, déi beschnidde sinn, ermächtegt hat, hat och mech fir mäin Déngscht als Apostel ënnert den Net-Judden ermächtegt.

[9] De Jacques, de Kefas an de Jean, déi als Saile vun der Gemeinschaft unerkannt sinn, hunn d’Gnod, déi ech krut, gesinn an dofir hu si mir an dem Bar-Naba déi riets Hand ginn als Zeeche vun der Gemeinschaft. Mir waren eis eens, datt mir bei d’Net-Judde ginn a si bei déi, déi beschnidde sinn.

[10] Si wollte just, datt mir eis un déi Aarm erënnere sollten, wat och genee dat war, wat ech äifreg beméit war ze maachen.

[11] Wéi de Péitrus awer op Antiochia koum, sinn ech him entgéintgetrueden, well hien am Feeler war.

[12] Éier verschidde Männer vum Jacques komm sinn, hat hien nämlech regelméisseg mat den Net-Judde giess. Wéi si du komm sinn, huet hie sech zeréckgezunn a sech ofgesënnert aus Angscht virun deene vun der Beschneidung.

[13] Déi aner Judden hu sech du geneesou schäinhelleg beholl, esou datt esouguer de Bar-Naba duerch hir Schäinhellegkeet verféiert gouf.

[14] Wéi ech du gesinn hunn, datt hiert Behuelen net mat der Wourecht vun der gudder Noriicht iwwertenee gestëmmt huet, sot ech virun hinnen alleguer zum Péitrus: „Wann s du, deen s du e Judd bass, esou wéi en Net-Judd liefs an net wéi e Judd, wéi kanns du dann d’Net-Judden dozou zwéngen, wéi d’Judden ze liewen?

[15] Mir si vu Gebuert aus Judden a keng net-jüddesch Sënner.

[16] Mir wëssen, datt kee Mënsch duerch d’Anhale vum Gesetz gerechtgesprach gëtt, mee duerch d’Trei vum Jesus Christus. Mir hunn un de Jesus Christus gegleeft, fir datt mir duerch d’Trei vu Christus gerechtgesprach ginn an net duerch d’Anhale vum Gesetz, well duerch d’Anhale vum Gesetz kee Mënsch gerechtgesprach gëtt.

[17] Mee wann och mir, déi mir duerno striewen duerch Christus gerechtgesprach ze ginn, dann als Sënner gëllen, heescht dat dann, datt Christus d’Sënn ënnerstëtzt? Op kee Fall!

[18] Wann ech dat nees opbauen, wat ech zerstéiert hunn, beweisen ech, datt ech en Iwwertrieder sinn.

[19] Duerch d’Gesetz sinn ech dem Gesetz gestuerwen, fir datt ech fir Gott liewe kann.

[20] Ech gouf zesumme mat Christus gekräizegt. Net ech sinn et, deen elo lieft, mee Christus lieft a mir. D’Liewen, wat ech elo am Läif liewen, liewen ech duerch de Glawen un de Jong vu Gott, dee mech gär hat a sech fir mech hierginn huet.

[21] Ech verwerfen d’Gnod vu Gott net, well wa Gerechtegkeet duerch d’Gesetz kéim, da wier Christus ëmsoss gestuerwen.“

De Bréif un d’Galater — Chapters