Skip to content
Opens in a new window

[1] Dir topeg Galater! Wien huet iech verhext, fir datt dir der Wourecht net follegt? De Jesus Christus gouf iech dach als Gekräizegte virun Ae presentéiert.

[2] Ech wëll just dat hei vun iech wëssen: Krut dir de Geescht duerch d’Anhale vum Gesetz oder duerch de Glawen un dat, wat dir héieren hutt?

[3] Sidd dir wierklech esou topeg? Dir hutt mam Geescht ugefaangen. Wëllt dir elo mam Kierper ofschléissen?

[4] Hutt dir esou vill ëmsoss gelidden (wann et da wierklech ëmsoss war)?

[5] Gëtt Gott iech de Geescht a wierkt hien ënnert iech Wonner, well dir d’Gesetz anhaalt oder well dir un dat gleeft, wat dir héieren hutt?

[6] Geneesou war et mam Abraham: „Hien huet Gott gegleeft an dat gouf him als Gerechtegkeet ugerechent.“ (1. Moses 15,6)

[7] Verstitt also, datt déi, déi gleewen, dem Abraham seng Nokomme sinn.

[8] D’Schrëft, déi virausgesinn huet, datt Gott d’Net-Judden duerch de Glawe géif gerechtspriechen, huet dem Abraham d’gutt Noriicht am Viraus verkënnegt: „Duerch dech ginn all d’Natioune vun der Welt geseent.“ (1. Moses 12,3; 18,18; 22,18)

[9] Déi, déi gleewen, ginn also zesumme mam Abraham, dee gegleeft huet, geseent.

[10] Jiddereen, dee sech op d’Anhale vum Gesetz stäipt, steet ënnert engem Fluch. Et steet nämlech geschriwwen: „Jiddereen, dee sech net stänneg un all dat hält, wat am Buch vum Gesetz geschriwwe steet, ass verflucht.“ (5. Moses 27,26)

[11] Et ass evident, datt keen duerch d’Gesetz viru Gott gerechtgesprach gëtt, well „de Gerechte lieft duerch de Glawen.“ (Habakuck 2,4)

[12] D’Gesetz berout nämlech net op de Glawen, villméi op den Text: „De Mënsch, deen dat alles anhält, lieft doduerch.“ (3. Moses 18,5)

[13] Christus huet eis vum Fluch, deen duerch d’Gesetz gesprach gouf, erléist, andeems hie fir eis zum Fluch gouf. Et steet nämlech geschriwwen: „Jiddereen, deen um Holz hänkt, ass verflucht.“ (5. Moses 21,23)

[14] Christus huet dat gemaach, fir datt de Segen, deen dem Abraham versprach gouf, och op d’Net-Judden duerch Christus Jesus komme géif, fir datt mir d’Versprieche vum Geescht duerch de Glawe kréichen.

[15] Geschwëster, ech ginn iech e mënschlecht Beispill: Wann e Mënsch e rechtlecht Testament ratifizéiert, ka keen et annuléieren oder eppes dobäi schreiwen.

[16] D’Versprieche goufen dem Abraham a sengem Nokomme gemaach. Et heescht net: „an den Nokommen“, wéi wann et sech op der vill bezéie géif. Am Géigendeel, et schwätzt vun engem eenzegen: „an dengem Nokommen“, (1. Moses 12,7; 13,15; 24,7) an dat ass Christus.

[17] Ech soen dat hei: D’Gesetz, dat véierhonnertdrësseg Joer méi spéit gi gouf, kann d’Allianz, déi virdru vu Gott a Bezuch op Christus ratifizéiert gouf, net ongülteg maachen an domat d’Verspriechen annuléieren.

[18] Wann d’Ierfschaft nämlech duerch d’Gesetz kéim, da kéim se net méi duerch d’Verspriechen. Gott huet se dem Abraham awer duerch d’Versprieche geschenkt.

[19] Firwat dann d’Gesetz? Ma et gouf wéinst den Iwwertriedunge dobäigesat, bis den Nokomme komme géif, deem d’Versprieche gemaach gouf. Et gouf duerch Engelen iwwermëttelt mat Hëllef vun engem Mëttelsmann.

[20] E Mëttelsmann implizéiert méi wéi eng Partei, Gott awer ass een.

[21] Steet dann d’Gesetz am Géigesaz zu de Versprieche vu Gott? Op kee Fall! Wann d’Gesetz nämlech d’Muecht hätt, fir Liewen ze schenken, da kéim d’Gerechtegkeet effektiv duerch d’Gesetz.

[22] Mee d’Schrëft späert alles ënnert der Sënn an, fir datt d’Versprieche wéinst der Trei vum Jesus Christus deene ka geschenkt ginn, déi gleewen.

[23] Éier de Glawe koum, ware mir ënnert der Gard vum Gesetz, agespaart bis de Glawen, deen nach komme sollt, opgedeckt géif ginn.

[24] Dofir war d’Gesetz eisen Erzéier, fir eis bei Christus ze leeden, fir datt mir duerch de Glawe gerechtgesprach géife ginn.

[25] Mee elo, wou de Glawe komm ass, sti mir net méi ënnert engem Erzéier.

[26] Dir sidd nämlech wéinst dem Jesus Christus all Kanner vu Gott duerch de Glawen,

[27] well dir all, déi dir a Christus gedeeft gouft, Christus ugedoen hutt.

[28] An him gëtt et kee Judd a kee Griich, kee Sklav a kee Fräien, kee Mann a keng Fra, dir sidd nämlech all een duerch Christus Jesus.

[29] Wann dir Christus gehéiert, da sidd dir dem Abraham seng Nokommen an och Ierwe laut dem Verspriechen.

De Bréif un d’Galater — Chapters