Skip to content
Opens in a new window

[1] Bleift dofir standhaft an der Fräiheet, fir déi Christus eis fräi gemaach huet. Loosst iech net nees d’Jach vun der Sklaverei opleeën.

[2] Passt op! Ech, de Paul, soen iech: Wann dir iech beschneide loosst, dann déngt iech Christus guer näischt.

[3] Ech behaapten nees: Jiddwer Mann, dee sech beschneide léisst, ass dozou verflicht, dat ganzt Gesetz anzehalen.

[4] Dir sidd vu Christus entfriemt, well dir probéiert, iech duerch d’Anhale vum Gesetz ze rechtfäerdegen. Dir sidd vun der Gnod ofgefall.

[5] Am Geescht erwaarde mir nämlech wéinst dem Glawen d’Hoffnung op Gerechtegkeet.

[6] Wéinst Christus Jesus ass et nämlech egal, ob mir beschnidden oder onbeschnidde sinn; mee wat zielt ass de Glawen, deen duerch d’Léift wierkt.

[7] Dir hat grouss Fortschrëtter gemaach. Wien huet iech dovunner ofgehalen, der Wourecht ze follegen?

[8] Déi, déi iech iwwerriet hunn, sinn net vun deem ausgaangen, deen iech beruff hat.

[9] E bëssen Deessem deet de ganzen Deeg opgoen!

[10] Ech si vun iech duerch den Här iwwerzeegt, datt dir keng aner Meenung wäert hunn. Deen, deen iech doruechter bréngt, muss säin Uerteel droen, egal wien hien ass.

[11] Geschwëster, wann ech nach ëmmer d’Beschneidung verkënnege géif, firwat ginn ech dann nach ëmmer verfollegt? Wann dat de Fall wier, da wier jo de Stolperstee vum Kräiz aus dem Wee geraumt!

[12] Ech géif mir wënschen, datt déi, déi iech beonrouegen, esou wäit géife goen a sech selwer géife kastréieren!

[13] Geschwëster, dir gouft nämlech zur Fräiheet beruff. Dir sollt just net är Fräiheet als Virwand gebrauchen, fir de Kierper zefriddenzestellen. Villméi déngt iech géigesäiteg duerch d’Léift!

[14] Dat ganzt Gesetz ass nämlech an där enger Ausso resuméiert: „Hief däin Nächste gär wéi dech selwer.“ (3. Moses 19,18)

[15] Wann dir een deen anere bäisst a verdillegt, da gitt uecht, datt dir iech net géigesäiteg zerstéiert.

[16] Ech soen awer: Lieft duerch de Geescht. Esou stellt dir d’Begierlechkeete vum Kierper net zefridden.

[17] De Kierper begiert nämlech dat, wat géint de Geescht geet, an de Geescht begiert dat, wat géint de Kierper geet. Déi zwee schaffe géinteneen, esou datt dir net maache kënnt, wat dir wëllt.

[18] Wann dir awer vum Geescht geleet gitt, da sidd dir net ënnert dem Gesetz.

[19] D’Dote vum Kierper sinn evident. Déi sinn: d’Bestietnes briechen, andeems ee friemgeet, onerlaabte Sex, Onmoraleschkeet, e verduerwent Liewen,

[20] Gëtzendéngscht, Hexerei mat Drogegebrauch, Feindschaften, Streidereien, Näid, Roserei, Rivalitéiten, Ausernanersetzungen, Divisiounen,

[21] Jalousie, Mord, Saufereien, exzessiivt Gefréiss a soss därgläichen. Ech soen iech et am Viraus, esou wéi ech iech et ewell deemools sot: Déijéineg, déi esou liewen, ierwen d’Kinnekräich vu Gott net.

[22] D’Fruucht vum Geescht ass awer Léift, Freed, Fridden, Gedold, Frëndlechkeet, Guttheet, Trei,

[23] Duussheet a Selbstbeherrschung. D’Gesetz ass net géint all dat.

[24] Déi, déi zu Christus gehéieren, hunn de Kierper zesumme mat de Leidenschaften a Begierlechkeete gekräizegt.

[25] Wa mir duerch de Geescht liewen, da loosst eis och dem Geescht nogoen.

[26] Loosst eis net iwwerhieflech sinn, andeems mir een deen anere provozéieren a jalous een op deen anere sinn.

De Bréif un d’Galater — Chapters